Ech sinn nach net esou wäit fir meng eegen Top 10 vum Joer néier ze schreiwen. Engersäits well munnech Filmer nach ze frësch a mengem Gedächtnis sinn, anerersäits well Filmer wéi Inherent Viceoder Wild et nach net bis iwwert den Atlantik gepackt hunn.
Vu dass den Owend d’Oscars sinn, wollt ech awer emol mäi Pefferkär zu den aacht fir de beschte Film nominéierte Wierker lass ginn. Eng Rei Kritiker hu vun engem schwaache Joer geschwat, a kloer hätt ee kënnen eng ganz Palett aner Filmer hei nominéieren. Och meng eegen Top 10 wäert wéineg Iwwerschneidungen mat dëser Auswiel hunn. An awer muss ech soen, dass an dësem Joer de Choix vu Filmer net esou extrem enttäuschend ass, wéi et schonn emol a leschter Zäit war. Dës Filmer sinn eng vertrietbar Auswiel, déi d’Filmjoer 2014 net all ze schlecht representéieren.
Continue reading