person using android smartphone

Handye ran an d’Schoulen

D’Diskussioun iwwert d’Stellung vum Handy an der Schoul ass keng nei. Nei entflaamt gouf se a Lëtzebuerg awer spéitstens mam Lieserbréif vum Georges Urwald, Museksprofesser, am Luxemburger Wort, de 17. Dezember d’lescht Joer. A sengem Bréif erkläert hien, deen en Aarbechtskolleeg vu mir ass an deen ech als nodenklechen an engagéierten Enseignant schätzen, dass hie sech eng politesch Decisioun wënscht, déi d’Handyen vum Terrain vun de Schoule verschwanne léisst. Hie begrënnt dat mat engem humanisteschen Usproch: méi Fokus op sech selwer, méi Zesummenaarbecht, méi Rou am Ëmgang mateneen dank engem „geschützte Raum“, an deem de permanenten Afloss vum Medialen gedrosselt gëtt. Decisioune, wéi dat vill beschwate Verbuet an Holland ab nächstem Joer, respektiv am Lycée Ermesinde zum Ufank vum neie Schouljoer, setzen dat ëm, wat hie sech wënscht.

Haut ass et dann um Marc Thill, Editorialist am Wort, fir sech dësem Appell unzeschléissen, a sech e konsequent Verbuet vun den Handyen ze wënschen. Mee aneschters wéi de Georges Urwald, dee sech zentral d’Fro stellt, wéi d’Technologien eis Konzentratiounsfäegkeet beaflossen, monéiert den Thill pauschal den Zäitverloscht an d’Onselbststännegkeet, déi duerch d’Handyen verursaacht ginn. Fir hien mussen d’Handyen aus de Schoule raus, well si de Schüler „Fake News, Pornografie, Hass, krude Theorien und das schreckliche Schaulaufen der Eitelkeiten“ bidden an domat d’Jugend verdierwen. An do gëtt et da méi schwéier, mat der Argumentatioun nach matzegoen. Mee der Rei no. 

Firwat Handyen a Schoulen kritesch betruecht gi kënnen

Grënn, firwat een d’Presenz vun Handyen a Schoulen kritesch betruechte kéint, gëtt et sëllegen. Jonken e Raum ze bidden, an deem si deconnectéiert sinn a sech reng op hir eegen Entwécklung konzentréiere kënnen, ouni sech Gedanken driwwer ze maachen, wat soss an der Welt lass ass, ass sécher e sënnvollt Zil. Informatiounen ze kompartmentaliséieren, de Fokus op eenzel Aktiounen ze leeën a sech net permanent oflenken ze loossen vun Externem, si Fäegkeeten, déi all Mënsch gutt ze Gesiicht stinn. Wa Schoulen dat iwwert de Wee, dass si – temporär oder konsequent – dës Externalitéiten aus der Welt schafen, hikréie géifen, wier sécher kengem Jugendleche geschuet. Am Géigendeel.

An ouni Zweiwel, den Drock, deem Jonker sech selwer aussetzen iwwert hir Presenz an de soziale Medien ass reell, genee esou wéi d’Phänomeen vum Cyberbullying. Do wou Leit aus menger Generatioun, am Alter vu 14-15 Joer, wa se aus der Schoul heemkomm sinn, zwar net komplett ofschalte konnten, mee awer wéinstens net fäerte misste, weidere Geforen duerch Matschüler*innen ausgesat ze sinn, gëtt et fir déi Jonk haut quasi keng Paus. Souwuel wärend de Schoulzäiten, wéi och duerno, si si der stännege Gefor vun Attacken ausgesat. D’Konsequenzen op hir mental, emotional a physesch Gesondheet, déi dëst hu kann, sinn evident. 

Och Spillsucht ass en existéierende Probleem, deen, duerch d’Omnipresenz vum Handy am Liewe vun de Jonken, méi visibel ginn ass. Viller gräife quasi reflexaarteg an all kuerzer Paus zum Handy fir nach séier e Level an engem vun hire Spiller an Ugrëff ze huelen. Anerer scrollen wéi an Trance duerch TikTok oder Instagram. An natierlech sinn d’Risiken, dass een sech iwwer Filterbubblen radikaliséiere kéint, grad bei Jonken, besonnesch besuergneserreegend. Géint all dës Probleemer sollte Schoule konsequent virgoen.

