Pianocktail » TV

Tëlee am Joer 2015
Archer. Better Call Saul. Black-ish. Bob’s Burgers. Broadchurch. Brooklyn Nine-Nine. Chef’s Table. The Daily Show with Jon Stewart. Daredevil. Game of Thrones. Girls. The Great British Bake-Off. Hannibal. Inside Amy Schumer. Jessica Jones. Key and Peele. Les Revenants. Louie. Masters of Sex. Mr Robot. New Girl. Sense8. Show Me a Hero. Silicon Valley. Supergirl. Survivors Remorse. The Good Wife. The Grinder. The Last Kingdom. The Last Man on Earth. Last Week Tonight.  Transparent. Unbreakable Kimmy Schmidt. Veep… iergendwann gëtt et engem awer alles ze vill.

2015 war d’Joer an deem op eemol kee méi – dir vläicht, ech net – den Iwwerbléck iwwert dat gehalen huet, wat alles op der Tëlee ze gesi war. A souguer wann ech et wousst, hätt ech mech Orphan Black-style klone missen fir all dës Serien ze kucken. Vläicht wier souguer een dobäi gewiescht, deem True Detective gefall hätt. Op alle Fall gouf et eelef Serien, déi fir mech iwwert allem anere stoungen:

11. You’re the Worst

Huet mech déi éischt Staffel vu You’re the Worst komplett iwwerrascht, sou ass déi zweet eng aner Geschicht, well d’Erwaardungen déi Kéier natierlech anerer waren: existenter. An no engem luese Start, deen gewierkt huet, wéi wann d’Serie sech op dat konzentréiere wéilt, wat dat éischt Joer sou erfollegräich gemaach huet, ass déi zweet Hallschent vun der Staffel eng vun den interessantesten, déi ech jee am Comedy-Genre gesinn hunn. Weiderhin extrem witzeg, huet You’re the Worst sech mat dem Thema Depressioun engem besonnesch komplizéierte Sujet ausgesat.

10. Parks and Recreation

Parks and Recreation hat iwwert déi lescht puer Joer nawell u Schwong verluer, an ass awer ëmmer eng vun de witzegste Shows op der Tëlee bliwwen. A sengem leschte Joer huet e cleveren Zäitsprong no vir an d’Joer 2017 nei Reizer gesat, an deenen d’Leslie sech mam Ron zerstridden a verséint huet, den Andy nei Weeër gaang ass an de Jean-Ralphio säi leschte groussen (idiotesche) Coup geland huet. Déi lescht Staffel vu Parks and Rec war exzellent, an déi lescht Episod ee vun de beschten Äddien, déi ee sech wënsche kéint.

9. Halt and Catch Fire

Déi éischte Staffel vun Halt and Catch Fire, enger Serie iwwer Computerentwéckler an den 80er, war relativ ustrengend. D’Personnagen hunn ufanks net funktionéiert, d’Story war ze speziell an d’Erzielweis ze opreiwend fir eng Narrativ, déi eng méi subtil Approche gebraucht hätt. Mä am Laf vum éischte Joer hunn d’Leit hannert der Serie no an no de richtegen Toun fonnt, deen dunn am zweete Joer richteg Friichte gedroen huet. Duerch e méi grousse Fokus op déi weiblech Personnagen ass Halt and Catch Fire e wesentleche qualitative Sprong gelongen, deen och de männleche Protagonisten weidergehollef huet. Alles ass ewell méi entspaant an doduerch méi glafwierdeg. Kee Wonner, dass ech no méintelaangem Waarden haart gejubelt hunn, wéi awer eng drëtt Staffel annoncéiert gouf.

