clear light bulb planter on gray rock

All I want for Superwaljoer is ideology

Pragmatesch Politik am Intérêt vum Bierger amplaz blann enger Ideologie hannendrun ze laafen, dat ass de Politikstil vun de Piraten, ob an der Gemeng oder op nationalem Plang 

(Sven Clement, Twitter, 28. August 2019)

En neien Dag, en neit Interview, en neien Artikel: An néierens entkënnt een him, dem gréisste Schreckgespenst an der haitege politesche Landschaft, dem Ursprong vun allem Béisem, dem Destillat vun allem, wat onsënneg an onräsonabel ass: Ideologie. Faarw: gréng, wéi Broccoli a Spinat, an dovun – dat weess all Kand, léisst ee léiwer d’Fangeren. Ideologie ass bäh. Wat dogéint gutt ass? Pragmatismus, Léisungen am Eeklang mat der Wirtschaft, de Bierger mathuelen.

Den Habitus fir Ideologie ze kritiséieren ass natierlech net nei. Kommunismus a Sozialismus sinn nach ëmmer als geféierlech Ideologien kritiséiert ginn, genee sou wéi verschidde Stréimungen aus dem rietse Spektrum. De Reflex, d’Existenz vun Ideologie u sech als kritikwierdeg duerzestellen, ass awer e Phänomen, dat rezent richteg u Schwong gewonnen huet. 

„Wir wollen die Art und Weise, wie Politik gemacht und vom Bürger erlebt wird, neu definieren und umsetzen.“ Dies sagte Marc Ruppert, ehemaliger DP-Generalsekretär, bei der Vorstellung der neuen Partei „Fokus“, die er gemeinsam mit dem früheren CSV-Präsidenten Frank Engel gegründet hat. Um dieses Ziel zu erreichen, setze man auf bürgerliche Werte, frei von Ideologien und eine pragmatische Vorgehensweise. 

(reporter.lu, 22. Februar 2022)

Et ass och net fir d’éischt an de leschte Joren, dass d’Denotatioun vun engem u sech nëtzleche Begrëff duerch eng konstant pejorativ Konnotatioun entstallt gëtt. De Sproochwandel, deen de “woke” Begrëff duerchlaf ass, ass e ganz änlechen. Ugefaang als Begrëff, dee vu Schwaarzen Amerikaner*inne benotzt gouf, fir d’Bewosstsinn fir sozial Ongerechtegkeeten ze beschreiwen, ass et relativ séier zum Schlagwuert bei der karikaturalen Duerstellung vun allem, wat net an e biergerlech wäertkonservative Kontext passt, ginn.

Dobäi kënnt een net derlaanscht d’Ironie ze notéieren, dass grad déi Mënschen, déi als elementaren Deel vun der „Wokeness“ de Versuch gesinn, d’Sprooch – zum Beispill duerch Genderen – ze veränneren, selwer d’Sprooch aktiv méi aarm maachen. Och d’Wuert “Ideologie” gëtt aktuell reegelméisseg mëssbraucht, fir politesch Géigner*innen ze diskreditéieren, mat der fatale Konsequenz, dass eis Sprooch an domat de Spektrum vum Virstellbaren reduzéiert ginn.

Parteipräsidentin Elisabeth Margue plädiert für eine pragmatische Politik, die nicht ideologisch gefärbt ist. 

(Marc Schlammes, Luxemburger Wort, 26. März 2022)

Gëtt d’zentral Bedeitung vum Wuert “Ideologie” ëmgedeit an negativ behaft, beschränkt dat d’Méiglechkeeten vum ideellen a politeschen Ausdrock an Handelen. Wann et, wéi vu verschiddene Politiker*innen a Kommentator*innen dëser Deeg proposéiert, negativ ze betruechten ass, dass eng Persoun sech enger Ideologie higëtt, da gëtt ideologiefräit Denken an Doen zur Wonschvirstellung. E gudde Politiker ass deemno een, deen net un eng Ideologie gebonnen ass, mee een dee pragmatesch ass.

Just de Géigendeel vun Ideologie ass net Pragmatismus, wéi déi meescht Kommentator*innen, déi sech eng entideologiséiert Welt wënschen, behaapten. Pragmatismus bedeit, dass een seng Handlungen duerno ausriicht, de gréisstméiglechen Erfolleg ze hunn. Et bedeit net, Handlungen ze wielen, déi fir denkbar vill Leit akzeptabel sinn, ouni dass een dobäi eppes ze verléieren hätt. Sinn d’Iddien, déi mat enger Ideologie verbonne sinn, praktikabel a vun Notzen, dann ass hir Uwendung deemno pragmatesch. Sech dëser Ideologie ze verschléissen wier et net.

