Politik Monkey teacher

Publizéiert den 24.6.2013 | vum Chris Pesch

5

D’Afen am Zoo

Ech wëll net behaapten, dass et einfach ass Af an engem Zoo ze sinn. Du liefs an engem Ëmfeld, wat net natierlech ass, an deng Aufgab ass et esou opzetrieden, dass de Leit eng Zort Realitéit virgaukels, déi fir si léierräich mä och iergendwéi amüsant an interessant ass. Et gehéiert dozou, dass een all Dag funktionéiert fir d’Leit bei der Laun ze halen, well soss d’Konzept Zoo iergendwann iwwerholl ass an d’Afen ganz einfach op den Tipp fléien. Du bass am Fong e Motivator widder Wëllen, well s de Saache vollbrénge muss (dat heescht d’Leit op dech opmierksam maachen) wou s de eigentlech dovun ausgeess, dass se scho mat där Intentioun bis op deng Aarbechtsplaz kommen.

Dobäi kënnt natierlech d’Tatsaach, dass net all Af nämmlecht ass. Et gëtt déi, déi de ganzen Dag ronderëm lafen a kloteren, an et gëtt déi, déi näischt léiwer maachen wéi ënnert engem Bam ze leien an näischt ze maachen. Wat si awer alleguer gemeinsam hunn, ass, dass si zu all Moment dem Verdikt vun aneren ausgesat sinn. An och wann d’Leit net verstinn, wat an den Afe virgeet, sou erwaarden se all Dag wou se sech an den Zoo beginn Topleeschtungen, an si béis, wann et eng Kéier net de Fall ass. Et ass eng komesch Saach mat den Afen, well de Public gréisstendeels net versteet, wat do leeft, an awer ëmmer wëll e Wuert mat schwätzen.

Well den Afe geet et jo net schlecht. Si si gutt gefiddert, brauchen net vill ze schaffen, well se d’Iessen net selwer besuerge mussen, kënnen all Dag déi nämmlecht Tricks opféieren, an zu gudder Lescht brauche se sech keng Suergen ze maachen, dass iergendee gréissert Déier si frësst, well se där Gefor an hirer Carrière net ausgesat sinn. Wa si och just eng Kéier missten an der fräie Wildnis liewen, wéissten se wéi gutt, dass et hinne geet, a géifen hir Laune vergiessen.

Mä dat ass just eng Hypothees; Tatsaach ass, dass si do si wou se sinn, a sou si wéi se sinn. D’Leit uerteelen iwwert si, an alles wat se maache kënnen fir dat Uerteel ze beaflossen, ass sech vun hirer beschte Säit ze weisen an iergendwéi mat hirer Pluralitéit eens ze ginn, an awer un engem Strang ze zéien. Dass dat schwéier ass, ass kloer. Dass een sech heiansdo mol aus dem Wee geet, ass onausweichlech. Geféierlech fir si fänkt et awer un ze ginn, wann se ufänken sech mat Schäiss ze bewerfen. Well dat Bild bleift.

“Weess de nach deen Af, deen iwwert e Meter vun engem Aascht op den nächste gesprong ass?”, soe vläicht eng Hand voll Leit, déi aus dem Zoo erauskommen. “Weess de nach déi Afen, déi mat Kack openee geheit hunn?”, ass eppes dat héiert ee méi dacks. An aus einfachen Afen mat engem Mëssverständnes, ginn am Volleksmond notoresch Kackwerfer. De Respekt ass flöten, an et kann een nach sou schéin a grazil an d’Kroun vum Bam kloteren, dat ännert näischt méi dorun. Dee Moment wou d’Fäkalien fléien, ass d’Connotatioun eng nei. An et sinn net just déi Afen, déi geschmass hunn, déi elo donieft ausgesinn: et si se alleguer.

Bild: Monkey Buddies

Tags: ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



5 Reaktiounen op D’Afen am Zoo

  1. Joël seet:

    Immens, wéi deen Text eréischt seng Bedéitung kritt, wann een d’Tags liest. Mä Afen hu jo awer keng Gewerkschaft.

  2. Chris Pesch seet:

    Merci. Dat war meng Intentioun.

  3. Thierry seet:

    Fantastesch Allegorie!

  4. Jerome seet:

    Tags um Schluss hunn usech just konfirméiert wat ech mer zimlech séier geduecht hat (vu dem Auteur seng Aarbechtsplaatz). Mee en effet en cool Allegorie.

  5. Chris Pesch seet:

    Merci Thierry a Jerome! Ech hat geduecht, dass d’Bild vläicht och e bëssen an déi richteg Richtung lenke géif.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