Film Rey-Finn-running

Publizéiert den 18.12.2015 | vum Jacques Schiltz

0

Star Wars – Dat Disney-Franchise Knippelt Retour

An dëser Kritik wäert ech näischt iwwert de Plot vu Star Wars : The Force Awakens präisginn. Allerdéngs wäert ech e bëssi méi am Detail iwwert déi al an zemools déi nei Personnage schreiwen. Wee komplett onbefaangen an de Kino goe wëll, sollt dësen Artikel net liesen.

Et wor eng Fro vun der Zäit, bis decidéiert gouf d’ Star-Wars-Episoden VII, VIII an IX iergendwann awer z’erzielen. Star Wars ass eng Geldmaschinn, déi Profit mécht, egal op d’Filmer gutt oder schlecht sinn. D’Zäit tëscht Return of the Jedi (1983) an The Phantom Menace (1999) huet gewisen, datt Star Wars net op nei Kinosfilmer ugewisen ass, fir sech wéi blöd ze verkafen. Et wiere mol keng weider Filmer néideg gewiescht, fir déi 4,05 Milliarden Dollar, déi Disney 2012 ausginn huet fir Lucasfilm opzekafen, a kierzter Zäit nees eranzekréien. Soit. Eng Sequel-Trilogie gouf séier annoncéiert, och solle weider Spin-offs kommen, an ech gleewen net drun, datt no Episode IX op eemol Schluss soll sinn. A wa se bei Disney a Lucasfilm et packen, d’Qualitéit vun The Force Awakens an Zukunft bäi ze behalen… ëmmer hir domat!

Ech ginn et zou, ech sinn Fanboy. Nee, ech hu keen Toaster deen dem Darth Vader säin Helm an d’Brout brennt, ech kann och mat de Prequels a mat de Serien näischt ufänken, mä ech hänken immens un der Originaler Trilogie. An domat mengen ech déi ouni CGI an där den Han Solo als éischt geschoss huet. Dës Trilogie ass et, wat déi meescht Fans, an och ech, mat dem Begrëff “Star Wars” verbannen. A wann de Fans hir Uspréch net erfëllt gi, gi se queesch. Ganz queesch. D’Prequel-Trilogie, déi tëscht 1999 an 2005 an de Kinoen ugelaf ass, huet d’Fans net nëmme rose gemaach, mä carrément duerch déi fënnef Kübler-Ross-Phase gejot. Wéi ze erwaarde wor, distanzéiert sech The Force Awakens gréisstendeels vun den enttäuschende Prequels a gräift op genee dat zréck, wat Star Wars ursprénglech ausgemaach huet.

Okay, et passéiert enorm vill, wat engem iergendwéi bekannt virkënnt. Wéi hätt et och anescht sollte sinn? Sämtlech Star-Wars-Filmer déi bis haut erauskomm sinn (d’Prequels an déi original Trilogie), haten als Thema, datt d’Geschicht sech a Form vu verschiddene Variatioune widderhëlt. Sécher wäerte Leit dem Film virwerfen, soss näischt wéi e Reboot oder esouguer e Remake vu senge Virgänger aus de 70er an 80er ze sinn. Mä ween dat mécht iwwersäit seng Originalitéit, seng Léift zum Detail an, jo, seng Leidenschaft.

Dem Film seng gréisst Stäerkt sinn d’Personnagen, woubäi et erstaunlecherweis grad déi nei sinn, déi e staarken Androck hannerloossen. Ech mengen net, datt ech ze vill verrode, wann ech d’Rey als Protagonistin vum Film bezeechnen. E staarke weibleche Personnage? E staarke Personnage! Eng Fra, déi op keng männlech Hëllef ugewisen ass. Gespillt gëtt d’Rey vum Daisy Ridley, dat de Luke Skywalker aus deenen ale Filmer plazeweis blatzeg ausgesi léisst. Groussaarteg.

Him zur Säit steet de Finn, ee Stormtrooper, deen… nujee… gréisser moralesch Problemer mat sengem Job huet. Ee Mënsch, dee probéiert vu senge Problemer fortzelafen, gedriwwe vun enger Panik, déi ee sengem Duersteller, dem John Boyega, an all Action-Sequenz am Gesiicht ofliese kann. Et steet zu all Moment eppes um Spill.

En extra Luef verdéngt awer deejéinegen, deen de BB-8 entworf huet. Dee klenge Volleyball-Droid dierft d’Häerz vun all Mënsch mat enger Grëtz Humor méi schnell schloe loossen a wäert wahrscheinlech net nëmme Kanner dozou verleeden, kuerzfristeg nach eng total iwwerdeiert smartphonegesteiert Miniatur op d’Wonschlëscht fir Chrëschtdag ze setzen.

