light bulb picture on notebook cover

Ech muss net all Meenung aushalen. Eng Kritik mat Prezisioun.

Wéi den Jonathan Swift säin „A Modest Proposal“ publizéiert huet, gouf et keng rosen Äntwerten, esou eppes dierft een dach net schreiwen. Et huet keen sech doriwwer geiergert, dass seng bescheide Virschléi publizéiert goufen. Et huet kee sech gewënscht, den Auteur sollt sech aneren Theemen widmen. Net, well deemools d’Debattekultur eng besser war – anert Theema, mee hutt dir schonn emol nogelies, wat vum, soe mer mol, 17. bis 19. Jorhonnert an Zeitungen als Debattekultur duerchgaangen ass? Verschidden Editorialiste géifen haut wuel zu Richsalz gräifen, wa si sou eppes materliewe missten, mee zeréck zum Punkt… – mee well d’Lieser woussten, dass hien et net eescht gemengt huet. Säi Virschlag den Honger an Irland ze bekämpfen, an deem een d’Kanner ësst, wouduerch een och manner Persounen ze fidderen hätt, war eendeiteg Satir.

Mee mol ugeholl haut géif een schreiwen, mir sollte Kanner iessen an et eescht mengen: Misst d’Gesellschaft dat aushalen? Oder dierft d’Gesellschaft do kloer ze erkenne ginn, dass et Grenze vun deem gëtt, wat geduecht a gesot ginn dierf. D’Ines Kurschat, seet an hirem Edito am Luxemburger Wort vum 8. August, dass si dat dierf, an erkläert och, wou d’Grenze sinn: „Allerdings muss nicht jede (Gegen-)Rede geduldet werden. Die Grenze verläuft dort, wo menschenverachtende Positionen salonfähig gemacht werden, wo diskriminiert und persönlich diffamiert wird.“ Et ass also kloer: Ried, déi mënscheveruechtend Positiounen eng Plattform gëtt, déi diskriminéiert oder perséinlech diffaméiert ass net erlaabt. Mee Kritik dorunner sollt een awer mat Prezisioun maachen: „Genau zuhören, präzise antworten“.

Challenge accepted.

Firwat Koalitioune mat Rietsen OK sinn, wéi am Wort beschriwwen.

Hiren Edito inspiréiert sech un der Kritik, déi den Wort-Auteur Jan Kreller wuel wéinst sengem Bäitrag vum Samschdeg, 5. August, an deem hien d’Pro-Säit an enger Debatt doriwwer, ob Koalitioune vu konservative Parteien mat Rietspopulisten (wéi Vox oder AFD) akzetabel sinn, erfueren huet. Ech hunn net matkritt, dass dës iergendwou ausgeufert wier, ka mer et opgrond vu mengem eegene Bauchgefill, wat ech bei der Lektür hat, awer virstellen. 

Wat genee huet den Här Kreller da geschriwwen, a muss d’Gesellschaft dat, sech op der Madamm Kurschat hire Krittäre baséierend, aushalen?

Den Här Kreller leet säin Text an mat enger Generalkritik un diffuse Begrëffer, déi dem lénke Spektrum zougeuerdent ginn: „Wokeness, Veganismus, gendergerechte Sprache und politische Korrektheit“. Korrekterweis gëtt hien ze bedenken, dass dës Uleiessen gréisstendeels Nischen an eiser Gesellschaft bedéngen an net onbedéngt vu Majoritéite gedroe ginn. Mee doduerch, dass hien „Wokeness“ an „politesch Korrektheet“, wat weder prezis Standpunkten nach Beweegunge sinn, net definéiert, ass och net kloer, wat et ass, dat hien hei genee als fir d’Gesellschaft irritéierend wouerhëlt. Dofir, dass déi „allermeisten Menschen“ sech esou spieren, nennt hie keng Quellen. Et vermësst een d’Genauegkeet, déi sech d’Madamm Kurschat wënscht.

A wéi fern den Här Kreller genau nogelauschtert huet éiert hien dësen Abschnitt verfaasst huet, ass sécherlech och debattéierbar: „Isst Du Fleisch, hast Du kein Gewissen. Wenn Du in den Flieger steigst oder den Autoschlüssel umdrehst, bist Du ein Klimasünder. Wenn Du gegen Laissez-faire in Bezug auf Migration bist, wirst Du sogleich ein- oder besser: aussortiert. Du verweigerst Gendersprech? Das Urteil steht fest: Alter weißer hetero cis-Mann und absolut von gestern.“