Vun aktuelle Méiglechkeeten a Pabeiertigeren

An aktuell ass et jo schonn esou, dass d’Schoulen dat am Prinzip maache (kënnen). D’Schoulgesetz vum Secondaire seet dozou kloer a sengem Artikel 42, dass „la confiscation temporaire d’un objet qui est interdit dans l’enceinte du lycée ou au cours“ eng Méiglechkeet ass. Dat heescht, verbidden ech d’Notzung vum Handy am Cours, kann ech en ofhuelen, falls de Schüler en awer ouni Erlabnis benotzt hätt. Dat ass am Fong net anescht, wéi wann e Schüler onerlaabt sech d’Hoer kämmt, oder eng Schülerin ënnert der Bänk d’Luxemburger Wort liest. Den Enseignant huet d’Recht, déi Objeten ofzehuelen, wat duergoe misst, fir d’Notzung vum Objet an domat d’Oflenkung anzeschränken.

Iwwert dëse Wee kann eng Schoul verschidden vun deene geféierlechsten Auswüchse verhënneren oder op mannst emol agrenzen. Handytäschen oder -këschten kënne weiderhin dozou bäidroen, dass d’reflexaartegt Gräifen nom Handy verhënnert gëtt. Mee eleng d’Experienz mat dësen misst all Enseignant un der Effikassitéit vun engem generelle Verbuet vun Handyen zweiwele loossen. Well et ass jo déi eng Saach, eppes ze verbidden, mee eng ganz aner Saach, fir z’iwwerpréiwen, ob d’Verbuet och agehale gëtt. A wéi all Mënsch, deen emol op enger Lëtzebuerger Strooss Vëlo gefuer ass, a sech iwwert annerhallwe Meter Sécherheetsofstand freet, weess, ass e Verbuet, wat net iwwerpréift gëtt, eigentlech keent.

D’Léisung, déi dacks proposéiert gëtt, ass déi, dass Schüler*inne moies virun der éischte Stonn hiren Handy ofginn an en no der leschter Stonn zeréckkréien. Vum administrativen Méiopwand mol ofgesinn, léist esou eng Mesür de Problem net, mee schaaft amplaz just Raum, fir no Schlupflächer ze sichen. D’Fëmmen ass prinzipiell an allen ëffentleche Gebaier verbueden an awer richt et op ville Schüler*innentoilettë landeswäit no Zigaretten. Firwat? Well op Toilettë keng Surveillance gehale gëtt, a soulaang Schüler*inne sech net géigesäiteg verklapen, kee beim Fëmmen erwëscht gëtt. Handyen ze verbidden an anzesammelen, géif a ville Fäll dozou féieren, dass al Maschinnen ofgi ginn, wärend een säin aktuellt Gerät bei sech hält. Not macht erfinderisch – a fir op déi Iddi ze kommen, brauche Schüler*innen net vill Imaginatioun. D’Notzung vun den Handyen verlagert sech einfach op déi Plaze, wou keng Surveillance stattfënnt, wéi zum Beispill Toiletten. Et ass eng Léisung, déi déi Jonk dozou verulaasst sech ze verstoppen an allgemeng eng Atmosphär vu Mësstrauen an Iwwerwaachung fërdert, déi hinnen an hiren Enseignanten weder perséinlech nach am Sënn vun hire Léierprozesser dénglech ass.

Donieft: Villes vun deem, wat een als negativ Effekter vun Handyen op Jonker unhuele kéint, spillt sech kaum bis guer net an der Schoul of. Cyberbullying, zum Beispill, steet oft a Relatioun mat der Schoul, well d’Bezéiungen, déi et erméiglechen do geschaaft ginn, mee gëtt manner do praktizéiert, well een an der Schoul eben och op direktem Wee en aneren ugräife kann. Stonnelaange Konsum vu soziale Medien fënnt ausserhalb vun der Schoul statt, well souguer bei duerchlässege Proffen, et schwéier virstellbar ass, dass Schüler*innen e ganze Schouldag iwwer hiren Handy benotze kënnen. Den Handy ze verbidden ass sou gesinn, wéi wann ee wéilt den Doping am Tour de France verhënneren, an deem ee Blutttransfusioune wärend den Etappe verbitt. En Handyverbuet ass deemno näischt anescht wéi e Pabeiertiger, dee säi genannten Zil verfeelt, a schlëmmstefalls esouguer d’Bezéiung tëscht Schüler*innen an Enseignantë verschlechtert.