8. Rectify

Et soll jo Leit ginn, déi Rectify primär kucken, well se wësse wëllen ob den Daniel Holden schëlleg ass oder net. Ech denken, déi Leit hunn de Sënn vun der Serie komplett verfeelt. Rectify geet a senger drëtte Staffel, wouran den Daniel nach ee Mount huet, bevir en d’Stad an där e grouss ginn ass, verloosse muss, zwar endlech konkret der Fro no ob den Daniel seng Frëndin ëmbruecht huet oder net, mä et bleift weiderhin vill méi interessant ze gesinn, wéi dës Evenementer déi involvéiert Personnagen beaflossen, mathuelen a veränneren. Vum Amantha, dat endlech realiséiert, dass et vill Joer vu sengem Liewen an e Kampf investéiert huet, deen et net gewanne konnt, bis natierlech zum Daniel, dee weiderhin domat struewelt mam Liewen a Fräiheet eens ze ginn, gëtt de Bléck mat esou vill Suerg op d’Protagoniste vun der Serie an hiert Séileliewe geluecht, dass d’Fro vu Schold oder net eigentlech niewesächlech bleift. Et gouf dëst Joer zwar just 6 Episoden, mä dat geet duer fir sech wochelaang Gedanken ze maachen.

7. Master of None

Ech sinn dem Aziz Ansari opgrond vu senger Aarbecht an Parks and Recreation a sengen exzellente Stand-up specials jo souwisou scho méi wéi positiv gestëmmt. Mee seng Serie Master of None, déi, wéi keng aner Show – ausser vläicht Broad City? – mam Mysterium Millennials opraumt a gläichzäiteg Theme wéi Rassismus, Bezéiungen tëscht de Geschlechter a verschiddene Generatiounen usprécht, ass einfach trotzdem nach eng Kéier besser wéi ech mer vun him erwaart hätt. Master of None ass wéi Louie eng Comedy, déi sech net mat där Kategoriséierung zefridde gëtt, respektiv där Kategorie neit Liewen anhaucht.

6. The Leftovers

2% vun der Mënschheet si vun engem Moment op den aneren einfach fort, an déi, déi iwwreg bleiwen, musse kucken, dass se eens ginn. Kléngt no enger typescher Mystery-Serie, ass awer vill méi eng héich philosophesch a spirituell Affär. Wéi gi Mënsche mat Verloscht ëm, wéi traitéiere mir déi Saachen am Liewen, déi mir eis net erkläre kënnen? The Leftovers kuckt a senger zweeter Staffel nach emol méi staark wéi am éischte Joer fir sech mat dëse Froen auseneen ze setzen, a wie mengt vun der Serie kloer Äntwerten kréien ze mussen, gëtt enttäuscht. The Leftovers regt, wéi bal keng aner Serie zum Nodenken un, an mécht sech eng Freed doraus Rätsel opzewerfen, deenen hir Äntwerten dacks méi einfach sinn, wéi een ufanks erwaart. Dem Justin Theroux a Carrie Coon hir Performancen an dëser zweete Staffel ware subtil an awer ëmmer zougänglech, och wann hir Personnage selwer net verstanen hunn, wat mat hinne geschitt. E staarkt Joer fir eng Serie wéi et keng aner gëtt.

5. BoJack Horseman

BoJack Horseman huet e Joer gebraucht fir rauszefannen, wat genee, dass d’Serie ass. An wéi sou dacks an dësem Artikel, ass et rëm déi zweete Staffel, déi eng Schëpp drop geluecht huet. Obwuel de BoJack neie Succès fonnt huet, an endlech sengem Kandheetsdram de Secretariat ze spillen, méi no kënnt, bleift hien onzefridden. A spéitstens hei misst jidderengem kloer ginn, dass dëst keng topesch Hollywoo(d)-Satir ass, mä vill méi eng Comedy, déi sech traut en Thema wéi Depressioun eeschthaft unzespriechen. BoJack Horseman ass thematesch méi no un Mad Men drun, wéi u Quatsch à la Entourage. An natierlech kritt d’Serie Bonuspunkten fir d’Bottle-Episod, an där den J.D. Salinger als Showrunner vun enger absolut onsënneger Gameshow optrëtt.

