bicycle parked under stone wall

#mvos – Mam Vëlo op Sharm El-Sheikh

De Rick Mertens wëll net Froe stellen, hie wëll Äntwerte kréien. Bei him ginn Interviews an der Reegel zum Handwierk: hie buert, hie pickt, hie schléit och mol mam Hummer drop. Oder anescht: Duerch eng perfekt Preparatioun, geziilten Nofroen an och mol en Iwwerraschungsmoment, mécht hien et senge Gäscht seelen angeneem. All Nolauschterer vum Radio 100komma7 weess, dass dat vun engem vu sengen Interviews ze erwaarden ass. Et ass erstaunlech, dass de Paul Galles dat scheinbar bis dësen Donneschden net wosst

Vu Sharm El-Sheikh war de Galles zougestallt, wou hien als ee vun zwee Lëtzebuerger Deputéierten sur place d’Chamber op der COP-27 vertrueden huet. Zesumme mam Jessie Thill (déi gréng) huet hien en Tandem gebilt, wat déi zukunftsorientéiert Elementer vun hire Parteien an d’Vitrinn stelle sollt. Dass hien dobäi al genuch ass fir dem Thill säi Papp ze sinn – ouni dass engem en “Dann ass en awer jonk Papp ginn!“ iwwer d’Lëpse rutsche géif – ass Ausdrock vun der organisatoresche Schwächt vu senger Partei, mee näischt wat een him perséinlech un de Kapp geheie misst.

An awer mécht de Kontrast zum Thill méi wéi evident, wat fir eng eigentlech interessant Figur de Paul Galles parteiintern mee och an der nationale Politik allgemeng ze si schéngt. Als “jéngste Boomer an eelste Millennial“ huet de Woxx-Journalist Joël Adami hie mol op Twitter bezeechent. Genee do an och op anere Kanäl versicht de Galles sech a seng Politik, mat Hëllef vun Emoji an Hashtags, als modern ze inzenéieren. Vill Leit mengen hie wier méi jonk wéi en ass, well e manner altbacken eriwwerkënnt wéi änlech al Parteikolleg*inne vun him et dinn. Wéi passend d’Beschreiwung vum Adami, déi d’Inkongruenz tëscht senger Method a sengen Usiichten highlight, war, ass dofir spéitstens säit sengem Interview um 100komma7 net méi vun der Hand ze weisen. 

De Rick Mertens bitt dem Paul Galles e relativ soften Astig, wann hien hien op säin Trajet an Ägypten uschwätzt an nofreet, op déi dobäi entstanen CO2-Emissiounen et derwäert waren. De Galles bestätegt, dass dat “eng ganz gutt Fro“ ass, an dass d’Schwieregkeet vun den entstanenen Emissiounen him “net egal“ gewiescht wier, mee et eben dorëms gaangen wier eng Balance tëscht “Zäitinvest, Sécherheet um Wee an Presenz sur place“ ze fannen. An déi war him wuel wichteg. Dass dëse Besoin vun engem Greta Thunberg als Versuch vu “Mënschen a Muechtpositiounen“, fir sech selwer just ze profiléieren, gesi gëtt, versteet hien zwar. Ugesprach fillt hien sech awer net. Well hien huet jo verschidden Aufgaben op der COP wouerhuele kënnen : engersäits d’Begleedung an d’Kontroll vun eiser Regierung, anerersäits awer och d’Méiglechkeet Kontakter ze knäppen an sech selwer ze informéieren.

D’Wichtegkeet vun der Informatioun ënnersträicht hien net nëmmen an dësem Interview, mee och an de soziale Medien an den Deeg virun der COP. Ob d’Äerdschëff bei Réiden, e Rond-point an der Schwäiz, “neist technologesch Entwécklungen“ oder e Pavillon vu Pazifikinselen, de Klimanoutstand ass fir de Paul Galles primär Ulass fir e perséinleche Léierprozess. Vläicht ass et jo dat, wat d’CSV ëmmer mat qualitativem Wuesstem mengt. Dass bei sengem Striewen no Wëssen a Mënschebegéinen, Konkretes och mol op der Streck bleift – wéi zum Beispill, dass hien den Debat iwwer d’Ëmgestaltung vun der rue des Aubépines am Stater Gemengerot verpasst hätt, wann dësen net kuerzfristeg reportéiert gi wär – ass dobäi en négligeablen Nieweneffekt.

Well ëm Konkretes geet et dem Paul Galles net wierklech. Bei Klimaléisungen geet et net ëm Handlungen, déi dem neiste wëssenschaftleche Stand Rechnung droen. Et geet ëm d’Gefill, wat mer dobäi hunn. Bezeechnend heifir dësen Dialog:

Mertens: Mee zousätzlech Klimamesüren, déi elo wierklech d’Emissiounen nach méi staark géife reduzéieren, wëllt der am Fong net huelen?

Galles: Nee, et geet drëms, also mir deelen op alle Fall dat Zil vun Europa vum fit for 55 an och wat op Lëtzebuerg erofdeklinéiert ginn ass, eben fir 2030 déi 55 % vun CO2 an CO2 equivalenten Emissiounen ze reduzéieren, an 2050 CO2-neutral ze sinn, absolut do…

Mertens: Am Moment soe jo awer all d’Previsiounen viraus dass dat wat bis elo geschitt ass net duergeet an dass mir déi Ziler warscheinlech net wäerten erreechen?