A firwat déi Argumentatioun wéineg Sënn mécht…

Den Här Kreller behaapt, no dëse karikaturale Wierder, d’Politik géif sech vun haarde Minoritéiten, déi all dëst fuerderen, dreiwe loossen. D’Realitéit ass awer déi, dass de Fleeschkonsum net nëmmen erlaabt ass; Kantinnen an ëffentleche Schoulen zerwéieren véier Deeg d’Woch Fleesch an d’Landwirtschaft gëtt vum Staat subventionéiert. Nach d’lescht Joer huet eis Regierung en Tankrabatt beschloss fir Autofuerer virun der Präisdeierecht ze schützen an et gëtt keng Steier um Kerosen. D’EU verschäerft ëmmer nees d’Reegelen, wat d’Migratioun betrëfft; an inklusiv Sprooch gëtt néierens virgeschriwwen. Och net am Luxemburger Wort, wou den Auteur seng Zeilen schreiwen dierf. Et dierf also schon erlaabt sinn, ze froen, wat wierklech d’Basis ass, fir dem Här Kreller seng Argumentatioun, dass eng lénk Minoritéit d’Politik viru sech dreift, wat am Géigenzuch d’Wieler an d’Hänn vu rietse Parteien dreiwe soll.

Wou huet een eng änlech Argumentatiounsketten rezent eigentlech schonn emol héieren? Ah jo: D’NATO huet sech ëmmer méi Richtung Osten erweidert, wouduerch Russland keng aner Wal hat, wéi an d’Ukrain anzemarschéieren, well d’NATO an hiert legitimt Interessegebitt agedrongen ass, an domat Russland existenzielle Froen ausgesat huet. Ergo ass d’NATO Schold um Krich un der Ukrain. Dat soe, wuel gemierkt, net ech, mee Apologeten vum russeschen Amarsch an d’Ukrain. An argumentativ ass et zimmlech dat selwecht, ob een dësen Narrativ ënnerstëtzt, oder ob een Mënschen, déi fannen, et sollt ee kee Fleesch iessen an dorop oppassen, eng inklusiv Sprooch ze benotzen, d’Schold doru gëtt, dass Rietsextremer gewielt ginn.

… an doduerch rietspopulistesch Positioune salonsfäeg mécht.

An et ass genee déi Argumentatiounsketten, déi déi Riets selwer benotzen. Si bedéngen sech deenen Narrativen, déi den Här Kreller opgezeechent huet an déi, wéi gesot, kenger Realitéit entspriechen, fir Leit ze veronsécheren an an hiert Lager ze zéien. Et sinn d‘Methoden vun Desinformatioun a Veronsécherung, déi si benotzen an déi den Här Kreller hei, ob bewosst oder onbewosst, sech och zu eege mécht, déi d’Irritatioun géigentiwwer „Wokeness“ a Veganismus erkläre kënnen. Der Madamm Kurschat hirer Definitioun vun deem, wat net toleréierbar Ried ass, no, hätte mir heimat also schonn en éischte Krittär, deen erfëllt wier: Den Här Kreller mécht nämlech ganz wuel mënscheveruechtend Positioune salonsfäeg, andeem s hien dës Minoritéitsuleiessen, déi net am Zentrum vun der Politik ukomm sinn, iwwerspëtzt, fir riets Parteien als „Korrektiv“ ebe just dovunner ze bezeechnen.

Well vu wéi engem Korrektiv schwätzt hien hei? Vun enger Partei, wéi der ADR, bei där e Kandidat, dee Kleedung mat SS-Runen drop, ugedoen huet, vun der Lëscht gestrach gouf, wärend anerer mat Kameraen duerch de Garer Quartier lafen, fir virun de Geforen do ze warnen? Vun enger AfD, bei där Politiker dovu schwätzen, et sollt een un der Grenz op Flüchtlinge schéissen, déi Klimawandel leent an déi weiderhin e Politiker an hire Reie behält, deen, op geriichtleche Beschloss hin, däerf als Faschist bezeechent ginn? Oder vläicht eng VOX, déi sech nom Franco seent; Fidesz oder Pis, déi Pressefräiheet an de Rechtsstaat aschränken; d’Giorgia Meloni, wat d’Rechter vun Homosexuelle beschneit? Wie genee vun deene Leit, déngt elo als Korrektiv, a firwat erwäänt hie just eng sëllege Schlagwierder vun der „lénke“ Politik, wéi se vun dëse Politiker gär ernimmt ginn, mee geet iwwerhaapt net op d’politesch Positioune vu sengem angebleche Korrektiv an? Vläicht, well d’Positioune vun dësen, an der Balance, eben nach manner gesellschaftsfäeg sinn, an dofir léiwer net ausgeschriwwe ginn?

