Film theoryof-boardtalk

Publizéiert den 22.2.2015 | vum Chris Pesch

4

Wat den Oscar gutt fënnt, vu mir klasséiert

Ech sinn nach net esou wäit fir meng eegen Top 10 vum Joer néier ze schreiwen. Engersäits well munnech Filmer nach ze frësch a mengem Gedächtnis sinn, anerersäits well Filmer wéi Inherent Vice oder Wild et nach net bis iwwert den Atlantik gepackt hunn.

Vu dass den Owend d’Oscars sinn, wollt ech awer emol mäi Pefferkär zu den aacht fir de beschte Film nominéierte Wierker lass ginn. Eng Rei Kritiker hu vun engem schwaache Joer geschwat, a kloer hätt ee kënnen eng ganz Palett aner Filmer hei nominéieren. Och meng eegen Top 10 wäert wéineg Iwwerschneidungen mat dëser Auswiel hunn. An awer muss ech soen, dass an dësem Joer de Choix vu Filmer net esou extrem enttäuschend ass, wéi et schonn emol a leschter Zäit war. Dës Filmer sinn eng vertrietbar Auswiel, déi d’Filmjoer 2014 net all ze schlecht representéieren.

Just ee Film stéisst mir e bësse sauer op:

8. The Imitation Game

Et ass net esou, dass ech per se eppes géint de Genre vum biopic hunn. Wann dat sou wier, misst ech véier vun dësen aacht Filmer vu Grond op als schlecht ofstempelen, wat ech awer net maachen. Mä The Imitation Game vereenegt alles an engem Film, wat et um Genre u sech auszesetze gëtt. Ech hu kee Problem domat, wann e Film iwwert eng reell Persoun sech d’artistesch Lizenz erlaabt Detailer ze kompriméieren oder ze adaptéieren. Mä wann dës Ännerungen dora mënden, dass am Endeffekt den Haaptpersonnage eng net méi novollzéibar Gestalt ouni Konturen ass, déi en net nëmme verzerrten, mä souguer feigt Bild vum Original duerstellt, dann hunn ech e Problem domat.

Liest een Interviews mat de Maacher vum Film kritt een d’Gefill, wéi wann et hiert Zil gewiescht wier e Film als flamenden Appell géint d’Ongerechtheeten, déi Homosexuellen a Groussbritannien widderfuer sinn, ze kreéieren. Kuckt een de Film, ass vun engem Interesse un dem Alan Turing senger Homosexualitéit näischt ze gesinn. Se gëtt ignoréiert zu Gonschte vun engem fabrizéierte Spionage- a Bedruchsplot, deen aus dem Turing keen Held, mä e Verréider mécht. Dat trauregt dorunner? Vun den dräi verschidde Momenter am Turing sengem Liewen vun deenen de Film erzielt, ass dëst nach bäi wäitem den iwwerzeegendsten.

Gedréit ass dat ganzt op engem Niveau, deen éischter un Tatort Konstanz erënnert, wéi u Kino vu Welt. De Benedict Cumberbatch ass net schlecht, mä genee wéi Alchemisten aus anere Metalle kee Gold maache kënnen, kann hien och net aus engem beschtefalls banale Skript eng iwwerzeegend Performance erauszauberen.

7. Birdman

Birdman ass net schlecht. Mä wéi sou vill Filmer, déi probéieren op enger Meta-Ebene ze handelen, huet en am Endeffekt zimlech wéineg, a wann iwwerhaapt da widderspréchleches ze soen. Souguer als eigentlechen Zyniker ass mir dës Zort Zynismus, déi quasi seet alles ass iergendwéi Brach, kreéiert aus onéierleche Plastiskgedanken an dofir sollte mir net alles esou eescht huelen, well et jo dach egal ass, e bëssen ze wäit gaang. Den Idealismus, deen den Haaptpersonnage probéiert auszestrahlen, gëtt natierlech a konsequent am Film dekonstruéiert an als Blödsinn entlarvt. Schued, dass de Film sech awer net d’Zäit hëlt eng Alternativ ze präsentéieren.

An dach ass de Film fuerchtbar ënnerhalsam. Et däerf ee just net ze vill doriwwer nodenken, an et muss ee schlicht all déi Momenter ausblenden, wou gutt Momenter ze wäit gedriwwe ginn, grad esou wéi wann hei ee vun den Auteure vu “Family Guy” um Dréibuch gefréckelt hätt. Da kann een och ignoréieren, dass e vu véier männleche Männer geschriwwene Film, dee virgëtt männlech Egos auserneen ze huelen, latent sexistesch ass a kee gutt Hoer un iergendengem vu senge weibleche Personnage léisst.

Okay, villäicht ass Birdman awer kee sou gudde Film.

6. American Sniper

 Wien Pianocktail déi lescht Joer gelies huet, dee weess, dass ech kee grousse Fan vum Clint Eastwood senge Filmer sinn. American Sniper passt net ganz an dëst festgefuerent Schema: e gefält mir op ville Plazen, mä zitt fir den Eastwood üblech Schwieregkeete mat sech, déi ech dem Film net verzeie kann.

