Iwwer Geschicht a Geschichten

A sengem Lieserbréif “N’oublions pas l’histoire” am Luxemburger Wort vum 20. Juni schreift de Raymond Schaack, et wier absurd fir de Charles de Gaulle an de Winston Churchill als Rassisten ze bezeechnen. Déi zwee Staatsmänner hunn zweifellos eng wesentlech Roll gespillt an der Bekämpfung vun Nazi-Däitschland, deem seng Staatsräsoun op rassistesche Motiver fundéiert huet. Et gëtt wuel kaum Leit, déi dem Churchill an dem de Gaulle iergendeppes ausser Respekt heifir entgéint brénge wëllen.

Mä dofir ass et nach laang net “absurd” festzestellen, dass den Churchill an den de Gaulle, als Kanner vun hirer Zäit, Rassiste waren. Liest een hir Aussoen a betruecht een hir Politik géigeniwwer Inder an Afrikaner engersäits an Araber anerersäits, fält all aner Konklusioun schwéier. Wien dëst als “absurd” ofdeet, ass net wierklech un der Geschicht interesséiert, mä u bequeme Fiktiounen, déi zwar “eng” Geschicht zielen, mä d’Vergaangenheet just selektiv erëmspigelen.

Et kann een deem entgéinen, dass deemools d’Europäer allgemeng rassistesch waren, a mir si net duerch d’Lëns vun eiser haitege Welt beurteele sollen. Sou novollzéibar dëst Argument och schéngt, ignoréiert et d’Tatsaach, dass Denker wéi de Franz Boas dës imperialistesch Ofneigung vum Aneren net gedeelt hunn, an dass d’Affer dovun – Afrikaner, Inder, Araber – wuel kloer woussten, dass se inakzeptabel war. Wien de Rassismus vun Churchill an de Gaulle entschëllegt, well Rassismus déi Zäit de rigueur war, dierft sech schwéier doen, d’Erënnerung un e Gandhi héich ze halen.

Den Här Schaack gesäit d’Fuerderung, Statuen ofzerappen, an enger Linn mat dem Bildersturm vun de protestantesche Reformer an der Zerstéierung vu Konscht a Prunk wärend de franséischen a russesche Revolutiounen. Dobäi si getrei Ofbildunge vun aflossräiche Männer a Steen oder Metall, déi vun de meeschten onbemierkt matzen a Stied erëmstinn, wuel kaum gläichzesetzen mam Verloscht vun effektive Kulturgidder wéi dem Hieronymus Bosch senge reliéise Gemälde. De Verglach hält kenger eeschthaften Iwwerleeung Stand.

Et geet heibäi och net ëm Denkmaler, mä ëm reng Statuen, an den Ënnerscheed ass elementar. En Denkmal huet als Zil ze erënneren – un Erfolleger, genee esou wéi un Atrocitéiten. Statuë bilden dogéint just of. Fir eng nuancéiert Betruechtung bleift do wéineg Spillraum.

Ech stelle mir den ëffentleche Raum vir wéi d’Schlofzëmmer vu menger Jugend. Déi véier Wänn waren do fir meng Helden ze éieren: Museker, Fussballer, Schauspiller. Pouster vu Mënschen, fir déi ech keng bedéngungslos Affinitéit hat, hounge keng do. Si hunn awer hir Plaz anerwäerts fonnt: a mengem Bicherregal, a mengen Zäitschrëften, e Mausklick ewech.

D’Gefor, dass Statuë Mënschen also op en onverdéngte Status erhiewen, ass reell. Wa mir dofir Statuë vu Mënschen, déi Schold un ongeheierlechen Atrocitéiten droen, wëllen ofbauen, schued dat der Erënnerungskultur net.

Am Géigendeel. Et kreéiert Plaz fir méi Erënnerung, manner Erhiewung. Et gëtt d’Méiglechkeet eisen ëffentleche Raum esou unzepassen, dass en engem haitege Versteesdemech vun eiser Geschicht gerecht gëtt, an och deene Minoritéiten, deenen hir Virfahren Affer vun Haass a Grujeldote goufen, d’Gefill gëtt, sech doran erëm ze fannen. Fir déi Elementer, un déi mir erënnere wëllen ouni se ze erhiewen, gëtt et aner Plazen: Muséeën, Bibliothéiken a virun allem och d’Schoul.

Wa mir historesch Personnagen ewéi e Leopold II. anescht betruechten wéi d’Leit et nach virun 100 Joer gemaach hunn, da si mir dëse Leit et net schëlleg, hir no haiteger Siicht falsch Decisioun ze perpetuéieren, an deem mir einfach näischt maachen. Evolutioun an Upassung un nei Erkenntnisser gehéieren zur Geschichtsschreiwung an zur Erënnerungskultur dozou.

Sollte mir also Statuen vun Churchill an de Gaulle ofrappen? Net onbedéngt. Meng perséinlech Siicht ass, dass dës Männer, trotz hiren eendeitege Schwächte, kënne mat Statuë fir hir Verdéngschter bei der Befreiung vun Europa geéiert ginn. Dat dierf awer net ausser Uecht loosen, wat fir e Message eis Veréierung vun hinnen un déi Leit schéckt, deenen hir perséinlech Familljegeschichten déif verwuerzelt sinn mat den Antipathien, déi vun dëse Männer ausgaange sinn.

D’Debatt doriwwer, wéi mir grousse Staatsmänner Éieren erweisen, a wéi mir dëst mat enger korrekte geschichtleche Kontextualiséierung verbanne kënnen, dierf dowéinst keen Tabu sinn. Alles anescht géif effektiv bedeiten, dass een näischt aus der Geschicht geléiert hätt.

Photo: CC BY-NC 2.0 smilla4

Leave a Reply