“What’s in a name?” freet d’Juliet op sengem Balcon, fir d’Äntwert selwer ze ginn – “A rose by any other name would smell as sweet.” Zouginn, d’Juliet well just eng verbueden Teenagerléift rationaliséieren, a beschäftegt sech net mat der ëm Längte méi wichtege Fro duerno, wéi en nationale Fussballstadion heesche soll. Mä seng Fro a Konklusioun stoussen awer d’Dier op, fir de Gedanken weider ze spannen, wéi de Stadion zu Gasperech heesche soll.
D’Juliet huet wuel Recht. Egal wéi de Stadion heescht, de Fussball deen dra gespillt gëtt, wäert wuel ëmmer selwecht ausgesinn. Mä Fakt ass och, dass dem Juliet seng Decisioun, sengem Romeo säi Familljennumm ze ignoréieren, hatt um Schluss d’Liewe kascht. Ganz esou einfach schéngt déi Geschicht mat den Nimm fir de Shakespeare dann awer net ze sinn: iergendeng Interaktioun tëscht dem Numm an dem Benannten schéngt wuel ze existéieren.
D’Haaptuleies: de Stade de Luxembourg also. En Numm esou simpel, dass gläichzäiteg keen a jiddweree sech dru stéiert. Och wa fir wierklech Roserei auszeléisen awer ze vill Logik am Numm stécht – wie kann éierlech a konsequent behaapten, dass dësen Numm e falsche Choix ass? – ass et kloer, dass et en oninspiréierte Choix ass. “Insipide, incolore, inodore,” hu mer an der Chimie geléiert. Mä e falsche Choix? Sécher net. De Stadion ass halt vun an a Lëtzebuerg – als Denotatioun kéint en net méi evident sinn. Den Argumenter géint den Numm ass, dank Geografie a Finanzéierung, séier den Zant gezunn.
An awer ass kee sou richteg zefridden, well een sech méi erwaart hätt. Dem Stadionnumm feelt et u Kreativitéit, fir dass e bei de Leit Inspiratioun an Identifikatioun ausléise kéint. Denotatioun geet an dësem Kontext dann awer villen net duer – e schwéiert Ageständnis, well een domat zougëtt, dass et Lëtzebuerg iergendwéi un eppes feelt. Wann den Numm u sech net genuch Bedeitung hiergëtt, dass een him iwwer Konnotatioun Positives ofgewanne kann, da läit am Kär vun der Saach eppes am Uergen.
E Bléck bei eis Noperen hëlleft dëst opzeklären. Den Numm vum franséischen Nationalstadion zu Saint-Denis bei Paräis, Stade de France berout op der selwechte Logik wéi de Stade de Luxembourg. Aneschters huet den Numm awer eng Aussokraaft, déi dem Lëtzebuerger Pendant komplett ofgeet. Dem Stadionnumm haft eppes Imperialistesches, Magistrales un. Am Numm fënnt een de Schlëssel zum Selbstbild vum Land. Frankräich als grande nation brauch keng kreativ Bäinimm fir Ehrfurcht auszeléisen.
Stade de Luxembourg kritt dat net hin – ze mann bleift dorun haften. Et wërft onweigerlech d’Fro op duerno, wat dat “Luxembourg” eigentlech ass, wat eist Selbstbild ass. An do gëtt d’Diskussioun quokeleg. Well d’Lëtzebuerg, wéi mir et an eiser moderne Mytheschreiwung duerstellen souwuel paranoid wéi och paradox ass.
An eisem Versuch eist Land ze definéieren si mer permanent hin- an hiergezunn tëscht dem Statement, dass eis 2586 Quadratkilometer en eenzegaartegt Vollek beherbergen, an dem Bild vun enger oppenen, käreuropäesche Gesellschaft. Engersäits bleift d’Angscht, dass een eis Staatlechkeet a Fro stelle kéint, déif verankert an eisem kollektive Gedächtnis. Sou ass “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn”, eist Nationalmotto, eng Ausso, déi dem Vollek eng Existenz als “anescht” vun deene ronderëm zousprécht.
Mä beim Versuch fir dëst Aneschtsinn mat Bedeitung ze fëllen, fale mir dacks an d’Fal, enger zirkulären Argumentatioun nozegoen. Ob duerch Flëss, Hiwwel, Wäin, Béier oder Wurscht fält et ëmmer schwéier ze konkretiséieren, wouru mir eist Aneschtsinn eigentlech festmaachen. A sou verfale mir dem Reflex dat Plakatiivt a Performatiivt ervirzehiewen – esou richteg lëtzebuergesch ass de Bauer mat den Hänn an der Täsch, de Pak Maryland Zigaretten, de Bop am Bistro.
Mä dëst Bild passt dann awer net zu eisem anere Mythos vun deem, wat Lëtzebuerg am Kär ass: oppen an e Schwamm fir aner Kulturen. Lëtzebuerg gesäit sech als kosmopolitesch an no bausse geriicht. Dofir sinn alternativ proposéiert Stadionnimm wéi “Léiwepark” an “Stade Louis Pilot” dann och iergendwéi einfach ze belächelen, si se dach sou kleng an onscheinbar – an entspriechen net eisem zweeten Ech, dem Aneschtsinn duerch Alles-sinn, dem Hotspot fir Finanzen, Kultur, Wëssen an Innovatioun.