4. Fargo

Schonn an der éischte Staffel vu Fargo gouf déi zweet ugedeit, mat net extrem subtile Referenzen op e Massaker, dat am Joer 1979 zu Sioux Falls ugeriicht gouf. Dës zweet Staffel an der Anthologie mécht d’Rees zeréck an der Zäit, gëtt dem Patrick Wilson d’Haaptroll, besetzt de Rescht vum Cast mat de wonnerbaren Jean Smart, Ted Danson, Kirsten Dunst, Jesse Plemons, Bookeem Woodbine, Cristin Milioti an Nick Offerman fir nëmmen e puer ze nennen, a fiert am Fong do virun, wou déi éischt opgehal huet. E verréckten Alien-Subplot gesellt sech zu engem Drama ëm en eskaléierende Bandenkrich, an dee rëm eng Kéier ganz normal Bierger mat eragezu ginn. E Mix aus No Country for Old Men, Blood Simple an The Man Who Wasn’t There gesellt sech zu Motiver aus dem originale Fargo Film, Referenzen zu The Big Lebowski an Miller’s Crossing. Mä wéi scho bei der éischte Staffel ass dëst net just en Hommage un d’Coens, mä seng eege Geschicht, mat eegene Wäertvirstellungen.

3. Review

Sou ganz ouni Wäertvirstellungen kënnt déi zweet Staffel vu Review aus, an där dem Forrest MacNeil säi Liewen nach e Krack méi verduewe gëtt, wéi et an den éischten néng Episoden de Fall war. Review ass “cringe comedy”, an geet an dësem Joer haart un d’Grenze vun deem wat nach ze erdroen ass. Mä am Endeffekt ass et ganz einfach faszinéierend dësem Personnage säin Asaz fir seng komplett sënnlos TV-Show mat ze erliewen, an där en an dësem Joer esou schéin Experiencen duerchliewen – an natierlech bewäerten – dierf wéi e Kult ze grënnen, mat engem Boot eraus op d’Mier ze fueren, an – wéi sollt et anescht sinn? – Mord. Review ass sécher näischt fir all Mënsch, mä déi Leit, déi The Office oder Stromberg gutt fannen, sollten sech hei ganz doheem fannen.

2. Mad Men

Oh Mad Men, du wonnerbar Serie. No aacht Joer an deene Mad Men konkurrenzlos un der Spëtzt vu menger Gonscht stoung, huet et 2015 geheescht Äddi soen zu der beschte Serie, déi ech materliewen duerft während se effektiv gelaf ass. Nei Problemer sinn opkomm, puer Problemer si geléist ginn, SC&P ass alt nees eng Kéier geplënnert, den Don huet sech op de Wee gemaach fir sech rëm emol selwer ze fannen, d’Joan an d’Peggy hunn de Männer weiderhin gewisen, dass et Zäit gëtt si eescht ze huelen, d’Betty krut endlech e Moment zougestan, duerch deen et fir all Mënsch zu deem geniale Personnage ginn ass, deen et fir mech nach ëmmer war, an de Glenn ass och alt rëm eng Kéier laanscht komm, fir bescheed ze soen, dass en an de Vietnamkrich zitt. War de Schluss esou gutt wéi déi éischt fënnef Staffelen? Wahrscheinlech net, mä alleng déi lescht Episod an där dem Don seng Geschicht, genee sou wéi déi vun allen aneren op en zefriddestellende Schluss koum, ass Grond genuch fir Mad Men weiderhin trei bliwwen ze sinn.

