Carol

E kuerze Bléck op dem Todd Haynes seng Filmographie léisst erkennen, wat déi grouss Zich am Regisseur vu Velvet GoldmineFar From HeavenSafe an I’m Not There senger Carrière si kéinten: Réckbléck op fréier Perioden an d’Erfuersche vun – dacks ongewinnten – Identitéiten. Dem Auteur säin neiste Film, Carol, nominéiert fir 6 Oscars, reit sech schnörkellos an des Opzielung mat an. Baséiert um Patricia Highsmith sengem Roman, erzielt en d’Geschicht vun zwou Fraen, dem onglécklech bestuetene Carol (Cate Blanchett) an dem jonken an onerfuerene Therese (Rooney Mara), déi sech zu New York Ufank de 50er Joere kenne léieren an anenee verléiwen.

Schonn hir éischt Renconter mécht kloer, dass des keng gewéinlech Geschicht vun enger geféierleche, verbuedene Léift géint all Oppositioune si soll. Vill ze spilleresch a riicht eraus geréit dëst Treffen an deem d’Carol sengem Duechter eng Popp fir Chrëschtdag kafe wëll, a vum Therese, der Verkeeferin, enttäuscht gëtt, well déi Popp, déi d’Meedche sech wënscht ausverkaf ass. Direkt entwéckelt sech tëscht deenen zwee eng Dynamik a Chemie, wéi tëscht Mënschen, déi sech scho vill méi laang kennen, déi déif an den aneren era blécke kënnen. D’Cate Blanchett an d’Rooney Mara spillen hir jeeweileg Rollen mat esou enger Kloerheet, dass d’Unzéiung, déi d’Personnagen ab dësem Punkt fir enee spieren, absolut evident ass.

Räich un themateschen Iwwerleeungen, gëtt de Film esou ni opaque. Dem Haynes seng Regie, dem Ed Lachman seng Kompositiounen, an d’Spill vun den Duersteller, wat bis an déi klengsten Nieweroll perfekt inszenéiert ass, bilde sou zesummen de Schlëssel unhand vun deem de Spectateur de Film viru sengen Aen, mä och a sengem Kapp entwéckele kann fir sech d’Biller an hir Bedeitung ze eegen ze maachen. Wéi d’Therese mat e puer Frënn an der Projektiounskabinn vun engem Kino sëtzt, an duerch d’Glas e Film just marginal erblécke kann, hëlt ee vu senge Frënn Notizen iwwert dat, wat e gesäit, well e selwer wëll en Auteur ginn. D’Echtheet vun deem wat mir duerch Biller erblécken, an d’Subjektivitéit, déi mir an all Analys vun aneren afléisse loossen, ass genee sou wichteg an dëser Zeen, wéi an all deene Momenter an deenen d’Therese probéiert sech an och d’Carol duerch d’Lëns vu senger Kamera ze verstoen.

D’Unzéiung a Léift tëscht de Personnagen ass reell an novollzéibar. An trotz dem Setting an de fréie 50er Joeren sinn dem Film seng Themen net epochegebonne, mä vill méi zäitlos. Dem Carol sengem Mann (Kyle Chandler) seng Jalousie a säin Onverstoen, si genee esou fir eng haiteg Audienz ze verstoen, wéi dem Therese a Carol hiert Striewen no méi an eppes anescht. Wann d’Carol um Film sengem dramateschen Héichpunkt, seet, dass si – an domat all d’Personnagen – “no ugly people”, also keng elle Leit sinn, spiert een, dass dem Haynes säin Interessi um Erfuerschen an Duerstelle vun Identitéite letztendlech am Sënn vun enger vill méi déifgräifende Mënschlechkeet geschitt. Carol ass net einfach eng Libesgeschicht tëscht zwou Fraen – wat och hautesdaags nach eng ganz Partie Leit dovun ofhale wäert de Film ze gesinn – mä vill méi e Bléck op Léift, Attraktioun an eis Motivatiounen am Allgemengen.

Et gëtt vill Filmer bei deenen ech tëschenduerch am Kino mäi Bléck vun der Leinwand op meng Auer schwäife gelooss hunn. Carol ass awer den éischte Film bei deem ech dëst net aus Langweil gemaach hunn, mä well ech wësse wollt ob nach genuch Zäit bleift fir dass de Film esou ausgeet, wéi ech mir et wënschen. Carol ass e Film, deen d’Kraaft vu mënschleche Bezéiungen an och d’Kraaft vum Kino op eng erstaunlech Aart a Weis ënnersträicht. Et ass net nëmmen ee vun de beschte Filmer vum Joer 2015, mä – bis elo – ganz einfach eent vun de wéinege Meeschterwierker vum 21te Joerhonnert.

Leave a Reply