Green Book ass kee “feel-good movie”.

De Mahershala Ali wäert nächste Sonndeg säin zweeten Oscar fir de beschten Niewenduersteller gewannen. Ma komescherweis hëlleft grad dëst fir ze illustréieren, firwat dem Peter Farrelly säi Green Bookkee gudde Film ass. Domat wëll ech kee Waasser op d’Mille vun deene schëdden, déi soen en Oscar ze gewannen wier näischt Prestigiéises – nee, et ass de Fakt, dass den Ali den Niewenduersteller an dësem Film ass, dee weist, dass seng narrativ an politesch Absichten komplett verkéiert sinn.

Mee fänke mer vir un. Green Book ass fir d’alleréischt e konventionelle buddy road movie, wéi Hollywood der iwwer d’Joren honnerten an de Kino bruecht huet. Zwee ënnerschiddlech Leit ginn an eng fir si ongewinnte Situatioun gestach an duerch d’Zoustänn an eng hinnen opgezwonge Proximitéit dozou guidéiert e Mëttelwee ze fannen, op deem si sech béid wuel spieren. A Green Book sinn dës zwee Leit den Tony  “Lip” Vallelonga, e graffe Rausschmäisser aus Queens, deen ëmmer op der Sich no Aarbecht ass, an den Dr. Don Shirley, en eleganten, hyperintelligente Pianist, op der Sich no engem Chauffeur fir seng Concertstournée duerch den amerikanesche Süden.

A sou fannen sech déi zwee Männer séier zesummen am Auto erëm fir eng komödiantesch Rees, op där de sophistiquéieren Shirley de rauen Tony probéiert ze edifiéieren, an den Tony gläichzäiteg versicht säin Employeur ze äerdegen. De Marketing fir de Film mécht et kloer: Hei geet et ëm dem Tony säi Wee fir e e méi toleranten, nodenkleche Mënsch ze ginn. Et ass déi quasi biblesch Rees vum Saulus zum Paulus, déi mir hei dierfe materliewen, gedroe vum Viggo Mortensen, deen den Tony mat Gusto spillt a seng Educatioun esou fir den Zuschauer novollzéibar mécht. Just ganz esou einfach ass et net.

Entgéint deem wat de Film no baussen hin versprécht ass dëst net d’Geschicht wéi den Tony léiert, dass Rassismus falsch ass. Dësen narrative Strang ass no enger gudder hallwe Stonn ouni grouss Fanfare ofgeschloss. Den Tony fänkt einfach un den Don ze respektéieren an domatt, sou schéngt et, och de ganze Rescht vun der schwaarzen amerikanesche Bevëlkerung. Zu kengem Moment gëtt dem Tony seng initial Astellung a Fro gestallt, respektiv hien dozou gefouert Rechenschaft ofzeleeën, fir seng falsch Weltusiicht. Ganz am Géigendeel: Den Tony entwéckelt sech méi a méi zum Beschützer vum Don Shirley – seng Stroossenintelligenz suergt dofir, dass de Shirley sécher duerch de Süde gelaangt.

Sou wäit esou gutt, dëst Bild vum white saviour, deen um Ufank e schwierege Personnage ass, mä sech duerno duerch seng gutt Doten zeréck keeft, zitt sech mëttlerweil duerch genuch Filmer, dass een en achselzuckend zur Kenntnis huele kann. Méi problematesch ass, dass den Tony de Shirley net just schützt, mä an zweeërlee Siicht zu sengem sengem Mentor gëtt, erwächt en dach dem Shirley seng Roserei iwwer d’Ongerechtegkeeten, déi him widderfueren, an nach méi kruzial kläert en de Shirley iwwer schwaarz Kultur op: Hie weist him wéi ee fried chicken ësst, an féiert en an an d’Welt vum Aretha Franklin. Esou stellt een sech iergendwann onweigerlech d’Fro: Wien huet hei eigentlech eppes géint Schwaarzer? Sécher net den Tony.

Zwou Zeenen stiechen heibäi eraus. An där éischter bleift den zwee Reesenden hiren Auto wéinst enger Pann nieft engem Feld stoen, wat vu schwaarze Männer a Fraen beaarbecht gëtt. Wärend den Tony ënner dem Capot bléckt, riicht dem Shirley seng Opmierksamkeet sech den Aarbechter zou, déi hien mat Mësstrauen an Ofneigung ukucken. An enger änlechen Szen kuerz duerno ass de Shirley op Distanz zu de karikatural gezeechente Männer, Fraen a Kanner, déi um Parking vun engem Hotel schwätzen a Kaart spillen. Trotz Invitatioun, wëll de Shirley sech net zou hinne gesellen, mä bleift a sengem Eck, alleng, op sech bezunn. Den zentrale Message vum Film beschäftegt sech visuell an narrativ net domat, wéi den Tony ophält rassistesch ze denken; et ass d’Geschicht, wéi de Shirley, dank dem Tony, seng eegen Ofneigung géigeniwwer Schwaarzen verléiert, a léiert selwer schwaarz ze sinn.

