E fragille Wonsch no Stasis

Leit, déi dem David Simon, Createur vun der amerikaneschen Tëleesserie The Wire – enger Serie iwwer organiséiert Verbriechen zu Baltimore – op Twitter followen, sinn an de leschte Méint Zeien vun engem interessante Spektakel ginn. All Kéier wann de Simon, dee bekannt dofir ass, sech gären an dacks politesch ze äusseren, eppes zum Theema Rassismus kommunizéiert huet, sinn Trollen aus de Lächer geschoss, fir him virzewerfen eng rassistesch Tëleesserie produzéiert ze hunn. Firwat dëse Virworf? Well an The Wire Drogendealer an der Reegel Schwaarz sinn.

Wien dat un d’Kontrovers ëm de Casting fir d’Lëtzebuerger Krimiserie Capitani erënnert, läit awer dernieft. An The Wire sinn d’Dealer zwar majoritär Schwaarz, mee och ofgerënnten, handlungsfäeg Personnagen, déi genee esou enger eegene Motivatioun nogoe kënnen, wéi dass se och d’Affer vun historeschen a systemeschen Ongerechtegkeete sinn. De Virworf, The Wire wier rassistesch, bleift grad heiwéinst schwéier pechen. Wéinst senger holistesche Vue op d’Konstellatiounen am Mikrokosmos Baltimore, entkënnt d’Serie dem simplistesche Syllogisme, dass Drogendealer per se schlecht sinn, an et dofir rassistesch ass, wa se vu Schwaarze Schauspiller gespillt ginn.

Bei Capitani feelt verschiddene Kritiker a priori de Glawen dorun, dass eng änlech nuancéiert Representatioun méiglech ass. Ouni en Dréibuch gelies ze hunn, fält e Jugement zwar schwéier; mee sou amüsant a spannend déi éischt Staffel deels och war, war se eppes sécherlech net: subtil. Et ass also verständlech, dass bei deem eng oder aneren, wéi si de Casting-Opruff gelies hunn, d’Alarmklacke gelaut hunn. Ëmsou manner iwwerzeegend war dann och de Versuch vun engem Journalist, dësen Opruff ënnert anerem ze verdeedegen, andeem s en dorop opmierksam gemaach huet, hei wier et jo ëm e Casting vu Statisten an net vu Schauspiller gaangen. Grad ewéi wann de Fakt, dass Schwaarz Mënschen den Hannergrond atmosphäresch dekoréiere sollten, net de Kär vum Problem gewiescht wier.

En deeglaange Shitstorm war d’Konsequenz vun dësem Meenungsbäitrag. Wéi d’Publikatioun vun engem Lieserbréif haut noleet, schéngen awer och all dës Diskussiounen net zu enger aneren Approche an der Kanalstrooss gefouert ze hunn. An hirem Text huelen déi zwee Auteuren, en Däitsch- an e Philosophieprofesser, d’Capitani-Kontrovers als Ulass, fir sech ënnert dem Deckmantel vun der Satir hire Frust vum Leif ze schreiwen.

Et ass ee mëttelméisseg cleveren Trick, dee si vun Ufank u versichen, ze spillen. Well si sech selwer als Satiriker ginn, dierfe si natierlech Saache schreiwen, déi eigentlech ze wäit ginn. Dat hat deemools beim Böhmermann sengem Erdogan-Gedicht jo och 1A geklappt.

Zil vu Satir soll et jo sinn, mënschlecht Feelverhalen ze ridiculiséieren, fir dass den Eenzelen, oder d’Gesellschaft als Ganzt, sech idealerweis bessert. Just: wéiee Feelverhalen hunn déi zwee Auteuren hei eigentlech erkannt? Wat sinn d’Sënnen, déi d’Affer vun hirer Kritik, begaangen hunn? A wéi stelle si sech déi verbessert Gesellschaft vir?

Eis Feeler sinn, an hiren Aen, esou einfach ewéi se och villfälteg sinn: Jonk Mënschen sinn ze sensibel, well se sech Inklusivitéit an eng gerecht Representatioun wënschen. Besser wier, si wiere manner esou a wéilte manner dovun.