De Film iwwert de Chris Kyle, am wierkleche Liewen en zimlech fuerchtbaren Typ, behandelt dëse Personnage mat Interessi an der néidegen Distanz. Wien sech eng permanent Glorifizéierung vun amerikaneschem Exzeptionalismus, dee gesäit sech getäuscht. Quasi zu all Moment wou de vum Bradley Cooper gespillte Kyle op seng Roll als déidlechste Sniper an der amerikanesche Geschicht ugeschwat gëtt, grommelt en eppes, oder probéiert et vu sech ze weisen. Däerf een dat als Schan an Zweiwel verstoen?

Anerersäits verbockt de Film et sech awer rëm mat enger gehéierege Portioun Patriotismus, déi zum Schluss vum Film alles dat rëm a Fro stellt, wat ech do virdrun gemengt hat als Kritik um zillose Militarismus an dem aus engem falsch verstanene Maskulinismus entstoende Zyklus vu Gewalt verstan ze hunn. De Film huet méi drop, wéi ech gemengt hat, mä dat mécht seng Schwächten am Endeffekt ëm sou méi enttäuschend, well et e Klassiker à la The Hurt Locker hätt kënne ginn, mä net gouf.

5. The Grand Budapest Hotel

Ech verstinn et wierklech net. Jorelaang verdeedegen ech op Pianocktail dem Wes Anderson seng Filmer géint a mengen Ae komplett onberechtegt Kritiken. Moonrise Kingdom war mäi Film vum Joer, eng perfekt Hommage u jonk Léift, erzielt als Pastiche vun enger ganze Rei vun de beschte Kannerbicher, déi jee geschriwwe goufen. Dee Film war nominéiert fir een Oscar.

The Grand Budapest Hotel ass e Film iwwer Nostalgie an iwwert vergaange Gréisst vun engem fiktiven Europa, an deem et villes ze laache gëtt, mä vun deem relativ wéineg relevantes hänke bleift. An op eemol ass de Wes Anderson everybody’s darling an Hollywood an e gefeierten Auteur.

Ech hu mech fantastesch ameséiert bei dësem Film, a freeë mech iwwert all Präis, deen e gewënnt a verstinn awer net wierklech firwat grad dësen, a mengen Aen net wierklech besonnesche Film vum Wes Anderson dësen enormen Erfolleg huet. Et erënnert mech e bëssen un dem Woody Allen säi Midnight in Paris, och e ganz ënnerhalsame Film iwwer Nostalgie, dee méi Präisser gewonn huet, wéi ech et fir méiglech oder néideg gehal hätt.

4. The Theory of Everything

Fir ze erkennen, dass e biopic och méi wéi eng Noerzielung vu wesentlechen Eckdaten aus dem Liewe vun enger Persoun si kann, brauch een sech just The Theory of Everything unzekucken, e Film, deen eigentlech guer kee Recht huet esou gutt ze si, wéi en et ass. Den James Marsh entwéckelt am Géigendeel zu engem Morten Tyldum als Regisseur en Toun an eng Ästhetik mat Hëllef vun deenen e seng Geschicht an dat wat en iwwer d’Bezéiung tëscht dem Stephen an Jane Hawking ze soen huet zur Entfalung brénge léisst.

Manner e “greatest hits” biopic, oder e vermurkstent, lieflost Trauerspill wéi uewen erwient, ass dëst eng Analys vun enger Léift, déi Schwieregkeeten trotzt, an awer um Schluss zerbrécht, well déi zwee Involvéiert d’Energie net méi hunn fir sech géigesäiteg eppes virzespillen. Et ass e Film, dee grouss Mënsche ganz kleng wierke léisst, an eng kleng Geschicht a groussen Emotiounen awéckelt. Den Eddie Redmayne ass brillant, a léisst eng Roll, déi zu all Moment kéint dem Schtick verfalen, zu all Zäit natierlech wierken.

3. Whiplash

Wann et engem Film geléngt mech Jazz appreciéieren ze loossen, da muss de Film eppes richteg maachen. Whiplash, de Film iwwert e jonke Batteur, dee wëll de beschte Mann un der Tromm op der Welt ginn a vu sengem Mentor an Dirigent abuséiert gëtt, bis dass en iergendwann net méi kann, handelt net nëmme vun Jazz – en ass Jazz. Mat sengen Jump-cuts, dem onwidderstéileche Sound Mix, an engem pas de deux tëscht Miles Teller an J.K. Simmons, déi sech géigesäiteg zu Héchstleeschtunge pushen, erënnert de Film un dat fir dëse Museksstil typescht Wiesselspill tëscht héijem a luesem Tempo, Dramatik a Rou, Melancholie an Opreegung.

Et ass kaum ze gleewen, dass dëst dem Damien Chazelle säin éischte Film ass, wann ee sech déi perfekt Exekutioun virun Ae féiert. Den eenzege Kritikpunkt ass, dass de Film eigentlech guer keng Geschicht erzielt, an dach repetitiv ass. Mä während dem Kucke fält engem dat kaum op, well de Film esou energiegelueden ass, dass een als Spectateur vollends dran agoe kann.