Oh an natierlech dat hei:

via GIPHY

1. The Americans

Ech ginn zou, dass ech nach ëmmer net all Kéier verstinn, wat genee de Philip an d’Elizabeth maache sollen a firwat, dass dës Aktiounen fir d’Sowjets wichteg sinn. Mä an dëser drëtte Staffel vun The Americans huet d’Serie, déi och virdru schonn exzellent war nach emol e Sprong no vir gemaach. Hir Missioune gi méi spannend, hir Zweifel gi méi grouss a virun allem ass hiert Liewen doheem ewell esou komplizéiert, dass dat alleng géif duergoen fir eng genial Serie ze produzéieren. Setzt een dann d’Elementer vum Spionagedrama dobäi, déi Onmassen u moralesche Froen, déi sech doduerch stellen, an och nach déi genial Intimitéit, déi iwwer dräi Joer tëscht de Personnagen gewuess ass, da kann een net anescht wéi The Americans als déi bescht Dramaserie, déi momentan leeft, ze declaréieren. Episode wéi “Do Mail Robots Dream of Electric Sheep?” zeugen net nëmme vun de Showrunner hirem Sënn fir wonnerbar Episodentitel, mä och vun engem Versteesdemech fir d’Ufuerderungen un e spannend TV-Drama. An am Joer 2015 gouf et näischt méi spannendes, näischt besseres wéi The Americans.

Auswäertsmatch
Lo läit de gudde Blog zënter Méint brooch, an ech benotzen en och lo just fir dorop opmierksam ze maachen, dass ech en Artikel fir de Magazin forum geschriwwen hunn. Den Artikel ass eng Kritik vun der RTL-Serie routwäissgro a wéi ech fannen –ouni natierlech iergendwéi virageholl ze sinn – relativ liesenswäert.

Hei den éischten Abschnitt aus dem gudde Stéck mam Titel “Luxemburg ‘ohne Filter’”:

Den grauen Alltag grauer Mäuse, nichts anderes erwartet man sich beim ersten Blick auf den Titel routwäissgro. Das hoffnungsvolle Blau der Luxemburger Fahne wird ersetzt durch einen Farbton, der etliche Nuancen bietet, und sich darüber definiert, weder (schwarz) noch (weiß) zu sein. Besonders subtil ist die Namensgebung nicht, doch passt sie zeitlich wunderbar zur Identitätssuche auf der sich Luxemburg im Jahr 2015 befindet. Ob der Lëtzebuerger Film Fong und RTL bereits ahnten, welche Debatte im Marienland toben würde als sie der Produktion von routwäissgro grünes Licht gaben?

Fir de Rescht ze liesen, musst der awer schonn déi 6 € riwwer réckelen fir de forum ze kafen.

A fir déi Leit, déi de forum gelies hunn an dowéinst hei geland sinn: wëllkomm a fillt Iech wéi doheem, et gëtt zwar net vill Neits, mä awer dofir Artikel, déi bis an d’Joer 2006 zeréck reechen. Also tobt Iech aus.

Foto source: filmfund.lu

Mad Links
Game of Thrones

The Guardian D’Margaret Atwood erkläert firwat et Game of Thrones immens fënnt.

Mad Men

The AV Club De Vikram Murthi behaapt, dass den Don Draper keen Antiheld ass. Hei seng Beweisféierung.

The AV Club An engem weideren Artikel kuckt sech de Brandon Nowalk nach emol déi siwe wichtegste Pitches aus der Serie un, vu Lucky Strike bis zu Burger Chef.

What’s Alan Watching Den Alan Sepinwall interviewt de Matthew Weiner iwwert de Schluss vun der Serie. An engem weideren Interview steet den Jon Hamm Ried an Äntwert.

NY Times An der New York Times sinn et rëm de Matthew Weiner, an awer och d’Kiernan Shipka, déi driwwer befrot ginn, wéi et war an der Serie opzewuessen – respektiv d’Kiernan Shipka opwuessen ze gesinn.

Vulture A wa mer schonn dobäi sinn: hei och nach en Interview mam Vincent Kartheiser.

Unbreakable Kimmy Schmidt

Indiewire Den Oliver Lyttelton zelebréiert, dass Feminismus mëttlerweil eng zentral Roll a Sitcoms spillt (an hëlt als rezent Beispiller ënner anerem zwou Serien, déi net méi lafen).

