How I Met Your Mother

How I Met Your Mother war emol d’Geschicht vun engem Mann, dee sengen zwee Kanner duerch eng mäandernd Erzielweis matdeele wëll, wéi en am New York vum fréien 21te Joerhonnert, mat Hëllef vu senge beschte Frënn, hir Mamm kenne geléiert huet. Et war d’Geschicht vum Ted, engem naive Mëttzwanzeger, deen un d’Schicksal gegleeft huet, an deen als romantesche Lead interessant war, well et, entgéint dem stereotypesche Männerbild, säin Zil war sech ze bestueden. Säi beschte Frënd Marshall war en häerzensgudde Mann, deen duerch Éierlechkeet bestach huet a mat zwee Féiss um Buedem stoung, während seng Verlobten wesentlech méi komplizéiert war wéi hien, an awer trotzdem prinzipientrei gewierkt huet. Da gouf et nach den onsägleche Barney, deen si beschtefalls toleréiert hunn, well si hien ënnerhalsam fonnt hunn, mä fir deem säi Liewensstil si awer wéineg Verständnis opbrénge konnten.

An da gouf et d’Robin, d’Fra an déi sech den Ted an der éischter Episod verléift, a vun där mer um Schluss vun der nämmlechten Episod wëssen, dass et net d’Mamm vun de Kanner wäert sinn. Dës Erkenntnis um Schluss vun der éischten Episod huet wéi e brillante Schachzuch gewierkt – entgéint deem wat een sech typescherweis erwaarde kéint, hat dës Serie net wëlles eis vun Ufank un ze weisen wéi si op en Enn goe géif. Amplaz fir dem fir Sitcoms bal selbstverständlechen “Wäerten se oder wäerten se net?” ze verfalen, war kloer, dass HIMYM de leschtere Wee aschloe wäert. D’Verständnis war, dass d’Robin eng wichteg Roll géif spillen fir z’erklären wéi den Ted géif d’Mamm kenne léieren, an dofir wier d’Erkläre vun der Bezéiung tëscht Ted a Robin esou wichteg.

Dëst war de Grondsteen vun der Mythologie vun How I Met Your Mother, enger Serie, déi dacks als Nofolger vu Friends gesi gëtt a vun där vill Leit vergiessen, dass se effektiv just ee Joer nodeem mat Friends Schluss war, debutéiert huet. Verglach mat Friends war HIMYM déi méi kéng Serie, wat dat Erzielerescht betrëfft. Et war erfrëschend ze gesinn wéi vill Méi an de gréisstendeels kloer duerchplangten Opbau vun Hannergrondgeschichten, Charaktären, Sidegags, an virun allem roude Fiedem gestach gouf. Am Grupp vu fënnef, hat all Personnage seng Roll ze spillen, an dës Rollen si komplementéiert ginn duerch méi oder manner realistesch Elementer wéi dem giele Prabbeli, der Slap Bet, dem Robin Sparkles fir der Serie weider Contouren ze ginn. An an den éischte véier Joer war HIMYM eng vun den innovatiivsten a beschte Comedy-Serien, déi et net nëmmen zu där Zäit, mä vläicht iwwerhaapt gouf.

An dunn hunn d’Saachen ugefaang schif ze lafen. Als Spectateur huet ee relativ fréi d’Gefill kritt, dass dës Geschicht vläicht e bëssen ze laang géif daueren. No an no huet d’Serie un Imaginatioun verluer, ass ëmmer méi klasseschen Trope verfall, an wat am Fong dat Schlëmmst ass, huet se hir Personnagen ëmmer weider pervertéiert. Natierlech kann ee lo soen, dass Mënschen sech och am wierkleche Liewen änneren, an dass Tëleesserien dat sollen erëmginn. Mä wat bei HIMYM esou donieft gaang ass, war, dass den Ted, Marshall, Barney, d’Lily an d’Robin eigentlech vun Ufank un kloer definéiert an awer facetteräich waren. Et gouf genuch Spillraum fir mat hinne Geschichten ze zielen ouni déi ufänglech Parameter ze verloossen – an dat hunn d’Kreateuren Thomas a Bays iergendwann net méi hikritt.

Et ass schwiereg e geneeën Zäitpunkt festzestellen, wéini alles d’Baach erof gaang ass. Bei 208 Episoden iwwer 9 Joer ass et quasi onméiglech. Et gëtt awer genuch Zeechen tëschenduerch, dass gewëss Saachen net méi funktionéiert hunn. Um Ufank vun der fënnefte Staffel sinn zum Beispill d’Robin an de Barney eng Koppel – eng Decisioun, déi eventuell fir e puer Episoden hätt kënnen interessant sinn, mä déi op laang Siicht net hätt kënne klappen opgrond vun deem wat déi zwee Personnagen duerstellen. Nodeem dës Bezéiung zerbrach ass, ginn d’Personnagen iwwert déi nächst puer Staffelen awer esou zu Recht gebéit, dass et am Endeffekt schonn nees virstellbar ass, wéi déi zwee beienee kënne passen: si sinn um Schluss vun der Serie esou schrecklech, onwierklech Mënschen, dass si keen aneren wéi sech géigesäiteg verdéngt hunn. De Barney, deem d’Gang um Ufank mat dem néidegen Ofstand entgéint getrueden ass, gëtt op eemol vun hinnen zelebréiert, wéi wa säi Behuelen op iergendeng Aart a Weis kéint als akzeptabel ugesi ginn. D’Robin an d’Lily verkommen ëmmer méi zu insulare, schrillen Fraebiller, wéi een se aus manner usprochsvolle Sitcoms gewinnt ass. A virun allem den Ted gëtt ëmmer manner interessant als Haaptpersonnage, a verléiert säin urspréngleche Charme komplett, wéi en orientéierungslos vu Bettgeschicht zu Bettgeschicht tingelt, wahnsinneg pretentiéis gëtt, an eng schlecht Saach no der anere mécht.