Charles Goerens voit monter une nouvelle génération « qui sait ce qu’elle veut, qui est bien informée, pragmatique et qui n’est quasiment liée à aucune idéologie » : « Ils iront loin… En fait, ils sont déjà allés loin… » 

(Bernard Thomas, „L’année des Tigres“, d’Lëtzebuerger Land, 11. November 2022)

De Géigendeel vun Ideologie ass also éischter Willkür a Mediokritéit. An an dëser Willkür ass villes méiglech. Well Politiker*innen, déi komplett onideologesch sinn, si genee wéi hir Positiounen austauschbar an oendlech dehnbar. Wa si net mat klore Prinzipien un hir Aarbecht eruginn, si si eigentlech näischt anescht wéi duerch en demokratesche Prozess ausgewielte Manager an Administratoren. Si sinn Ausdrock vun enger Kultur, déi Perséinlechkeeten als méi wichteg ugesäit wéi d’Iwwerzeegungen.

An egal wéi gutt e Manager ass, verkënnt d’Demokratie, wann den Auswalprozess vun eise Representanten vun ideologeschen Iwwerleeungen entbonnen a just nach op Perséinlechkeeten cibléiert gëtt, zu engem Prozess, an deen d’Mediokritéit integral agebaut ass. Wien net mat anenee verknäppten Iddien Politik ugeet, ka wahrscheinlech och net fir déi Exzellenz stoen, déi sech d’Bierger*inne beim Walgang idealerweis vun hire Politiker*inne wënschen.

„Hinter den Grünen, besonders in Deutschland, steckt viel Ideologie. Das stört mich. Auch wenn ich für mehr Klimaschutz bin“, so der CSV-Politiker. Wer eine „determinierte Meinung“ vertritt, wie es Mosar formuliert, wird heftiger bekämpft.

(Florian Javel, Luxemburger Wort, 7. November 2022)

Eng Iddi ka gutt oder schlecht sinn. Deemno kann och eng Ideologie gutt oder schlecht sinn. Mee wéinst schlechten Iddien huet nach kee verlaangt, dass mir Iddien u sech opginn. Firwat sollten Ideologien, also zesummenhängend an openeen ofgestëmmten Iddien, verschwannen, just well et schlechter gëtt?

Eigentlech wier et wënschenswäert, wa Politiker*innen a Parteien sech traue géifen, elo virum Superwaljoer de Begrëff vun der Ideologie nees fir sech ze entdecken a positiv ze konnotéieren. Et wier wënschenswäert, wa Leit mat Iwwerzeegung optriede géifen an zu enger Ideologie stoe géifen, engem duerchdeklinéierte Katalog vun Iddien, déi aneneen iwwerginn, déi eppes Gesamtes bilden an déi op en Zil hischaffen.

Mir musse schonn eis Ambitioune ganz kloer erhéijen. Konkret Moossnamen mussen elo wierklech kommen, well wa mir just mat deem weiderfueren wéi et elo ass, dann erreeche mir dat Zil ganz sécher net. Da si mer éischter bei 2,8 Grad – an dat soen net ech, et ass elo net déi gréng, et geet hei elo wierklech net ëm iergendeng Ideologie, et geet ëm d’Wëssenschaft.

(Tilly Metz, Invitée vum Dag um 100komma7, 7. November 2022)

Si kéinte fir eng Ideologie stoen, déi mat Fakte schafft, mee sech gläichermoossen op theoretesch Virstellungen wéi d’mënschlecht Zesummeliewen praktesch ideal geléist gi ka, bezitt. Fir d’konkret Beispill vun der sougenannten a gréisstendeels just an der Virstellung vun hire Géigener*inne reelle “gréngen Ideologie” ze huelen, schéngt et evident, dass all d’Ziler, déi vun dëser formuléiert ginn, sech op wëssenschaftlech Erkenntnisser stäipen, an d’Léisungsweeër, déi doropshin ausmodelléiert ginn, versichen mat dësen am Eeklang ze sinn.

Et géif een sech vu Parteien vun all Couleur wënschen, dass si dëse Wee ginn. Ziler definéieren, Léisungsweeër dorop ofstëmmen, an dat Ganzt an e global gültege Kader setzen, deen d’eegent Iwwerleeën an Handelen regéiert. Just misst ee sou eng Approche dann Ideologie nennen an dee Courage feelt deene meeschte Leit hautdesdaags.

Dofir, léif Politiker*innen, mäi Wonsch fir d’Superwaljoer: Traut iech. Sidd ideologesch. A stitt dozou.

Leave a Reply