Wéi Schoule mat Handyen ëmgoe kënnen

Wann d’Zil e sécheren, reflektéierten Ëmgang mat neie Medien ass, dann däerfen Handyen deemno net aus Schoule verschwannen. Vill méi mussen se, dem SAMR-Modell no, an den Unterrecht mat agebonne ginn. De Marc Thill schreift a sengem Editorial dass, wa Mënsche keng Handyen hätten, déi si oflenken, se méi Zäit hätten, Heelmëttel géint Kriibs ze erfuerschen oder Konscht ze schafen. Mee dësen, d’Grenzen vum Sënnhaften strapazéierende, Verglach, kreéiert de falschen Androck, dass Fuerschung a Konscht nëmmen da stattfanne, wann een a Rou mat engem Bic an engem Blat Pobeier sech senger Aarbecht widme kann. Esou eng Ausso léisst komplett ausser Uecht wéi modern Technologien souwuel an der Fuerschung wéi och an der Konscht agesat gi kënnen. Se ignoréiert ausserdeem, wéi Communautéit an Interaktivitéit e positiven Effekt op Léieren, Fuerschen a Kreativitéit hu kënnen. Et ass jo net esou, dass, wa mer just keng sozial Medien méi hätten, mir alleguer op eemol zu neie Marie Curien a Shakespearen géife ginn ­– d’Welt ass dann awer méi komplizéiert.

Wat Schoulen dofir brauchen si Mediennotzungskonzepter, déi sech net nëmmen op Smartphones beschränken, mee all méiglech Technologien, wéi Tablets oder Softwares, déi op sougenannter kënschtlecher Intelligenz baséieren, mat abezéien. Schoulen sollen sech net froen, ob jo oder nee, mee wéi (net), wat (net), wéini (net) a firwat (net). Schwéier virstellbar wat fir ee pädagogesche Sënn een doran erkenne soll, wann d’Schoul e Verbuet vun Technologien als ultima ratio betruechten a sech der inhaltlechen Ausernanersetzung mat hinne verschléisse soll. Vill méi mussen dach Pedagogen erkennen, wéi eng Methoden an Outilen si asetze kënne, fir hire Schüler*innen ze hëllefen. Natierlech ass dat net einfach. Mee sech ondifferenzéiert eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten ze verbidden, ass eng Kapitulatioun virun der Komplexitéit vun der moderne Welt, an net e Schrëtt zum Schutz vu Jonken, déi op der Sich no hirer Plaz an dëser sinn.

Net réischt zënter dem John Dewey ass et eng primordial Aufgab vun der Schoul, dass si sech mat Realitéiten an net just mat Abstraktioune befaasst. D’Existenz vu Smartphones ass esou eng an d’Notzung dovunner am Schoulalldag reng ze theoretiséieren, dréit kaum dozou bäi, dass e gesonden Ëmgang mat de Medien erléiert gi kann. Géifen Handye verbueden, kéim d’Schoul deemno net méi hirer Roll als demokratesch Institutioun no, well si sech weder vum demos géif beweege loossen, andeem s si Stréimungen aus der Gesellschaft ophëlt a sech zu Notze mécht, nach demokratiséierend wierke géif, andeem si Léisungen fir Probleemer beschwätzt, ausschafft an engem breede Public presentéiert. 

Give a little respect

Dass de Marc Thill ofschléissend mengt, et misst een de Jonken, Smartphones an Tablets ofhuelen, well hinnen dorop Zougrëff ze loossen, en Zeeche vu Respektlosegkeet hinne géigeniwwer wier, ass natierlech eng staark Ausso. Mee ech huelen d’Polemik un. A mengen Aen wier et méi respektlos Jonken, d’Fäegkeet, sech multipellen Interessen an Opmierksamkeeten ze widmen, ofzeschwätzen. Et ass méi respektlos, ze mengen, dass eeler Generatiounen, déi hiert ganzt Liewen kollektiv duerch eegen Ofhängegkeeten, sief et medialer Form oder soss, opgefall sinn, iwwert den Zougrëff vu Jonken op wesentlech Bestanddeeler vum soziale Liewen hautdesdaags, entscheeden dierfen. An et ass méi respektlos, an de Raum ze stellen, dass Jonker net dozou capabel sinn, e kriteschen a selwer gesteierten Ëmgang mat techneschen Outilen ze erléieren, a quasi viru sech selwer geschützt gi mussen.

De Marc Thill huet mech iwwerzeegt. Handyen a Schoulen ze verbidden ass net nëmmen eng simplistesch Reaktioun op e ganz komplext gesellschaftlecht Theema. Et ass respektlos. Dofir mäi Plaidoyer : Handye ran an d’Schoulen.

Leave a Reply