Info

De Blog Pianocktail gëtt et zënter 2006, an huet an all deene Joren verschidde Formen ugeholl.

Aus Schüler si Studente ginn, déi iergendwann prett fir d’Aarbechtswelt waren, an net méi déi Zäit haten, reegelméisseg e Blog mat Inhalten ze fëllen.

Elo ass Pianocktail an enger ofgespeckte Versioun erëm online. Wäertvoll eeler Artikel wäerten no an no nees publizéiert ginn, wärend ech op mannst mol versiche wäert och vun Zäit zu Zäit eppes Neies ze schreiwen.

– Chris