Vu Fraen, déi sangen, a Männer, déi muerden

Bis virun e puer Joer war et quasi onméiglech sech wierklech mat den Oscar nominéierten Documentairen auseneen ze setzen, well se néierens ze fanne waren. Am Joer 2010, dem beschte Joer an der rezenter Geschicht vun dëser wéineg beuechteter Kategorie bei den Oscars, hunn ech zu Glasgow mäi bescht ginn fir sou vill vun de Filmer wéi méiglech ze gesinn. Dem Banksy säin Exit through the Gift ShopInside Job, Restrepo a GasLand sinn effektiv am Kino gelaf, während ech Waste Land réischt e puer Joer méi spéit gesinn hunn. Déi nächst zwee Joer hunn ech dunn allerdéngs  kee vun de Filmer gesinn virun deem d’Präisser verdeelt goufen. Dank Netflix an iTunes huet sech dëst awer grondleeënd verännert. 2013 konnt ech – dank Streamingsiten – véier vun de fënnef Filmer gesinn. Dëst Joer hunn ech fir d’éischte Kéier all d’Filmer gesinn, an dat schéint ass: dir kënnt et och maachen.

De wuel bekannteste Film ënnert den Nominéierten, deen am Summer och a Lëtzebuerg gelaf ass, ass Amy (op iTunes), dem Asif Kapadia (bekannt duerch säi Film Senna) säin Documentaire iwwert dem Amy Winehouse säin tragesch kuerzt Liewen. Wéi scho bei Senna verzicht de Kapadia op Narratioun, benotzt allerdéngs Interviews mat Leit, déi d’Winehouse kannt hunn an Archivmaterial fir senger Handlung eng gewëss Erzielstruktur ze ginn. Dem Kapadia seng Choixen sinn extrem effektiv, well se gläichzäiteg eng kloer editorial Linn erkenne loossen, an awer d’Gefill zouloossen, dass een sech opgrond vun deem wat gewise gëtt, selwer eng Meenung bilde soll. Op de Film manipulativ ass, oder net, sief dofir elo mol dohi gestalt. Mä fir e Mënsch wéi mech, deen net wierklech vill vum Amy Winehouse senger Aarbecht a sengem Privatliewen weess, ass et op alle Fall e ganz interessanten Abléck an der jonke Fra hir Welt gewiescht. Ouni ze zécken weist de Film, wéi eng Fra, déi grouss perséinlech Schwieregkeeten hat, konsequent vun hirem Ëmfeld a vun der Ëffentlechkeet ausgenotzt an duerno ausenee geholl ginn ass. Et ass e faszinéierende Porträt net nëmme vun der ze jonk verstuerwene Sängerin, mä och vum Persounekult an dem ongesonde Gesellschaftsbild, dat mir eis selwer an eise Medien opleeën.

Iwweraschend ähnlech ass en zweeten Documentaire: What Happened, Miss Simone? (op Netflix), iwwert déi genee sou faszinéierend Sängerin, Nina Simone. Wéi d’Amy Winehouse war d’Nina Simone eng Fra, déi amplaz, dass hiert Ëmfeld hir gehollef hätt hir perséinlech Problemer opzeschaffen, ebe vun dësem Ëmfeld ëmmer erëm an d’Ëffentlechkeet gepusht ginn ass a sou ni den Halt fonnt huet, dee si gebraucht hätt fir nieft hirer genialer Aarbecht och en funktionéierend Privat-  a Séileliewen opzebauen. Talking Heads mat Persounen aus der verstuerwene Sängerin hirem Liewen: hirer Duechter, hirem Ex-Mann, Frënn a Mataarbechter wiessele sech mat Archivmaterial an interessanterweis och Zitater aus der Sängerin hiren Tagebicher of, fir hir Geschicht nozeerzielen. De Film ass gutt, mä kann a sengem leschten Akt net méi d’narrativ Kompaktheet weiderféieren mat där en ufänkt. Wann ee bedenkt wéi wichteg dem Nina Simone hir politesch Aktivitéiten an de 60er waren, a wéi dramatesch sech hir mental Problemer an de 70er an 80er zougespëtzt hunn, gëtt einfach ze wéineg Zäit investéiert fir dës Momenter an hirem Liewen zefriddestellend duerzestellen.

