goldfish in water

Sonst schwimmen die Fische ans Fenster und schauen herein – En Opruff.

Die Buben lesen alles. Aber sie lesen nur, um spötteln zu können. Sie leben in einem Paradies der Dummheit, und ihr Ideal ist der Hohn. Es kommen kalte Zeiten, das Zeitalter der Fische.‟

„Der Fische?‟

„Ich bin zwar nur ein Amateurastrolog, aber die Erde dreht sich in das Zeichen der Fische hinein. Da wird die Seele des Menschen unbeweglich wie das Antlitz eines Fisches.‟

A leschter Zäit – an dat ëmmer méi oft – froen ech mech, wéi déi kommend Generatiounen am Réckbléck iwwert eis denken. Et geet hei guer net mol drëms, wien an eiser politescher Landschaft schlussendlech “recht an onrecht” huet; esou e Schwaarz-Wäissdenken ass net mäin Uleies. Et geet drëms, wéi mir an där Landschaft mateneen ëmginn a wéi et dozou kënnt, dass den Diskurs ëmmer méi polariséiert, an d’Fronten ëmmer méi verhäert ginn, an drëms wéi eist Land, Europa an déi ganz Welt an 10 oder 20 Joer ausgesinn, wa mir näischt dorun änneren. Ech muss a wëll op dëser Plaz net drop agoen, wéi d’Grondviraussetzunge vun eiser Welt sech an de leschte Joren verännert hunn – dat ass eis all bewosst. Wichteg ass mir, wat mir maachen, fir domat ëmzegoen. 

An do si mer da bei dem Passage aus dem Ödön von Horváth sengem Roman Jugend ohne Gott, wou dat uewen zitéiert Gespréich tëscht dem Julius Caesar an dem Lehrer stattfënnt. De Julius Caesar, e fréieren Aarbechtskolleeg, deen net besonnesch sympathesch ass an a sengem Liewen éier versot huet, mécht awer eng ganz wichteg Beobachtung fir d’Virkrichszäit an den 30er Jore vum leschte Joerhonnert. Vill Leit spieren et, vill Leit gesinn, dass eng Katastroph bevirsteet, mee et verspiert een eng gewëssen Ohnmacht, sech entgéint ze stellen. 

Mir haten am Joer 2023 e “Superwaljoer” mat Gemengen- a Chamberwalen. Dat Bild wat sech bei mir am Nogang festsetzt, ass dat elo och hei d’Onart ukomm ass, wéineger mat Fakte, mee méi mat knackege Sloganen ze Punkten. Dëst ass och legitim, wann een dann och an der Suite eng Léisung parat hätt, wat awer oft genuch net de Fall war. Sou goufe geziilt verschidde Krisen an Defie géinteneen ausgespillt (Klima géint Logement, Migratioun géint Integratioun, Aarmutsbekämpfung géint Sécherheetsgefill, etc.), eng Atmosphär vu Mësstraue geschaf, an där fragwürdeg Feindbiller geschaf goufen (mat der Suite, dass Plakater verschandelt a Leit an hirer Privatsphär ugegraff goufen) a wéineger inhaltlech debattéiert wéi mat einfachen a pauschale Léisungen hantéiert. An Table Ronden hat oft genuch den éischten dee geschwat huet d’Méiglechkeet, einfach mol e puer Spréch rauszehaen, wouropshin d’Kontrahente fir d’éischt emol domat beschäftegt waren, e puer Saache richteg ze stellen an da keng Zäit méi haten, selwer e Punkt ze setzen.