Galles: Ganz genau, mee do sidd der grad op deem Punkt, dee mer virdru beschwat hunn. Dat betrëfft net Lëtzebuerg, dat betrëfft dee weltwäite Verbond an do hu mir grad déi grouss Thematik hei op der COP: Wéi komme mer… 

Mertens: Et betrëfft och Lëtzebuerg. Dofir grad meng Fro: Wat géift der hei zousätzlech maachen fir dass déi Klimaziler hei am Land géifen erreecht ginn, par rapport zu deem wat d’Regierung souwisou scho mécht?

Galles : Mir géifen, par rapport zu deem wat d’Regierung scho mécht, dee PNEC, dee mer hunn an dee mer vun den Ziler hier richteg fannen, dee géife mer méi a konkret Aktiounen duerchdeklinéieren…

De Rick Mertens bitt dem Paul Galles ëmmer erëm – véier mol fir genee ze sinn –d’Geleeënheet, dorop anzegoen, dass déi aktuell Ziler bei wäitem net duerginn, fir de schlëmmste Previsiounen entgéint ze wierken an ze erklären, wat d’CSV dann anescht maache wéilt. De Galles mierkt et entweder net oder hien ass effektiv net gewëllt, d’immens Erausfuerderungen, déi d’Klimakris mat sech zitt, wierklech eeschthaft ze diskutéieren. Säin Discours fokusséiert sech dofir éischter dorop, wéi d’Leit kënne matgeholl ginn. Ganz nom Motto: Maybe the real climate crisis was the friends we made along the way.

Ersiichtlech gëtt dat nees, wann de Rick Mertens zum Schluss vum Gespréich op den allgéigewäertege Virworf vun der grénger Verbuetspolitik ze schwätze kënnt. Nees véier mol muss hien nofroen bis de Galles sech mat dem Theema Verbueter beschäftegt. Bis dohin geet et him ëm d’Gefill, wat d’Leit hunn, wa si sech géint d’Klimakris stemmen. Et geet him ëm d’“Approche, wéi ee mat de Leit ëmgeet“, déi net dierfe gesot kréien, dass si de Problem sinn oder ënner Drock gesat gi sollen, mee wësse sollen, dass si virun allem och d’Léisung sinn. Der CSV geet et dorëm Vertrauen opzebauen an dass en “Enablement“ stattfënnt. Gefrot, ob et duergeet “zousätzlech Ureizer“ ze schafen, fir dass d’Leit hiert Verhale veränneren, bestätegt hien: “Jo, jo, dat mengen ech op alle Fall.“ Dat wat d’Wëssenschaftler viraussoen, dass kënnt, wann net konsequent gehandelt gëtt, hëlt hien deemno manner eescht wéi déi inexistent Verbueter, bei deene seng Partei warnt, dass se komme kéinten. “Et gouf Elementer, wou gesot ginn ass, ‘Et däerf ee lo kee Fleesch méi iessen, et däerf een hei net méi, et däerf een do net méi.’“  

Fir de Paul Galles ass d’Klimakris also net dee groussen Defi vun eiser Zäit. Et ass just een Deel vun enger gesamtgesellschaftlechen Approche, bei där een Soziales, d’Wirtschaft, Covid a Krich als änlech wichteg Elementer betruechte muss. Senger Angscht, dass Fleeschkonsum verbuede gi kéint, wëllt hien entgéige wierken andeems op lokal a regional Produktioun gesat gëtt. Well eng Lëtzebuerger Kou fuerzt bekanntlech net. De Paul Galles lueft deementspriechend ausdrécklech d’Demonstranten op der COP, fir déi “net nëmme Protest“ zielt, mee déi sech och fir “politesch Organisatioun“ asetzen. “Déi maachen dat hei relativ gutt.“ Natierlech kéint een him elo entgéigenen, dass d’Protestéierer nach ëmmer fir méi wéi just renge Protest gestanen hunn, mee eng Defense vun hinne géint dem Paul Galles seng Onwëssenheet soll elo hei net d’Theema sinn. Et geet méi dorëm, wéi hie sech virstellt, dass eng funktionéierend Politik ausgesi soll.

An do kënnt een net derlaanscht sech nach emol dem Joël Adami seng Beschreiwung vun him duerch de Kapp goen ze loossen. De Paul Galles besetzt gär Theemen, déi jonk Mënsche beweegen. Hie wielt Kommunikatiounsweeër, déi si uspriechen, ouni dobäi esou wäit ze goen, dass eeler Wieler sech ofgestouss fillen. Mee hie geet dës Theemen letztendlech mat der selwechten Approche un, wéi d’CSV et nach ëmmer gemaach huet, a fëllt se inhaltlech mat genee den Usätz, déi e biergerlech-konservatiivt Weltbild vu virun engem Véierelsjoerhonnert schonn diktéiert hätt. Oder wéi hie selwer am Summer-Interview am Wort sot: “Mir geht es darum, Hoffnung auf Gerechtigkeit zu vermitteln. Gemessen an den positiven Reaktionen, die ich erhalte, haben sich diese Erwartungen erfüllt. Das gilt auch für den pragmatischen Ansatz in der Klimapolitik.“ Wann de Paul Galles d’Zukunft vun der CSV si soll, bleift d’CSV fest an hirer Vergaangenheet stiechen.

Bleift d’Fro, wéi hien als Perséinlechkeet heivunner ewechkënnt. Si seng ëffentlech geäussert Uleiessen him wierklech wichteg, bedeite seng Äusserungen zu méigleche Léisungsweeër, dass hie beschtefalls naiv ass. Oder dat Ganzt ass eng Masch an him si Klimaschutz an d’Ëmgestaltung vun eiser Liewensweis net esou wichteg. Vläicht kann een hien déi Deeg jo mol um Stater Chrëschtmaart treffen an duerno froen.

Pünktlech fir d’Ouverture dovunner war e jo zeréck aus Ägypten.

Leave a Reply