Deemno, jo, dem Här Kreller säin Text erlaabt et, mënscheveruechtend Positioune salonsfäeg ze maachen, andeem s hien dat, wat Leit, déi dës anhuelen, bekämpfen, mat kritiséiert an et ënnerléisst hir eege Positiounen duerzeleeën. D’Madamm Kurschat schreift zwar: „Wer einen Beitrag zu rechten Parteien aber zu einer Verteidigung von Rechtsextremismus umdichtet, muss sich fragen lassen, ob er es mit dem ehrlichen Meinungsaustausch ernst meint.“ Mee wien dem Här Kreller säin Text opmierksam liest, mat der Genauegkeet, déi d’Madamm Kurschat fuerdert, gesäit ganz wuel, dass et sech hei net ëm e „Beitrag zu rechten Parteien“ handelt. Et ass vläicht keng explizitt Verdeedegung vu Rechtsextremismus, mee et ass eng explizitt Ënnerstëtzung dovunner, dass rietsextrem Parteien a Koalitiounen opgeholl ginn, fir d’Auswüchse vu lénkse Parteien ze verhënneren. Man merke: Parteien, déi géint Homosexueller an trans Persounen hetzen, déi Flüchtlingen am Mëttelmier erdrénke loosse wëllen, déi sech manner streng Waffegesetzer wënschen an d’Pressefräiheet aschränken, gehéieren un d’Muecht, fir dass nëmme keen en Teller Geméis iesse muss.

Wien huet Angscht virum transgender Mann?

Et kéint ee mir elo virwerfen, dass ech dat – a menger Roserei – alles iwwerspëtzen. Vläicht. Mee en zweete Krittär, deen d’Madamm Kurschat erwäänt, fir ze erklären, wéi eng Ried net an eiser Gesellschaft toleréiert gi soll, ass dat vun der Diskriminéierung. A souguer, wann een alles dat, wat ech bis elo geschriwwen hunn net als legitim Erklärung, firwat dem Här Kreller säin Text mënscheveruechtend Positiounen ënnerstëtzt, unhuele wëll, gëtt et awer nach e weidere Punkt, wou ech net nëmmen dës Ënnerstëtzung erkennen, mee souguer Diskriminéierung wouerhuelen. Et ass dee Moment, wou hie vun „Transgender-Ideologie“ schreift.

Einfach gesot: Et gëtt keng Transgender-Ideologie. Et gëtt just Mënschen, déi transgender sinn. An déi Mënsche verfollege keng Ideologie, mee wëllen einfach just d’Méiglechkeet hunn, esou an der Gesellschaft ze funktionéieren, ouni Aschränkungen a Virurteeler opgrond vun hirer Identitéit, ewéi all anere Mënsch och. De Begrëff „Transgender-Ideologie“ ass mënscheveruechtend an diskriminéierend, well en transgender Leit ënnerstellt, dass si kollektiv iergendeng Iwwerzeegungen an Ambitiounen hunn – an de kloren Androck erweckt, dass dës perfid sinn –, ausser déi, e liewenswäert, fräit a séchert Liewen ze féieren. Den Här Kreller gëtt opgrond vu senger Wuertwal ze erkennen, wou seng eegen ideologesch Loyalitéiten bei dësem Theema leien.

D’Madamm Kurschat schreift ofschléissend an hirem Text: „Eine Welt jedoch, in der alle dasselbe denken, in der von vornherein Redeverbote herrschen, wäre an Vielfalt ärmer. Mit einer offenen, bunten Gesellschaft hat das nichts mehr gemein.“ Ech wëll dem Här Kreller net verbidden, seng Meenungen ze hunn oder ze äusseren. Ech wëll awer ganz sécher a Fro stellen, ob déi gréisst Lëtzebuerger Dageszeitung – „Für Wahrheit und Recht“ – sech an enger Zäit, wou d’Ëmfrowäerter vu rietse Parteien a ganz Europa klammen, wou Gewalt géint Minoritéiten nach ëmmer un der Dagesuerdnung ass, a wou virun allem jonk Männer ëmmer méi no riets driften, sech et erlabe kann, e Meenungsartikel mat esou enger dënner Faktenlag, dee ganz offensichtlech Positiounen iwwerspëtzt an anerer ënnerschléit, fir geféierlech politesch Beweegungen an den Aen vun der Lieserschaft ze legitiméieren, ofzedrécken. Ech stellen a Fro, ob et richteg ass, dem „Pro“ an der Diskussioun, ob rietspopulistesch Parteien legitim Koalitiounspartner sinn, iwwerhaapt eng Plattform ze ginn, besonnesch dann, wann en op dës fragwürdeg an onéierlech Aart a Weis presentéiert gëtt. Ech stellen a Fro, a wéi fern, esou eng Zort vun Text zu enger oppenen a bonte Gesellschaft bäidréit.

Ass meng Kritik prezis genuch?

Leave a Reply