2. Selma

Wie sech vu Selma eng Hagiographie erwaart, dee läit falsch. De Martin Luther King war e grousse Mann, mä Selma scheit sech net fir och déi Momenter unzespriechen, déi hien absolut mënschlech maachen. De King geet senger Fra friem. E vernoléissegt seng Kanner. En huet Angscht, ass arrogant a mécht sech Suergen ëm säin Ausgesinn. Iwwerhaapt interesséiert de Film sech extrem fir d’Äitelkeet vum King, deem et kloer dorëm s gaang ass dat ze maachen, wat mediewierksam ass. An da fëmmt en och nach. Alles Zich, déi kengem Hellegen entspriechen, mä engem Mann, dee wéi mir all Feeler mécht, an awer gläichzäiteg säi Bescht probéiert.

Hei ass et wou Selma sech vun der Mass ofsetzt. De Film kéint eng Dosen Zeenen presentéieren an deenen d’Ongerechtegkeeten, déi Schwaarzen am Amerika vun de fréie 60er widderfuer sinn, dem Zuschauer virun Ae gefouert ginn. Dat mécht Selma net. Amplaz pickt en sech puer Momenter raus a konzentréiert sech éischter op d’Kampagne vu King a co. fir géint se unzekämpfen. De Film suivéiert senge Personnage mat journalisteschem A, an entwéckelt sech esou rhythmesch bal méi zu engem heist movie, wéi dass en un e klassesche Biopic erënnert.

An awer léisst Selma säin Zil ni aus dem A. Hei geet et och ëm e Message – an dee gëtt duerch dem David Oyelowo seng Charismatik jidderengem ganz no bruecht.

1. Boyhood

Boyhood ass e wonnerbare Film. D’Iddi fir iwwer 12 Joer eng Geschicht weider ze erzielen ass revolutionär gewiescht, mä dofir nach keng Garantie, dass de Film och gutt si muss. D’Qualitéit stécht doran, dass dës 12 Joer domat verbruecht goufen reell Personagen ze zeechnen, déi vun éierlechen Emotioune gedriwwe sinn. Et gëtt Leit, déi dëse Film langweileg fannen, oder déi sech doriwwer iergeren, dass et bis op puer Zeenen ganz wéineg Konflikter gëtt. Mä ech fannen dat erfrëschend, well et vill méi dorëm geet déi subtil Entwécklungen tëscht dësen Zeenen ze erkennen.

Ech hätt dëse Film gekuckt bis dass de Jong an d’Pensioun gaang wier, sou gefesselt war ech opgrond vun där sécheren Exekutioun vum Richard Linklater, dee ganz genee wousst, wat e vum Film wollt a ganz genee wousst, wat seng Schauspiller him bidde kéinten. Kloer ass de Film net spannend, de Jong am Kär vun der Geschicht leeft keng gréisser Geforen, an d’Happy End ass ëmmer sécher. Mä seelen hunn ech e Film gesinn, dee mir esou nogaang ass, well en et perfekt versteet, wat et bedeit Kand, Jugendlechen oder och Mamm a Papp ze sinn.

Wann ech en Oscar verginn dierft, ech géif e Boyhood ginn, deem Film vun dësem Joer, deen och an 20, 30 a 50 Joer de Leit am Gedächtnis bliwwe wäert sinn.

Tags: , , , , , , ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



4 Reaktiounen op Wat den Oscar gutt fënnt, vu mir klasséiert

  1. Joël seet:

    Schéin, erëm Kritiken vun dir ze liesen! An endlech eng Persoun, déi mäi komescht Gefill vis à vis vun “The Grand Budapest Hotel” bestätegt. Just wéi een Maskulinismus falsch verstoe kann, hunn ech net ganz verstaanen – oder mengs de net déi politesch Stréimung à la “AHL”?

  2. Chris Pesch seet:

    Ech denken ech hu mech do einfach just schlecht ausgedréckt, well ech direkt aus dem Kino zeréck un de Computer gehetzt sinn fir den Artikel fäerdeg ze kréien.

    Wat ech gemengt hunn domat ass, dass de Film suggeréiert, dass d’Gesellschaft eng Iddi vum ideale Mann propagéiert, déi an enger Spiral vu Gewalt end. A vu dass sou e Bild vum ideale Mann natierlech d’office Quatsch ass, hunn ech hei vu “falsch verstanenem Maskulinismus” geschwat. Wéi gesot, schlecht ausgedréckt.

  3. Joël seet:

    Okay, ech wollt dech och net ugräifen, mä just nofroen (hätt jo och kéinte sinn, datt de Begrëff e puer Bedeitungen hätt oder datt et am Film och dorëms geet). Merci fir d’Opklärung!

  4. Chris Pesch seet:

    Hunn et net als Ugrëff opgeholl! Merci fir d’Nofro. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