Film the-revenant-fn01

Publizéiert den 25.2.2016 | vum Chris Pesch

0

E schlechte Choix

Generell schéngt et dorop eraus ze lafen, dass d’Academy of Motion Picture Arts and Science dëse Sonndeg ee vun zwee Filmer als de beschte vum Joer 2015 zeréck behale wäert: The Revenant oder The Big Short. Kloer, et sinn nach sechs aner Filmer fir den Toppräis an der Course. Mä ze denken, dass eppes anescht eng Chance hätt, ass ongeféier esou naiv wéi ze gleewen, dass den Ali Ruckert den nächste Premier vu Lëtzebuerg gi kéint.

The Revenant huet net nëmmen de Golden Globe gewonn. Vill méi wichteg fir seng Chance sinn d’Industriepräisser wéi den DGA Award fir den Alejandro Gonzalez Iñarritu an och de BAFTA. The Big Short huet dogéint de PGA Award gewonn, deen op déi nämlecht Aart a Weis bestëmmt gëtt wéi den Oscar. Zënter 2006 huet de PGA Gewënner och ëmmer den Oscar gewonnen. Dogéint schéngt de SAG Ensemble Präis, dee Spotlight ageheimst huet, dach onbedeitend ze sinn.

Dat wieren se also, déi zwee beschte Filmer vum Joer; The Big Short an The Revenant. An, op mannst a mengen Aen, ass et eigentlech egal wéiee vun deenen zwee e Sonndeg an d’Annalen ageet. Et ass egal wéi e schlechte Choix – a villerlee Hisiicht. Déi zwee bescht amerikanesch Filmer vum Joer – Inside Out a Carol – sinn net emol nominéiert fir de Präis, an domat komplett aus der Course eraus. Mä dat heescht net, dass een net e wierdege Choix kéint treffen, deen och an engem hallwe Joerhonnert nach gutt ausgesäit. Do wier éischtens d’Méiglechkeet mat Spotlight engem thematesch wéi technesch impressionante Film de Präis ze ginn. Anerersäits kéint een mat Mad Max: Fury Road en intelligenten an innovative Blockbuster auszeechnen.

Mä de Konsens leeft leider op zwee aner Filmer eraus. An net nëmme sinn dës Filmer net de beschtméigleche Choix, et sinn esouguer insgesamt schlecht Filmer. The Big Short erzielt d’Geschicht vun der Finanz- a Wirtschaftskris aus der Perspektiv vun dräi Gruppéierungen, déi d’housing bubble komme gesinn hunn, an doduerch grouss vum Crash profitéiert hunn. Objektiv betruecht, ass dëst e wierdegt Thema, wat gutt behandelt genuch Stoff misst bidden fir en iwwerzeegende Film ze kreéieren.

Leider geléngt dem Adam McKay dat zu kengem Moment. Am einfachsten erkennt een dëm Film seng Lacunen, andeem s een e mat Spotlight vergläicht, engem weidere Film, deen rezent reell Evenementer nozeechent. Wou Spotlight all senge Personnagen, de Journaliste vum Boston Globe eng eege Motivatioun an e perséinleche Konflikt op de Wee gëtt, scheitert The Big Short schonn alleng un der Hürd aus senge Charakteren méi wéi reng Symboler ze maachen. Dem Christian Bale säi Personnage gëtt alleng doduerch, dass hien en A aus Glas huet dozou gedriwwen, sech um System ze rächen, während een sech net emol d’Méi mécht op dem Steve Carell seng ach-sou-mysteriéis Hannergrondgeschicht anzegoen.

Och didaktesch ass de Film eng eenzeg Katastroph. Natierlech sinn dës Finanzthemen fir Laie komplizéiert ze verstoen, mä dat dierft een awer net dorun hënneren se Schrëtt fir Schrëtt kloer opzebauen. Trotz permanenter Expositioun, déi d’Personnage – zemools dem Carell säin – manner clever wierke léisst, an erzieleresch idiotesche Momenter an deenen Margot Robbie, Anthony Bourdain an aner Leit vun deenen ech net wierklech weess, wien se sinn, de Spectateur fir domm verkafen, geléngt et dem Film net kloer ze maachen, wat dës Leit hei eigentlech stiichten. A während all deem gëtt mat esou enger nerveger Regelméissegkeet erwähnt, dass all dëst wierklech geschitt ass, dass et wahrscheinlech esouguer Richtung22 ze vill gewiescht si kéint. An da stellt sech natierlech eraus, dass dem Steve Carell säi Personnage eng Fiktioun ass, an et freet een sech, wat dee ganze Blödsinn eigentlech soll.

Zum Film senger Éiererettung kann ee soen, dass en den Zynismus an d’Roserei verënnerlecht, déi dës Thematik duerchaus verdéngt hunn. Allerdéngs ass et rëm eng Kéier en narrative Feeler, dësen den Trader, déi vun der Kris profitéiert hunn zouzegestoen, amplaz, dass déi wierklech Affer kéinten e Moment vun Unerkennung kréien. Si komme just vir an enger peinlecher Sexhibitiounszeen, an där sech de Steve Carell d’Idiotie, déi zur Kris gefouert huet vun enger Stripperin erkläre léisst, déi net versteet, a wat fir eng verkéiert Lag si bruecht gouf, an an zwou Zeenen an deene mer e Familljepapp gesinn, wéi e fir d’éischt a sengem gelounten Haus an duerno – nom Verloscht vu sengem Doheem – op enger Tankstell traureg drakuckt.

