four assorted color roosters

100 Deeg Haass

De Marc Lies erkläert dem 100komma7, seng gewielte Wierder wieren zwar e Feeler gewiescht, mee eben och “komplett aus dem Kontext gezu ginn”. 

De Kontext wuel gemierkt ass dësen: Zu Hesper si fënnef Hénger de Kapp ofgeschloe ginn. Den Député-maire Lies huet doropshi gemengt, de Besëtzer vun den Hénger sollt mam Här Asselborn schwätzen, deen “während Joren ‘open the Gates’ propagéiert huet. Fir lo nees law and order anzeféieren gëtt extrem schwéier mat eiser kompletter derugéilerter [sic] Gesellschaft”. De Jean Asselborn war als Minister fir d’Immigratioun zoustänneg. Den eenzegen novollzéibare Grond, wéisou een de Jean Asselborn also froe sollt, firwat dës Hénger gekäppt goufen – wann een Bezuch op eng angeeblech “open the Gates” Politik hëlt – ass déi, dass de Jean Asselborn ze vill Auslänner (dorënner Geflüchter) an d’Land gelooss huet, an eng vun dëse Persoune fir den Dout vun den Hénger responsabel si soll. Donieft géif dës Präsenz vun Auslänner a Lëtzebuerg et onméiglech maache, fir Sécherheet ze suergen. 

Zum Kontext gehéiert och, dass de Marc Lies 55 Joer al ass, säit 24 Joer e politescht Mandat huet a säit 15 Joer an der Chamber sëtzt a Buergermeeschter ass. De Marc Lies ass kee politeschen Neophyt, deem mol eppes erausrutscht. Vum Marc Lies misst een erwaarde kënnen, dass hien seng Wierder beduecht wielt a sech bewosst ass, wat se bewierke kënnen. Well dat hei ass jo och net säin éischte Facebook-Kommentar, an deem hien, eng – soe mer mol – gewoten Ausdrocksweis gewielt huet. Nach am Juli d’lescht Joer, tëscht den zwee nationale Walgäng, huet hien op Facebook geschriwwen: “Fort mat deem grénge Krom!” De Kontext hei war de Vott iwwert der EU hiert Renaturéierungsgesetz. Just fir de Fall, dass een et doraus zéie wéilt. Wuel gemierkt, akzeptéiert den Här Lies et, dem 100komma7 géigeniwwer, net, “an de rietsen Eck geréckelt” ze ginn.

Genee esou wéineg wéi den Här Lies ass de Léon Gloden e politeschen Neiling. Wéi de Marc Lies ass hien 2000 an de Maacher Gemengerot komm an ass 2009 an d’Chamber komm, awer réischt 2011 Buergermeeschter ginn. Awer léisst hien sech dozou hiräissen, ze behaapten, Heescherte géifen “mat décken däitsche Limousinnen mat belsche Placken an d’Stad kommen”, obwuel et heifir keng Beweiser ze gi schéngt, wéi hien an der Äntwert op eng Question parlementaire zougi misst. E Feeler bei senger Wuertwiel huet hie, menges Wëssens no, bis elo net ëffentlech agestan. 

Mee alternativ ginn d’Heescherte jo mat wäisse Camionetten, wou nach d’Nimm vun den Entreprisen dropstinn, op d’Kalchesbréck gefouert, wou si dann an de – gratis! – ëffentlechen Transport ëmklammen, sou wéi d’Madamm Beissel et an der Emissioun Riicht eraus mam Astrid Lulling behaapt huet. D’Madamm Beissel seet an dësem längere Gespréich villes, wat verwerflech ass. Hie Wuertwiel war méi wéi onglécklech, wa se ënnert anerem seet, si géif d’Heescherten “dauernd fidderen” an d’Problemer kloer als Folleg vun der Immigratioun aus Rumänie beschreift. Dass si sech onglécklech ausgedréckt huet, huet si dem 100komma7 géigeniwwer awer och agesinn. A si huet sech dofir entschëllegt, “well dat lo ugeholl gëtt, datt dat soll gemaach ginn” – net well si wéisst, dass et ubruecht ass, wuelgemierkt. Hir Aussoen, déi si an dem Video, deen net live iwwerdroe gouf an an deem si handgeschriwwen Notize virun sech leien huet, wëll si “am Eifer des Gefechts” gemaach hunn. D’Madamm Beissel war 1991 fir d’éischt am Gemengerot, 1999 fir d’éischt Schäffen an an der Chamber.

D’Corinne Cahen, fréier Ministesch an haut Schäffen an der Stad, kritiséiert dogéint, dass Leit “nuets net schlofe kënne, well Remmidemmi ass virun der Dier” a justifiéiert domat hiren Zousproch zu engem Heescheverbuet, wat nuets guer net spillt. Op Nofro erkläert si dofir och, dass et beim Heescheverbuet “guer net ëm d’Heesche” geet. Donieft géif si net mengen, dass iwwerhaapt een bestrooft gëtt wéinst dësem Verbuet. Et muss een awer net esou vill Erfarung hunn, fir sech a sengen Aussoen ze verieren. Esou war ech enttäuscht, dass déi soss intelligent a reflektéiert wierkend nei Deputéiert, Françoise Kemp, nach dëse Samschdeg am RTL Background, vun engem Blat d’Parteilinn virgelies huet, dass et beim Heescheverbuet “ëm dat aggressiivt Heesche geet an d’mendicité organisée”. E Refrain, deen zwar net der Wourecht entsprécht, mee vun der Justizministesch, iwwert de Policeminister, sëllegen Deputéierten a Lokalpolitiker bis hin zum Premierminister ëmmer weider widderholl gëtt, wéi wann d’Leit net capabel wieren, d’Wierder “toute autre forme de mendicité” als de Géigendeel dovunner ze verstoen. 