Et ass richteg, dass et an enger komplexer Welt méisam ass, ze verlaangen, ëmmer dat Grousst a Ganzt am Bléck ze hunn an op der anerer Säit vum Spektrum oft genuch vun de Politiker de Feeler gemaach gëtt, ze komplizéiert ze argumentéieren an iwwer Saachen ze schwätzen, déi d’Leit net direkt an onmëttelbar siichtbar tangéieren. Trotzdeem kann ee vun enger Persoun, déi sech enger Wal stellt, verlaangen, sech un en demokratesche Moralkodex ze halen an sech sengen Aussoen a virun allem de méigleche Suitë bewosst ze sinn. De Punkt ass elo hei am Land erreecht, dass an d’Chamber gewielte Vertrieder Journalisten a Kënschtler ëffentlech bedroen. Haass an Zwietracht gi geséit, gemeinsam Feindbiller gi geschaf an den Diskurs gëtt ëmmer méi gëfteg. Eng Demokratie lieft vu verschiddene Meenungen a Stréimungen a kann a muss vill aushalen. Wann awer de Punkt erreecht ass, wou geziilt Feelinformatioun, Polariséieren, perséinlech Ugrëff a versichte Beschneide vun der Meenungsfräiheet zum deegleche politesche Geschäft zielen, da fäerten ech, dass mer e Kipppunkt erreecht hunn.

Wann ech also iwwert eis Gesellschaft an hirem aktuellen Zoustand nodenken, dann denken ech ëmmer fir d’éischt un den uewen zitéierte Passage. Dëst soll net heeschen, dass mir all Fësch oder Schof sinn, déi den Duerchbléck net hunn. Dëst soll och net als Opruff zu Revolutionärem mëssverstane ginn. Am Géigendeel: 

Dëst soll als Opruff déngen, ze hannerfroen, wat de Rôle vun all eenzelem an eiser Gesellschaft ass a si kann. 

Et soll och en Opruff dozou sinn, erëm eng gesond Sträitkultur, ouni Desinformatioun a bewosste Provokatioune géint eenzeler ze etabléieren. 

Et soll en Opruff sinn, eis Demokratie héich ze liewen an erëm iwwer d’Saach u sech ze schwätzen a mat Fakten ze argumentéieren an net en Vue vun enger perséinlecher Karriär, déi iwwert allem steet. 

Et soll en Opruff sinn, an engem politeschen Debat duerchaus ze streiden, mee eben andeems ee faktesch an inhaltlech, mee net perséinlech argumentéiert. Ugrëff op d’Privatsphär vun enger Persoun mussen en absolutten Tabu sinn.

Et soll en Opruff dozou sinn, sech grad elo ze iwwerleeën, wéi ee Land a wéi eng Gesellschaft mir eisen nächste Generatiounen hannerloossen. 

Schlussendlech soll et en Opruff sinn, dass sech déi Leit, déi sech um demokrateschen Debat bedeelegen, sech symbolesch zesummen dinn a gemeinsam géint ondemokratesch a geféierlech Tendenze stellen. 

Mir ass bewosst, dass dës Iwwerleeungen d’Welt net retten. Et wier och naiv ze denken, dass se eis politesch Landschaft zu Lëtzebuerg onmëttelbar beaflossen. Am Roman philosophéiert de Protagonist am Soff: “Sonst schwimmen die Fische ans Fenster und schauen herein.” Ech wëll awer net nokucken, wéi eis Gesellschaft vergëft gëtt an dat, wat joerzéngtelaang opgebaut gouf, duerch Desinformatioun an ongefiltert Verbreedung vun Haass zerstéiert gëtt. Ech wëll net, dass mer an engem Schwaarz-Wäissdenke stieche bleiwen a just nach mat Gutt oder Schlecht, Richteg oder Falsch argumentéieren: Ech wëll, dass mer zesumme schaffe kënnen, matenee streide kënnen a gemeinsam Léisunge fannen.

Komm mer stellen eis zesumme géint ondemokratesch Tendenzen a versichen, de politeschen Diskurs hei am Land e Stéck wäit méi gesond, méi demokratesch ze gestalten. Komm mer waarden net bis mer just nach vu baussen nokucke kënnen an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. 

An der Hoffnung, dass dës Gedanken e Prozess zeréck an eng konstruktiv a positiv Sträitkultur mat a Gang setzen.

Max Pesch

Heeschbreg, Januar 2024.

Leave a Reply