Zitt een nach emol de Verglach mat Spotlight, gëtt engem kloer, wéi onzoulänglech dës Duerstellung ass. A Spotlight sinn den Affer hir Temoignagen de Kärpunkt vun der Investigatioun vum korrupte System, deen d’kathoulesch Kierch opgebaut huet fir Mëssbrauch ze verstoppen. D’Journalisten ginn – entgéint deem, wat een a munneche Presseorganer liest – net emol esou heldenhaft duergestallt, ganz am Géigesaz zu den eigentlech verwäerflechen Trader an The Big Short.

Summa summarum ass The Big Short e Film mat groussen Ambitiounen, deen awer massiv scheitert, well d’Visioun net zu deem gepasst huet, wat d’Thematik vum Film eigentlech gebueden huet. The Revenant huet wahrscheinlech nach méi grouss Ambitiounen a Visiounen, scheitert allerdéngs dorun, dass en iwwerhaapt keng Thematik huet. Et ass e bildgewaltegt Opus, wat sech iwwer zwou an eng hallef Stonn zitt fir näischt, awer och wierklech guer näischt, ze soen.

Am Kino sinn d’Biller dem Realisateur seng Sprooch. Mä spektakulär Biller bedeiten net onbedéngt, dass et eng spektakulär Ausso gëtt. De Film ass den zineasteschen Equivalent zum Russell Brand – e benotzt eng gefleegte Sprooch an där wonnerbar, deels rar Wierder dra virkommen fir dee banaalste, pupegste Message matzedeelen, deen ee sech virstelle kann. The Revenant ass thematesch esou eidel, dass ech meng negativ Haltung zu Birdman bal hannerfrot hätt.

Bei aller Léift zum Leonardo DiCaprio, dee wann e wëll, extrem vill Charme op den Ecran zaubere kann – mä dës Roll fir déi e sou vill gelidden huet – a Merde, wann een dat net mat all Moment an deem e grunzt oder granzeg drakuckt gesäit – ass absolut net derwäert, dass hir e Film dediéiert gëtt. De Film berout op der Revanche, déi dem DiCaprio säi Hugh Glass um Tom Hardy sengem Fitzgerald huele wëll, nodeem dësen säi Jong ëmbruecht huet, an hien am Bësch leie gelooss huet, fir dass och hie stierwe soll. Leider brénge weder den Iñarritu nach den DiCaprio et jee fäerdeg dës Tensioun glafwierdeg ze inszenéieren.

D’Biller, déi den Emmanuel Lubezki agefaangen huet, sinn zwar bombastesch, mä komplett onpassend fir den interne Konflikt duerzestellen, deen dës Personnagen anscheinend duerchlafen. Dëst ass keng epesch Geschicht, zemools net, well den zwëschemënschleche Relatiounen wéineg bis guer keng Beuechtung geschenkt gëtt. Vill méi ass et einfach just en Exercice dran fir ze kucke, wéi vill filmesche Misär een engem eenzege Personnage undoe kann. Dass dësen zu all Moment ouni Konsequenz ass, a just als Effekt déngt, mécht de Film awer nach méi schwéier verdaulech.

Apropos schwéier verdaulech, ginn et zwou Zeenen, déi dem Iñarritu seng thematesch Planglosegkeet absolut onmëssverständlech ënnersträichen. An engem éischte Moment gesi mir den DiCaprio e Fësch réi iessen, obwuel keng fënnef Meter vum Floss aus deem en d’Déier huet ewech e Lagerfeier brennt op deem en d’Déier kache kéint. E puer Minutten duerno widderhëlt sech dëst Schauspill, wéi den DiCaprio endlech, déi mëttlerweil weltbekannte réi Bisonliewer ësst, obwuel en direkt niewent engem Feier steet op deem en dat gutt Stéck brode kéint.

Et muss ee kee Genie sinn fir ze erkennen, dass hei Leit um Wierk waren, déi net wierklech woussten, wat se maache géifen a fir déi e bizare Maskulinismus duerzestellen dat eenzegt relevant Zil war. Jo, dat gesäit alles gutt aus, mä dass de Lubezki wéi keen aneren Biller afänke kann, huet e scho widderhuelt bewisen an The New World, Children of Men, The Tree of Life oder och a Gravity. Just do ware seng Kamerabeweegungen wierklech innovativ a se hunn alt wéinstens nach eppes bedeit. Am Déngscht vun The Revenant gëtt säin A fir e wonnerschéint Bild wéi eng Pärel viru Sai gehäit.

Den W.H. Auden seet a sengem “Musée des Beaux Arts”:

About suffering they were never wrong,
The old Masters: how well they understood
Its human position: how it takes place
While someone else is eating or opening a window or just walking dully along (1-4)

Wat The Revenant spéitstens kloer mécht, ass, dass den Alejandro Gonzalez Iñarritu kee Breughel ass, a wahrscheinlech och ni ee si wäert. Wou de Film d’Méiglechkeet gebueden hätt e Western als Grënnungsmythos vun den USA ze kreéieren, bleift am Endeffekt näischt anescht wéi vill waarm Loft – okay wéineg waarm Loft, an dofir awer Äis a Schnéi. De Film ass also keen Deit besser wéi dem Tarantino säi katastrofalen The Hateful 8, deem ee wéinstens zu gutt hale kann, dass d’historesch Ramificatiounen dem Regisseur bewosst waren, och wa säi Message dofir ëmsou méi zum Katzen ass.

2015 war e gutt Filmjoer. An e gutt Filmjoer huet och e wierdege Gewënner vum Oscar fir de beschte Film verdéngt. Mä ech fäerte ganz, dass schonn a fënnef Joer d’Leit op dëst Joer zeréck kucken, a sech froen, wat der Däiwel sech d’Leit dobäi geduecht hunn.

Soit. Et ass just e Filmpräis. An déi Fro, wat der Däiwel a Wieler hire Käpp virgeet, stellt sech dëser Deeg jo nach op ganz anere Plazen.

Tags: , , , , , , , , , , ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