E puer Personnagen ginn allerdéngs e bëssi ënner: De Pilot Poe Dameron (Oscar Isaac) an d’Stormtrooper-Cheffin Capitain Phasma (Gwendoline Christie) kommen e bëssi ze kuerz, och wann d’Acteuren hir Saach ganz gutt maachen. Grad vum Christie (Brienne of Tarth aus Game of Thrones) hätt ech gär méi gesinn.

Wat déi al Personnage betrëfft, sou mécht et wierklech Freed se erëmzegesinn. Zwar sinn d’Leia, den Han Solo an den Chewbacca e puer Joer méi al ginn, mä hir Präsenz wierkt zu kengem Moment deplacéiert oder forcéiert. Beim Harrison Ford huet een d’Impressioun, datt et him zur Ofwiesselung mol nees eng Kéier Spaass mécht, an engem Film matzespillen. Och de C-3PO an den R2-D2 suerge fir eng Rëtsch wierklech witzeg Momenter, bei deenen de ganze Kinossall haart gelaacht huet. Grad déi Zeenen, an deenen d’Personnagen aus der Originaler Trilogie zesummen optrieden, hu mech zum Deel bal zum Kräische bruecht. Sentimental? Kloer. Mee déi Zeenen hu méi emotional Éierlechkeet, wéi déi dräi Prequel-Filmer zesummen.

Eng Science-Fiction- oder Fantasy-Geschicht ass bekanntlech nëmme sou gutt wéi hiren Antagonist, an dësem Fall de Kylo Ren, gespillt vum Adam Driver. Jo, hien huet e schwaarzen Ëmhank an eng Mask un, an awer handelt et sech hei net ëm eng Kopie vum Darth Vader. De Personnage huet eng Onsécherheet, eng Mënschlechkeet an trotzdem eng Grausamkeet, déi hien zu engem immens originelle “Béise” maachen.

Wat de Mark Hamill an d’Roll vum Luke Skywalker betrëfft, kann ech näischt soen, weder luewen nach kritiséieren, ouni an de Spoiler-Beräich ze driften. Dofir loossen ech dat elo sinn. Loosst iech iwwerraschen!

Okay, wat muss nach gelueft ginn? Ajo, d’Dréibuch vun den Häre Lawrence Kasdan, J. J. Abrams a Michael Arndt, souwéi dem Abrams seng Regie. Am Verglach zu senge Star-Trek-Filmer hält sech den J. J. Abrams gréisstendeels zréck, wat seng oft kritiséiert Virléifte fir Lens Flares a Metahumor ubelaangt. Wat mer amplaz ze gesi kréie si vill schéi laang Kameraastellungen, déi e Kontrast zu deene meeschten anere modernen Action-Filmer schafen, bei deene Vitesse a Kaméidi am Virdergrond stinn. D’Dréibuch an d’Regie ginn immens respektvoll mat deem Stoff ëm, deen déi meescht Fans mat Star Wars verbannen, a packt et doduerch ee Resultat ze kreéieren, dat engersäits eng Hommage ass, anerersäits ganz gutt op eegene Féiss stoe kann: Et ass einfach e gudde Film. Wann een de Film mat der néideger Oppenheet kuckt, wäert een en ze appreciéiere wëssen.

Net, keng Schwächten do wieren. Och wann hei CGI absolut minimal agesat gëtt, hunn ech mer heiansdo nach manner gewënscht. An och wann ech mer net erwaart hunn, datt den J. J. Abrams d’Polver nei erfënnt, sou gouf ech bei eenzelnen Zeenen eng Grëtz ze staark un den éischte Film, Star Wars (och bekannt ënnert dem Titel Star Wars: Episode IV – A New Hope) erënnert. Trotzdem, Star Wars : The Force Awakens huet net nëmmen d’Potential al Fans zefriddenzestellen an e jonke Public fir eng Galaxie, déi wäit, wäit ewech ass, ze begeeschteren, mee et ass nieft Mad Max : Fury Road an dësem Joer schonn déi zweet wichteg Erënnerung, datt et méiglech ass, mat engem ale Franchise an engem ale Rezept spannend an inspiréierend Geschichten z’erzielen, déi sech och haut nach frësch ufillen.

War eng Fortsetzung zur Originaler Trilogie néideg? Nö. Mä se ass elo do, an ech freeë mech schonn, se fir d’Zweet an de Kino kucken ze goen.

Star Wars : The Force Awakens
USA 2015
Regie: J. J. Abrams
Dréibuch: Lawrence Kasdan, J. J. Abrams & Michael Arndt
Duersteller: Harrison Ford, Mark Hamill, Carrie Fisher, Adam Driver, Daisy Ridley, John Boyega
Längt: 135 Minutten

Tags: , , , , , ,


Iwwert den Auteur



Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