An all dës falsch Entwécklungen kulminéieren an dëser leschter Staffel, déi op der dëmmsten Iddi opgebaut ass, déi een sech an enger Sitcom jee virstelle konnt: all 24 Episoden spillen um Hochzäitsweekend vum Robin a Barney. Esou ass déi lescht Staffel repetitiv, quasi witzlos an konzentréiert ronderëm de Gedanken, dass dës Hochzäit eppes ass mat där mir als Spectateuren missten zefridde sinn. Quasi all zweet Episod beschäftegt sech domat, dass déi zwee zesummen eigentlech eng schrecklech Iddi sinn, a probéiert d’Decisioun firwat si awer keng schlecht Koppel sinn ze rechtfäerdegen, ouni dass et jee geléngt. Thomas a Bays schénge verstan ze hunn, dass se sech an en Eck geschriwwen hunn, an amplaz aus dem Eck eraus ze fannen, widderhuelen se léiwer permanent, wéi schéin et dach an deem Eck ass.

Den eenzege Liichtbléck an dëser leschte Staffel ass d’Introduktioun vum Cristin Milioti, wat d’Mamm spillt. D’Milioti ass eng exzellent Schauspillerin, déi och eng wonnerbar Chemie mam Josh Radnor huet. Si spillt d’Mamm mat esou engem Selbstverständnis, dass een novollzéie kann, firwat dëse Mënsch esou speziell ass. Firwat, dass den Ted esou laang gebraucht huet fir ze erklären wat alles huet missen a sengem Liewen donieft goen, bis dass en endlech dës super Partnerin fonnt huet. All Moment vun der Staffel an deem d’Milioti net ze gesinn ass, wënscht een sech et wier nees an der nächste Zeen. Esou weess een, trotz allem, dass wann dës lescht Staffel och insgesamt Mëscht ass, een d’Serie vläicht awer ka mat engem gudde Gefill verloossen.

An du koum d’Episod 19 vun der leschte Staffel, “Vesuvius” um Schluss vun där kloer war wou et hi géif goen an der leschter Episod. Jo, no 9 Joer waarden, nodeem mer all déi Joeren gesot kruten mir géifen en immense Mënsch kenne léieren, fir deen sech dat ganzt Geschwafels gelount huet. Nodeem mer nogekuckt hunn, wéi Personnagen, déi mer emol immens fonnt hunn, zu lächerleche, cartoonistesche Karikature vu sech selwer verkomm sinn. No all deem, gi mer um Schluss gewuer, dass dëse Mënsch dout ass. Dass déi ganz Geschicht net dorëm s gaang ass, dass den Ted zeréck bléckt op Feeler déi e begaang huet, an och op gutt Zäiten, déi en hat, bevir en d’Mamm vu senge Kanner getraff huet. Nee, et ass all déi Joere just dorëm s gaang, dass hie seng Kanner wollt ëm Erlaabnis froen seng beschte Frëndin ze péilen.

Déi lescht Episod ass eng Katastroph egal wéi een et kuckt. Se ass schlecht konstruéiert an a vir sech selwer. Se stellt de ganze Kontext vun der leschte Staffel op d’Kopp a renverséiert all déi domm Iddien, déi d’Spectateuren iwwer déi lescht zwee bis dräi Joer erdroe misste, bannent den éischten zwanzeg Minutten. Si mécht aus de weibleche Personnagen net méi wéi Accessoire vun hire Männer, an erkläert d’Zerbriechen vum Barney a Robin hirem Marriage net mat där logeschen Erklärung: de Barney ass e léienden Drecksak, deen nimools kéint trei bleiwen, a kee Gewëssen huet. Nee, si zerbrécht, well d’Robin ze gutt a sengem Beruff ass, an de Barney net domat eens gëtt. A se ass schlecht mat engem Bléck zeréck op déi ganz Serie, well et duerno net méi méiglech si wäert déi kleng, romantesch an imaginativ Detailer ze genéissen, déi d’Serie um Ufank zu sou eppes Spannendem an Interessante gemaach huet.

Genee wéi den Ted un d’Schicksal gegleeft huet, huet och d’Serie u Schicksal gegleeft. Bis dass se decidéiert huet, dass et e méi interessante Schluss wier dëst einfach ze ignoréieren fir de Spectateuren e Schluss ze zerwéieren, deen se sech 2005 gewënscht hunn, mä mëttlerweil net méi fir usazweis wënschenswäert hale géifen. Den Ted an d’Robin waren 2005 eng gutt Iddi – 2014 net méi, well d’Personnagen iwwer d’Längt vun der Serie sech esou verännert hunn, dass si zesummen ze gesinn, mech um Schluss just nach degoûtéiert huet. An dat trauregst ass, dass ech ni méi déi wonnerbar éischt Episod mam bloen Horn kucke kann ouni un déi parallel Konstruktioun an der leschten Zeen ze denken, an där en noutgäile Mann ufanks 50 probéiert d’Ex-Fra vun engem vu senge beschte Frënn rëm ze kréien, well seng Kanner hien dozou opgefuerdert hunn.

Ech wäert How I Met Your Mother net vermëssen. Ech hunn et déi lescht puer Joer scho gemaach.

Leave a Reply