Sécherlech kéint ee mengen, dass nodeem d’Auteuren fir hir éischt Analogie direkt an d’Nazikëscht gegraff hunn, si hiren Äifer iergendwéi gebremst kriten. Mee fir ze weisen, wéi lächerlech si d’Fuerderungen vu jonke Leit fannen, fidderen si den Text weider mat abstruse Vergläicher. Mir stellen zum Beispill fest: De Wonsch no gendergerechter Sprooch ass gläichzesetzen mat engem Wonsch, dass Piraten a Filmer net als Krimineller duergestallt, ginn, well dat de Sven Clement verletze kéint.

Et fält natierlech schwéier d’Ironie ze ignoréieren, dass et grad e Philosoph ass, deen op enger slippery slope ausrutscht, fir eis ze warnen, dass wa mir net elo mat dëse sëllege Spiichten ophalen, mir eiser Gesellschaft an 10 Joer en irreparabele Schued zougefüügt hu wäerten. Mee et ass wéineger d’logesch Pertinenz vun der Argumentatioun, wéi déi eenzel Prämissen, déi zu dëser Konklusioun féieren, déi unecken.

Sou stéieren sech d’Auteuren iwwert de ganzen Text un der Virstellung, dass e binären Gendersystem net méi eiser Zäit entsprécht. Fir dëst ze ënnermaueren, maache si widderhuelt de Geck mat Versich, fir inklusiv Sprooch ze benotzen. Ee Mol sinn et Wëllef, en anert Mol ass et de Faust (Däitschproff oblige!), an zu gudder Lescht ass et dem Michel Rodange säi Renert, déi gegendert ginn. Bei all deem Genderwirrwarr, an deem si sech gefaange fäerten, ass de Renert dann och nach ongewollt zum Wollef mutéiert. Si widdersetze sech mat hirem Text konsequent Fuerderungen, dass Fraen a Minoritéiten a Politik, Konscht, Sprooch a Gesellschaft op eng Aart a Weis representéiert ginn, mat där si sech identifizéiere kënnen.

Dem eigentlechem Ophänkert vun hirem Text, der Capitani-Kontrovers, hu si zum Ofschloss op jiddwer Fall laang Äddi gesot. Wiere si dobäi bliwwen an hätten hir Usiicht erkläert, firwat de Casting-Opruff net problematesch ass – vläicht wier et jo souguer en interessante Bäitrag ginn. Am Géigendeel bleift e Potpourri vu misogynnen an anti-gender Andréck zeréck. Eng Kritik un existéierenden Ongerechtegkeeten an de Wonsch no enger méi equitabele Gesellschaft gëtt als d’Handelen vun enger Sittenpolizei ofgedoen. De Lieser waart eigentlech just drop, dass iergendwann d’Wuert “orwellsch” optaucht.

Letztendlech ass dëse Lieserbréif awer virun Allem Ausdrock vun engem fragille Wonsch no Stasis, dee Verännerung d’office als Verschlechterung wouerhëlt. Dobäi ass déi sensibelst Reaktioun, wéi sou dacks, déi, fir bei enger vermeintleche Gefor iwwerzereagéieren a mat Kanounen op Spatzen ze schéissen. Wiem en Genderstär esou vill Angscht mécht, dass e fäert, d’Zivilisatioun géif bis 2031 zu enger ongerechte Sittendiktatur verkommen, deem kann et am Moment net esou schlecht goen. Eigentlech eng gutt Ausgangslag, fir deenen nozelauschteren, fir déi d’Joer 2021 scho genuch Schwieregkeete parat hält, a sech op e Perspektivewiessel anzeloossen.

Dofir kucke mer d’Saach och mol positiv: Wéinstens wäerten dës Auteuren sou bal net op d’Iddi kommen, den David Simon als Rassist ze vernennen.

Photo credit: Radfahrer*innen absteigen: Aufkleber an einem Hinweisschild in Kiel (Hörnbrücke), Coyote III (CC BY-SA 4.0)

One thought on “E fragille Wonsch no Stasis

Leave a Reply