Kultur zerschmettert

Publizéiert den 4.4.2015 | vum Thorben Grosser

0

Gutt Musék

Eng Kéier am Joër kennt et viir, dass ech eng Band enddecken, bei däer ech mech beim éischten Lauschtren komplett verléiwen. Souvill, dass ech all mengen Frënn dovunn zielen. Leit ongefrot op Amazon d’CD kaafen an verschenken. Jhiddereen op WhatsApp mat Spotify-Links bombardéiren. Ech wëll iech kuerz meng Plakk vum Joër 2014 viirstellen, an iech begeeschtert matdeelen, dass ech 2015 scho fonnt hunn:

Schau in den Lauf, Hase vun Die Höchste Eisenbahn

TR256_DHE_cover_RGB_02Schau in den Lauf, Hase, fänkt un mat engem kuerzen Dialog

Wie geht es dir?
Nicht schlecht, nicht gut, wahrscheinlich genau wie dir nur du gibst es nicht zu (Mir geht es gut)
Ja klar so siehst du aus, aus deinem Arsch scheint ein ganzes Sonnensystem raus (Warum so rüde?)
Weil ich wütend bin, weil ihr überall seid wo ich hingehen will
Mit euren Traumreisen, euren Geldversprechen, euren schneeweißen Smartphonelächeln

An et ass esou erniichternd an iwwerwältegend, wéi vun deem Punkt un, an duech de ganzen Rescht vum Album einfach alles verschafft gëtt, wat et ustrengend mecht tëscht 20 an 30 ze sinn, wat et ustrengend mecht an deser Zäit ze liewen, an awer och wat et schéin mecht.

Jagd und Hund vun LOVE A

113323Um Wee moies op d’Aarbecht huet eng Frendin mir deen Album geschéckt. Aus Grénn berufflecher déformatioun wosst ech direkt, dass “Jagd und Hund” eng vun de gréissten Foiren zum Thema Juegt ass, wat awer guernet zur Saach deet. Wat vill méi wichteg ass, ass dass LOVE A (déi, irrelevanterweis, zum Deel aus Tréier kommen) keng Angscht ze hunn, déi Post-Punk-Schinn ze fueren, déi et soss vill ze seelen gëtt, an ech ausserdem Bands déi mir gefalen, wéi Oma Hans, Nuclear Raped Fuck Bombs, Schneller Autos Organisation an sou virun ëmmer réicht dann entdecken, wann se sech opgeléist hunn, wat dozou féiert dass ech nie kann op sou Concerten goen. Mee hei witteren ech meng Chance. Op allen Fall, propperen, haarden Post-Punk op Däitsch, wien kann do nee soen.

Voilà. Besuergt iech déi Musek, well se ass vu mir fir gutt befonnt.

Lo muss ech net méi Haftbefehl rop an rof lauschtren.


Iwwert den Auteur

Nerd mat eegenaartegen Meenungen. Huet Event Management studéiert, mecht lo eppes mat Computeren an Events. Béier-Fan an Wahl-Berliner.



Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