Theater 1282-606x404

Publizéiert den 26.9.2015 | vum Chris Pesch

1

Independent Little Luxembourg, du hannerhältegt Stéck Schäiss

D’Ironie dierft deene mannsten entgaange sinn, dass en Theaterstéck iwwert den Nation Branding, wat vu grad emol 200 Leit gesi gi konnt, méi héich Welle geschloen huet wéi den Nation Branding selwer. Dobäi ass d’Diskussioun ëm Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss bal zu engem eegene klenge Stéck Duerftheater ginn, wat nieft dem eigentleche Wierk ofgespillt gouf an an den Haaptrollen esou illustere Lëtzebuerger Originaler wéi Reding, Kartheiser an Nagel gecast huet. Just d’Astrid Lulling huet eigentlech gefeelt – mä dofir dierf een dat an Independent Little Luxembourg gesinn, engem zweeten Theaterstéck, wat sech mat der Natioun ausernee setzt.

Mä all ze vill Schnëttstellen tëscht deenen zwee Stécker gëtt et eigentlech net. Während d’Matière eng ähnlech ass, ass d’Method eng aner. Richtung 22 konzentréieren sech op den Nation Branding als Ugrëffsfläch a presentéieren, wéi fir si üblech, eng méi oder manner kohärent Narrativ, am Laf vun där esou zimlech alles duerch de Kakao gezu gëtt, wat usazweis mam Thema ze dinn huet. Highlights waren déi quasi perfekt Impressioun vum Pierre Gramegna duerch de Lars Schmitz an d’Virliesen an Iwwerschaffen vum “Zouverlässeg – Oppen – Dynamesch” Text, deen d’Resultat vum Nation Branding ass. Wat bleift waren eng Stonn an zwanzeg Minutten an deenen ech gutt gelaacht hunn, wuel wëssend, dass dat wat ech gesinn hunn eigentlech zum Kräische war.

Wann et eppes gouf, wat mech gestéiert huet, war et déi repetitiv Momenter an deene verschidde Personnagen dru gescheitert sinn iergendeppes opzezielen wat Lëtzebuerg ausmécht, ausser senge Banken. Bei der éischte Kéier war et natierlech witzeg, well d’Fro wat Lëtzebuerg dann eigentlech duerstellt, all Mënsch mat enger Grëtz Verstand scho mol komm si misst. Souguer d’Afen, déi Lëtzebuerger mat oi, schreiwen, géifen et schwiereg fannen iergendeng hanebüchen Definitioun fir d’Land ofzeginn. Mä spéitstens bei der fënnefte Kéier stellt een sech dann d’Fro: gëtt et da wierklech näischt, wat dir u Lëtzebuerg iergendwéi ze schätze wësst?

Wat mech doru stéiert, ass, dass si sech op eng gewëss Weis selwer mat dëser falsche Bescheidenheet kleng maachen. Ëmmerhin huet dat rezent Lëtzebuerg e Kollektiv u kreativen, kritesch denkende jonke Kënschtler ervir bruecht. Natierlech ass dat keen Allengstellungsmierkmal vum Land. A leider ass et och keng allgemeng Qualitéit vum Land senge Bierger. An awer: et gëtt dës méi oder manner opfälleg Stréimungen, déi Lëtzebuerg och dann als Plaz definéiere kënnen, wa mir bis den Täuschhandel rëm agefouert hunn. A ganz éierlech: gutt, dass mir eng Plaz sinn, wou Jonker en Theaterstéck kënnen opféieren an deem si d’Regierung an hir Lobbies auserneen huelen, d’Land als “Stéck Schäiss” bezeechnen, an dofir 2000€ vum Ministère de la Culture kréien.

Mir wäerten et net fäerdeg bréngen Rieslingspaschtéiten international zu identitéitsdroende Kultobjete wéi Croissanten héich ze stiliséieren. Ech géif awer trotzdem mengen, dass wann een d’Aart a Weis, wéi d’Regierung plangt eis virun de Won ze spanen fir Reklamm fir eis Banken ze maachen, net gutt fënnt, et besser wier eng Alternativ ze proposéieren. Richtung 22 an d’Produktioun vun Independent Little Lies bidde sou eng Alternativ – vun engem wierklech oppenen an dynamesche Land, mä op mannst déi éischt verkafen sech ze bëlleg, obwuel se et fäerdeg kréien e groussen Deel vum Land rosen ze maachen.

D’TOL / ILL Produktioun Independent Little Luxembourg geet d’Sich no Alternativen méi proaktiv vir. Geneesou kritesch wéi Richtung 22, verfält d’Stéck mat den exzellente Frédérique Colling a Jacques Schiltz* net dem Zynismus, dee bei Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss souguer dat eegent Stéck mat abegräift. Independent Little Luxembourg wërft säin Netz méi wäit aus, a bréngt TTIP, Nation Branding, lokal Produktioun a vill méi ënnert een Hutt fir e gréisseren, allgemengen Malaise vun eiser Gesellschaft ze beschreiwen.

D’Produktioun versicht net eng eenzeg Geschicht ze zielen, mä konzentréiert sech op e puer Vignetten, déi d’Roll vum Land an engem internationale Kontext e bësse méi holistesch ukucken. Wat d’Stéck awer virun allem auszeechent ass säi Fokus op d’perséinlech Responsabilitéit vun all Mënsch. Eng humoristesch Aféierung an d’Welt vun der Mëllechproduktioun bei Luxlait end an enger éierlecher Reflektioun iwwer d’eegent Konsumverhalen. Wa Lëtzebuerg e Stéck Schäiss ass, dann ass dat och sou, well d’Majoritéit vun de Leit stëll dobäi nokuckt, wéi d’Land säi Wee duerch d’Daarmträkt vun verschiddene nationalen an internationalen Interessevertrieder mécht.

Duerch dee méi wäit schweifende Bléck kréien déi deels net ze faassend Witzer eng perfekt Bühn. Duerch d’Ofwiesslung vu méi serieuxe Momenter mat komplett abstrusen Zeenen kënnt den Humor réischt esou richteg zur Entfaalung. Independent Little Luxembourg ass – wéi och Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss – insgesamt e wonnerbart Stéck, zemools well et d’Zäit an där mir liewen reflektéiert an eppes dozou ze soen huet. Wien aus den zwee Stécker raus kënnt an net op mannst e bëssen zum Denken ugereegt ginn ass, huet alt wéinstens gutt gelaacht.

Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss gouf 4 Mol am Théâtre du Centaure opgefouert. Weider Opféierunge sinn am Moment net geplangt. Independent Little Luxembourg gëtt nach den 1., 2., 8. an 9. Oktober am TOL opgefouert. Méi Infos an Tickete gëtt et hei.

* Jo, dee Jacques, dee fir Pianocktail geschriwwen huet.

Foto source: ill.lu

Tags: , , , ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



Eng Reaktioun op Independent Little Luxembourg, du hannerhältegt Stéck Schäiss

  1. Pingback: Pressereaktiounen | Richtung22

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