Lëtzebuerg ass doduerch e Land, wat sech no bausse gär iwwert de Kierchbierg, no bannen iwwert Kierch a Bierg a Vakanz doheem definéiert. Dëst Janusgesiicht erschwéiert et, fir beim Bléck an de Spigel eng däitlech Äntwert op dat ze fannen, wat Lëtzebuerg ass. Dofir ass den Numm Stade de Luxembourg ultimativ frustréierend, well en als geographeschen Descripteur zwar onbestreidbar ass, mä dovun ofgesinn ze wéineg Bedeitendes ausstraalt. De Stadionnumm, deen elo gewielt gouf, ass zugläich Ufank a Schlusspunkt vun enger Diskussioun, zu där en näischt bäidréit.
Wat also maachen? Eng Léisung ze fannen, déi de verschiddenen Interessen a Mythen absolut gerecht gëtt, ass quasi onméiglech. An dach gëtt et eng, déi de Lëtzebuerger Wonsch no Aneschtsinn mat senger Oppenheet an Eeklang brénge kann, woufir e Bléck bei eis franséisch Noperen erëm Sënn mécht.
1998 gewënnt Frankräich fir d’éischte Kéier d’Weltmeeschterschaft am Fussball am eegene Land. Seng Ekipp opgebaut ëm d’Pilieren Laurent Blanc, Didier Deschamps, Marcel Desailly, Lilian Thuram, Zinedine Zidane an Youri Djorkaeff gëtt gefeiert als d’Generatioun “black-blanc-beur”, déi de gelongene franséische Multikulturalismus erëmspigelt. Ma schonn 60 Joer do virdrun ass Frankräich op enger WM am eegene Land ugetruede mat enger Ekipp, déi duerch Diversitéit bestach huet.
Wärend de Raoul Diagne den éischte schwaarze Spiller an der franséischen Ekipp war, gebuer a Guyane mat senegalesesche Virfaren, war den Abdelkader Ben Bouali den éischte Spiller mat algereschen Originnen. Nieft him waren och de Jean Bastien, de Michel Brusseaux, de Lucien Jasseron an de Mario Zatelli an Algerien gebuer, de Roger Courtois an der Schwäiz.
Den Alfred Aston hat en englesche Papp, den Hector Cazenave war naturaliséierten Uruguayer, den Auguste Jordan Éisträicher, de Laurent di Lorto hat italienesch Virfaren. Den Ignace Kowalczyk an de César Povolny ware gebierteg Däitschpolen. Fir mech am Interessantsten ass awer den Ersatzgolkipp, de Julien Darui, dee spéider vun der franséische Sportzeitung L’Équipe zum beschte franséische Golkipp vum Joerhonnert gewielt gouf.
Den Darui hat eng italienesch Mamm an e portugisesche Papp a gouf gebuer zu Uewerkuer. Wéi hien e Kand war ass seng Famill ausgewandert a Frankräich an do ass hien zu engem vun den innovatiivste Golkippen an der Geschicht vum Sport ginn. Dem Darui seng Emigratiounsgeschicht steet an enger Rei mat där vun anere Gréissten, déi mir a Lëtzebuerg gären als eis zelebréieren: dem Edward Steichen oder Hugo Gernsback, dem Michel Théato, eisem “éischten” olympesche Goldmedaillegewënner, dem Robert Schumann oder och dem Jules Hoffmann, “eisem” Nobelpräisdréier.
De Julien Darui huet virun 80 Joer, wéi e Steichen oder Schumann, bewisen, dass een aus Lëtzebuerg, dem Awanderungsland, dacks eraus muss fir zu Gréisst ze kommen. Egal wee mir vun hinne feieren, ass et de Schratt vu Lëtzebuerg ewech, dee si fir eis eréischt interessant gemaach huet.
Ma den Darui war fir d’éischt awer och d’Kand vun Immigranten – Nofueren vun den zwou Populatiounsgruppen, déi eist Land an de leschten honnert Joer am nohaltegste gepräägt hunn. Kuckt een haut op den Terrain, wann d’Lëtzebuerger Nationalekipp spillt, gesäit een onweigerlech den Impakt vu Leit, wéi dem Darui sengen Elteren.
Ob Thill, Malget, Carlson, Martins, Barreiro, Skenderovic, Sinani oder Rodrigues – déi Leit, déi herno am Stade de Luxembourg d’Protagoniste si wäerten, sinn et déi dem Stadion seng Bedeitung ginn – an hir Diversitéit spillt hei ganz wuel eng Roll. Sou representéiere si béid Säite vun der Lëtzebuerger Mytheschreiwung: dat Oppent genee esou wéi dat Anescht, de Fortschrëtt genee esou wéi den Aussesäiter.
“What’s in a name?” freet de Shakespeare. Engersäits natierlech guer näischt. D’Rous géif och gutt richen, wa se anescht heescht. Anerersäits kann en Numm awer och e Verspriechen an eng Hoffnung sinn. Nimm wiele mir net einfach esou, mä well mer eppes benenne wëllen, him Bedeitung schenke wëllen.
Dofir denken ech, dass den nationale Stadion Stade Julien Darui heesche sollt – als Symbol fir e jonkt Land, wat zwar villes ass a sech awer eréischt fënnt. Den Numm soll den Ufank vun engem Gespréich sinn, net de Schluss; en inspiréiert zum Nodenken a representéiert d’Villfalt vun de Spiller um Terrain. Eng Äntwert op dat, wat Lëtzebuerg am Kär dann elo wierklech ass, hu mir doduerch natierlech nach keng. Ma wéinstens ass d’Diskussioun méi interessant a lieweg.