Den nämlechte Problem huet de Film Cartel Land (op iTunes), an deem de mäerdereschen Konflikt tëscht Kartellen an Zivilgesellschaft op béide Säite vun der mexikanesch-amerikanescher Grenz nogezeechent gëtt. De Film ass am effektivsten, wann e weist, wéi trotz gudden Intentiounen d’mexikanesch Milizen (Autodefensas) no an no an de Korruptiounssog eragezu ginn, deen d’Land säit Joeren u wierklechem Fortschrëtt hënnert. Et ass en erbaarmunglose Film, an deem een net nëmme gesäit, wéi d’Zivilbevëlkerung sech géint d’Drogekarteller wiert, mä och wat fir Konsequenzen dëst fir si huet – Mord, Terror a ganz einfach krichsähnlech Zoustänn, bei deenen d’Regirung beschtefalls nokuckt, a schlëmmstefalls op Säite vun de Karteller agräift. D’Kameramänner bréngen sech ëmmer rëm a Gefor, well si a Schossgefechter tëscht Kartellmemberen an Autodefensas geroden. Dem Film seng eenzeg Schwächt entsteet doduerch, dass en och e Bléck op amerikanesch Milize wërft, déi an den USA géint Drogeschmuggler a Schlepper aktiv sinn. Allerdéngs stëmmt weder d’Balance tëscht den zwou Duerstellungen, nach gëtt thematesch ersiichtlech firwat dëse Choix iwwerhaapt esou getraff gouf. An awer huet een um Enn vum Film d’Gefill gläichzäiteg eppes bäigeléiert ze hunn, an sech och dausende vun neie Froen stellen ze wëllen.

Den Netflix Documentaire Winter on Fire: Ukraine’s Fight for Freedom erënnert filmesch extrem un de virun zwee Joer fir den Oscar nominéierten The Square, dee genee sou vun Netflix distribuéiert gouf. Quasi an Echtzäit ginn d’Protester um Maidan, déi den Ustouss fir de Biirgerkrich, deen d’Ukraine déi lescht puer Joer an Otem gehalen huet, waren, nogezeechent. Aus friddlechen, proeuropäeschen Protester goufen opgrond vun korrupte, gewaltbereete Staatsapparaten ëmmer weider eskaléierend déidlech Ausernanersetzungen. De Film zéckt, wéi The Square an Cartel Land, net fir d’Biller vun der brutale Repressioun ze weisen, där sech Mënschen, déi sech näischt anescht wéi e geuerdent, hoffnungsvollt Liewe wënschen, ausgesat gesinn. Winter on Fire ass erstaunlech, well e quasi vun de Revolutionäre gedréit gouf, während si op der Strooss waren. Net all vun de Leit, déi presentéiert gi sinn, liewen haut nach. An den onsënnegen an ongerechte Konflikt, deen dëse Film esou kloer duerstellt, ass leider laang nach net eriwwer.

Eriwwer, an iergendwéi awer och net, ass de Genozid, deen an de Joeren no 1965 an Indonesien stattfond huet. Virun zwee Joer war dem Joshua Oppenheimer säin éischte, wonnerbare Film zu dësem Thema scho fir den Oscar nominéiert. The Act of Killing war deemools ee vu menge Filmer vum Joer, an dëst Joer wäert et och net anescht sinn fir den eenzege Film, deen ee leider net streame kann: The Look of Silence. Während den Oppenheimer an The Act of Killing d’Mäerder op eng extrem subtil Aart a Weis mat hiren eegenen Doten konfrontéiert, konzentréiert sech den Dokumentarist hei op d’Affer vun dësem däischteren, weder an Indonesien nach soss op der Welt wierklech bekanntene, Kapitel vum 21te Joerhonnert. De Film begleet e 44jähregen Optiker, wéi en d’Mäerder vu sengem Brudder opsicht, fir mat hinnen iwwert dat ze schwätzen, wat si viru 50 Joer gemaach hunn. D’Fro vu Schold, déi des Männer wéi selbstverändlech vu sech weisen, läit am Häerze vum Oppenheimer senger onwahrscheinlech mënschlecher Narrativ. Mä et ass och Plaz fir sech ze froen, wéi d’Land ewell, wou d’Mäerder och no 50 Joer weiderhin d’Muecht am Land hunn, eng Verséinung an eng Opaarbechtung zestane brénge kéint.

Alles an allem muss ee soen, dass dëst Joer d’Kategorie vun de beschten Documentairen bei den Oscars alt nees eng Kéier en absolut faszinéierend Quintett u Filmer zesumme bruecht huet. Wien elo an der Keelt also keng Motivatioun fënnt fir sech bis an ee vum Ländche seng Kinoen ze beginn fir soss en Oscar nominéierte Film ze gesinn, deem siefen dës Filmer op alle Fall un d’Häerz geluecht.

Leave a Reply