Vox Den Todd VanDerWerff  an d’Estelle Caswell analyséieren d’Notzung vu Faarwen an Unbreakable Kimmy Schmidt. De Video kënnt der uewe kucken.

Bye bye, Parks and Recreation
Ech war néiergeschloen, wéi eng vu menge Lieblingsserien Parks and Recreation dës Woch op en Enn komm ass, well et ëmmer traureg ass, wann ee sech vun eppes muss trennen, wat engem jorelaang Freed bruecht huet. Ech weess, Tëlee kucken ass elo net onbedéngt eppes wat fir d’Welt bedeitend ass. Et gëtt wesentlech Schlëmmeres ze beriichten, wéi de Schluss vun enger Show, déi ni vill Succès bei den Zuschauer hat, an all Dag geschitt esou vill Ellenes op eisem Planéit, dass et frech ass, esou eppes banales esou vill Zeilen ze widmen. Mä ech denken net, dass ech ze wäit ginn, wann ech behaapten, dass mir mat Parks and Recreation eng vun de wichtegsten Ënnerhalungen vum leschte Joerzéngt verléieren – well et eng Serie war, déi ëmmer doru gegleeft huet, dass Mënsche kënnen hiert Gléck fannen, dass Guttsinn sech bezuelt mécht, an déi Humor kreéiert huet, ouni béishaft ze sinn (ofgesi vun der Behandlung vum Garry/Jerry/Larry/Terry (Jim O’Heir), deen awer trotzdem ni onglécklech war).

Parks and Recreation war als Sitcom de Simpsons ëmmer méi no wéi anere live action Serien. Do wou sech eng üblech Sitcom fir en zentrale Cast vu Personnage interesséiert, ass Parks and Rec ëmmer der Iddi nogaang fir dëse Cast an enger liewege Stad vun dacks iwwerdriwwe gezeechente, mä dofir ëmsou méi ënnerhalsame Figuren, anzebetten. Dass dëst sou si misst, ass nëmme logesch, well hei ass et dorëm s gaang eng Geschicht ze erzielen, an där e Grupp vu Mënschen ëm d’vum Amy Poehler gespillte Leslie Knope probéiert d’Liewe vun de Leit an enger Klengstad an Indiana ze verbesseren, an ëmmer rëm mam Mangel u Versteesdemech vun de Bierger an dëser Stad konfrontéiert goufen – sief et de Räichen, wéi der Newport Famill, oder de konservative Langmans, oder och dem ganz einfache Plebs. Wéi kéint een dat besser maachen, wéi an deem een der Stad eng scheinbar onendlech Panoplie u skurrile Charakteren gëtt, déi mol méi, mol manner hëllefräich si wann et ëm d’Verbesserung vun hirem eegene Liewe geet.

Gestruewelt hu se vill – virun allem d’Leslie Knope, e Personnage, deen a sech all d’Verspriechen an d’Enttäuschungen vun engem post-Obama Amerika vereenegt. Ausgestatt mat engem Aarbechtsäifer ouni Grenzen, an der permanenter Iwwerzeegung, dass all klenge Geste eng grouss Wierkung hu kann, ass et ëmmer nees bäigelaf. An awer huet et ni opginn an domat esouguer seng gréissten Zweifler op seng Säit gezunn. Wien an der siwente Staffel d’Bezéiung vum Leslie zum wuel beléifteste Personnage vun der Serie, dem Ron Swanson (Nick Offerman), gesäit an den déiwe Lien tëscht hinne bewonnert, sollt net vergiessen, dass si ufanks alles anescht wéi Frënn waren. Parks and Rec huet dës Relatioun no an no opgebaut, an och hei nees gewisen,  dass seng Weltsiicht net vill Negatives zouléisst.