Dem Tony säin Triumph am Film ass net seng Victoire iwwert säin eegent bigott Denken, säin Triumph ass et, dass en de schwaarze Mann zu Recht gebéit huet.

All ze däitlech gëtt dat, wéi déi zwee, géint Enn vum Film, an enger schwaarze Bar, sinn. Dëst misst eigentlech Anathema fir den Tony sinn, deen um Ufank vum Film zwee Glieser aus deenen zwee schwaarz Handwierker bei him doheem gedronk hunn, an d’Poubelle geheit. Néierens am Film gëtt ersiichtlech, firwat, den Tony sech elo wuel fillt, wann en an der Gesellschaft vu Leit ass, déi hien uganks als onmënschlech ofgedoen huet. Mä d’Bréck déi geschloe gi muss an dëser Zeen ass net déi tëscht dem Tony an dëse Leit, mä déi tëscht dem Shirley an hinnen. Dem Film säi Moment vu Katharsis kënnt, wann de Shirley fir si Piano spillt – a sou eens mat senge Leit, mat senger Rass gëtt, a seng Aspiratioun, dass e Mann vu sengem Talent sech net op sou trivial Linne begrenze muss, opgëtt.

An all deem ass den Don Shirley awer just den Niewenduersteller, well obwuel d’Geschicht sech mat senger Entwécklung befaasst, hien net den Dreiwer dovun ass. An grad dëst ass et, wat de Film fir mech esou schwéier verdaulech mécht. De Film ass keng Ofrechnung mam Rassismus an der amerikanesche Gesellschaft, et ass kee feel-good movie doriwwer, wéi e wäisse Mann léiert, dass säin Denke falsch ass. Et ass e Film doriwwer, wéi en talentéierten, exzeptionelle Mann sech erniddrege muss, fir kënne komplett respektéiert ze ginn. Réischt, wann hie sech mat den vun der amerikanesche Geschicht degradéierte verbriddert, kann hien komplett ginn. De wäisse Mann, deen zwar finanziell méi schwaach ass, muss sech dëse sozialen Ongerechtegkeeten net stellen. Hien ass iwwerall wëllkomm. Dass dëst erschreckend – net inspiréierend – ass, erkennt de Film net.

D’Iddi eleng, dass déi zwee Männer sech op hallwer Streck treffe mussen, zeugt vun engem falsche Verständnis vun de systemateschen Ongerechtegkeeten tëscht de Mënschen. Et erënnert un de schrecklech gealterten In the Heat of the Night, mam Sidney Poitier an Rod Steiger an deem och de Poitier trotz all senger Iwwerleeënheet um Schluss, deen ass, deen Elementares bäiléiert. Rassismus kann am Kino net bekämpft ginn, ouni dass de schwaarze Mann vu sengem héije Ross erofkënnt. Um Schluss vun hirem Owend an der schwaarze Bar, verdreift den Tony zwee schwaarz Ugräifer, déi dem Shirley seng Sue klaue wëllen: Déi gréisste Gefor fir de schwaarze Mann ass nach ëmmer hie selwer. Wéi gutt, dass et Wäisser gëtt, déi do si fir op si opzepassen. Schuster, bleib bei deinen Leisten.

Den Tony ass den Held vun dëser Erzielung, net well e seng eege Schwächten iwwerkënnt, mä en anere Mann dozou bréngt seng ze erkennen. An dat ass e Problem, wann dëse Personnage souwisou scho marginaliséiert ass. Et gehéiert zu den elementärste Prämissen vun dësem Filmgenre, dass déi zwee sech an der Mëtt treffe mussen, mä Green Book geléngt et net eng zefriddestellend Erklärung ze ginn, fir wat den Don Shirley iergendee Schrëtt op den Tony zou soll maachen. An esou wäert de Mahershala Ali en Oscar gewannen, als Sënnbild dofir, wéi dëse Film, déi schwaarz Experienz als zweetrangeg zu wäisser Mediokritéit gesäit. Et gëtt de Sproch, dass de Géigendeel vu “Gutt” “gutt gemengt” ass. Green Book léisst dorun Zweiwel opkommen.

Leave a Reply