Ee Moment Paus am Text, wärend deem mir dem Paul Galles, dem soziale Gewësse vun der CSV, seng Meenung zu all deem op eis awierke loossen: “…”.

Wat all dës Aussoe gemeinsam hunn, ass, dass se engersäits eis Wourechte virspille wëllen, déi eis Aen, Oueren a Gedanken net als sollecher ophuele kënnen. De Begrëff vum “gaslighting” gëtt dëser Deeg vu verschiddene Leit bal reflexiv ugewant, mee trëfft an dësem Kontext – a Kontext ass wichteg, wéi de Marc Lies eis wëssen deet – zou. Et gëtt eis virgemaach, dass d’Realitéit eng aner ass, wéi dat, wat mir empiresch wouerhuelen. Et gëtt zwar keng Beweiser dofir, dass d’Heescherten an d’Stad kutschéiert ginn, mee et ass awer esou. Et gëtt zwar keng statistesch Beweiser dofir, dass en Heescheverbuet néideg oder effektiv ass, mee zënterhier ass alles besser an d’Buergermeeschtesch dankbar. Et gëtt zwar keng Beweiser dofir, dass d’Hénger vun Awanderer gekäppt goufen, mee eigentlech ass et jo just ëm d’Sécherheetssituatioun gaang. Et steet zwar Schwaarz op Wäiss am Gemengereglement, dass all Form vun Heesche viséiert ass, an iwwerhaapt ass jo all Form vun Heesche souwisou verbueden, woufir dat Reglement am Fong jo net néideg si misst, mee dunn awer néideg war, well d’Stad jo vum Staat eleng gelooss ginn ass, an dofir eppes verbidde misst, wat souwisou scho verbuede war, well si et net an de Grëff kruten, well et gläichzäiteg och net verbuede war (dem Schrödinger säin Heescheverbuet, quoi), a leider kee vun de Stater Schäfferotsmemberen, déi gläichzäiteg och an der Chamber souzen (Polfer, Wilmes, Beissel, Mosar, you name them) d’Zäit a Loscht hat, de Problem an hirer Funktioun als Staat iwwert eng proposition de loi ze léisen, well si dann net méi an hirer Funktioun als Stad d’Schold fir de Problem engem aneren, deen si selwer gläichzäiteg och waren, gi kéinten. Fuck. Onéierlech sinn, ka scho komplex ginn.

Wat all dës Aussoen och gemeinsam hunn, ass, dass se d’Perceptioun vun eisem Land méi elle maachen. Mir sinn zwar nach net beim Donald Trump sengem “American carnage”, mee dem Marc Lies säi “Byebye Lëtzebuerg” jauft awer am Päerdsgalopp an déi Richtung. Den Androck, dee vermëttelt gëtt, ëmmer erëm, ass, dass d’Awanderer, d’Auslänner, d’Flüchtlingen, déi Aarm eist Land méi geféierlech, méi ellen a manner liewenswäert maachen. Et ass eng Demagogie, déi sech net ëm Fakte këmmert. Et ass dacks ganz einfach Haass. 

De Marc Lies bedauert, dem 100komma7 géigeniwwer, dass een “hei am Land villes net méi däerf soen”. Hie läit komplett falsch. Am Géigendeel sollte mir eis glécklech schätzen, dass et an dësem Land, Mënsche gëtt, déi deen Haass net toleréieren, an en als genee dat beschreiwen, wat en ass. Mir sollte frou sinn iwwert all journalistesche Bäitrag, dee kritesch domat ëmgeet, wa Politiker sech esou onduerchduecht äusseren an eis net vun der Kritik un eise Medien duerch de Luc Frieden, de Georges Mischo oder och de Marc Lies (“Press, déi just nach op PR aus ass, amplaz Basics”) blende loossen. Well och wann en Här Weidig elo ervirkënnt, fir ze verhënneren, dass den Här Lies “monddout” gemaach gëtt, muss ee jo feststellen, dass et fir hien, wéi fir d’Madamm Beissel, absolutt keng Konsequenz vun der Partei gëtt. 

Heescherten an Drogekranker kréien e Platzverweis. Mënschen, déi Haass verbreeden, e klärend Gespréich.

Eis nei Regierung ass zënter knapps méi wéi 100 Deeg am Amt an et vergi kaum Deeg an deem et keng negativ Schlagzeile wéinst Decisiounen oder Aussoe vu Leit aus hirem Lager gëtt. Dobäi si si, gréisstendeels, keng blann Ufänger. Dës Leit wësse, wat si maachen. Si wësse wéi d’Ëffentlechkeet funktionéiert. Si treffen deemno bewosst Entscheedungen, esou opzetrieden, wéi si et maachen. A wann si dat maachen, da sollte mir si beim Wuert huelen an esou ophuelen, wéi si sech ginn. When someone tells you who they are, believe them.

Vläicht géif eis gutt doru leien, all hir Messagen esou wouerzehuelen. Well da wäert eis kloer ginn, wien et ass, deen eist Land méi elle mécht. 

Leave a Reply