A spéidere Staffelen war Parks and Rec net nëmmen eng vun de witzegste, mä och eng vun den emotional zefriddestellendste Sendungen. Well all Moment vu Freed, deen et bei Hochzäiten, neie Beruffschancen oder ähnlechem gouf, huet sech d’Serie duerch eng gekonnte Charakterentwécklung verdéngt. Virun engem Joer hunn ech HIMYM kritiséiert, well et mat der Zäit seng Personnage pervertéiert huet, an hinnen hir ursprénglech Essenz ewech geholl huet. Bei Parks and Rec ass dat ni geschitt. En April (Aubrey Plaza) oder Tom (Aziz Ansari) hu sech weiderentwéckelt, mä ni den Ursprong verluer. Heiansdo waren d’triumphal Momenter vläicht ze vill des Gudden, mä et däerf och nach op der Tëlee Programmer ginn, déi engem net mat purem Zynismus dat Ellent am Mënsch weisen (och wann dat och immens si kann), mä sech dofir asetzen, dass een och alt emol eng Tréin vu Freed verdréckt.

Ob een elo awer dës emotional Momenter gutt geheescht huet oder net, et kann ee kaum bestreiden, dass all Episod enorm vill Humor a sech stiechen hat. D’fantastesch Idiotie vun engem Andy Dwyer (Chris Pratt), dem Chris Traeger (Rob Lowe) säin Enthusiasmus oder och déi ni net witzeg Nervositéit vum Ben Wyatt (Adam Scott) suerge fir Zeenen, déi een ëmmer an ëmmer rëm mat Genoss kucke kann. Vun der sechsten Episod an der éischte Staffel bis zur véierte Staffel huet Parks and Rec am Fong alles richteg gemaach, an domat eng Rei vun Episode gebueden, déi absolut Klassiker sinn, sief et elo “Pawnee Zoo”, “The Flu”, déi puer Variante vu “Ron and Tammy”, “Fancy Party” oder och “Smallest Park” oder “The Comeback Kid”.

Déi fënneft a sechst Staffel hunn Unzeeche vun der fir quasi all Serie normal e Middegkeet gewisen, wa bis de gréissten Deel vun de méiglechen Handlungen erzielt gouf. Schlecht gouf Parks and Rec dowéinst am Géigendeel zu sengem mentale Virbild (The Office) awer ni. Déi lescht a siwent Staffel huet dunn awer nach emol all dat op den Dësch bruecht wat d’Serie zu engem vu mengen absolute Favorite gemaach huet. Onerwaarte Witzer. Kleng Konflikter, déi opgebauscht ginn, an duerno mat ëmsou méi Brio geléist ginn. A virun allem de fir Sitcoms absolut ontypesche Respekt fir seng weiblech Personnagen.

Parks and Recreation war eng vun de beschte Serien, déi et an de leschten zéng Joer gouf – et war eng absolut Freed se live mat ze erliewen, an et wäert och ëmmer e Genoss bleiwen sech eenzel Folgen nach emol unzekucken.

Tëlee am Joer 2014
Virun engem Joer hunn ech op dëser Plaz déi 10 a mengen Ae beschten Tëleesepisoden vum Joer presentéiert. Dëst Joer war dat einfach onméiglech. Wou soll een ufänke bei esou vill gudde Programmen? Et war e mouvementéiert Joer – d’Joer 1 no Breaking Bad huet mat True Detective e wierdegen Nofolger wat de Coolness-Faktor betrëfft bruecht. De Woody Harrelson a Matthew McConaughey hunn aus enger am Fong net wierklech esou interessante Geschicht ënnert der Direktioun vum Cary Fukunaga iwwer 8 Wochen en TV Event gemaach, wouriwwer d’Leit net ophale wollten ze schwätzen.

Gläichzäiteg ass mat How I Met Your Mother e langjähregen Fanliebling op en Enn komm, an… oh mäi Gott, war dat schlecht.  Aner al agesiesse Komedien wéi Parks and Recreation oder Community hu liicht u Schwong verluer, mä zemools wat Parks betrëfft nach ëmmer genuch Häerz fir klenger Schwächten ze iwwertünchen. Louie koum no engem Joer Paus och zeréck an huet seng Entwécklung wech vum Comedy Genre hin zu eppes wat ee schonn net méi mat klasseschen Termen definéiere kann.

Ech hu vill gelaacht bei Bob’s Burgers, Archer, Broad City, Veep an och Key and Peele. Black-ish hat seng Momenter, an no enger bizarer drëtte Staffel huet New Girl ewell e Rhythmus fonnt wou d’Handlungen zwar kee Sënn méi maachen, mä dofir awer all fënnef Sekonnen eng Pointe kënnt. Wierklech gutt dogéint war Silicon Valley, wou ech besonnesch de wuel längsten – an eenzege – Witz iwwer mathematesch ausgeluechte Masturbatiounstechnike genoss hunn.

Gotham existéiert. Orphan Black war spannend, mä am grousse ganzen net méi sou dat, an obwuel The Good Wife nach ëmmer top ass, rappt et mech well net méi sou mat – et feelt eppes (oder éier een). Masters of Sex huet insgesamt e Schrëtt an déi falsch Richtung gemaach, och wann de Michael Sheen nach ëmmer sensationell ass. An Hannibal deet mech fäerten a räisst mech mat, mä iergendwéi kann ech d’Serie awer net esou wierklech a mäin Häerz schléissen.

An zu gudder Lescht huet Girls seng beschte Staffel bis elo geliwwert, a mat “Beach House” eng wonnerbar Episod an awer ass et net duergaang fir ënnert meng zéng Lieblingsshows vum Joer ze kommen.

Well do wou ech mech d’lescht Joer den Episode gewidmet hunn, kucken ech dëst Joer op Serien global – et ass méi einfach. Ouni weidert grousst Geplänkel, hei si meng 10 beschte Serien 2014:

Eng Appréciatioun vun HIMYM
How I Met Your Mother war emol d’Geschicht vun engem Mann, dee sengen zwee Kanner duerch eng mäandernd Verzielweis matdeele wëll, wéi en am New York vum fréien 21te Joerhonnert, mat Hëllef vu senge beschte Frënn, hir Mamm kenne geléiert huet. Et war d’Geschicht vum Ted, engem naive Mëttzwanzeger, deen un d’Schicksal gegleeft huet, an deen als romantesche Lead interessant war, well et, entgéint dem stereotypesche Männerbild, säin Zil war sech ze bestueden. Säi beschte Frënd Marshall war en häerzensgudde Mann, deen duerch Éierlechkeet bestach huet a mat zwee Féiss um Buedem stoung, während seng Verlobten wesentlech méi komplizéiert war wéi hien, an awer trotzdem prinzipientrei gewierkt huet. Da gouf et nach den onsägleche Barney, deen si beschtefalls toleréiert hunn, well si hien ënnerhalsam fonnt hunn, mä fir deem säi Liewensstil si awer wéineg Verständnis opbrénge konnten.

An da gouf et d’Robin, d’Fra an déi sech den Ted an der éischter Episod verléift, a vun där mer um Schluss vun der nämmlechten Episod wëssen, dass et net d’Mamm vun de Kanner wäert sinn. Dës Erkenntnis um Schluss vun der éischten Episod huet wéi e brillante Schachzuch gewierkt – entgéint deem wat een sech typescherweis erwaarde kéint, hat dës Serie net wëlles eis vun Ufank un ze weisen wéi si op en Enn goe géif. Amplaz fir dem fir Sitcoms bal selbstverständlechen “Wäerten se oder wäerten se net?” ze verfalen, war kloer, dass HIMYM de leschtere Wee aschloe wäert. D’Verständnis war, dass d’Robin eng wichteg Roll géif spillen fir z’erklären wéi den Ted géif d’Mamm kenne léieren, an dofir wier d’Erkläre vun der Bezéiung tëscht Ted a Robin esou wichteg.

Dëst war de Grondsteen vun der Mythologie vun How I Met Your Mother, enger Serie, déi dacks als Nofolger vu Friends gesi gëtt a vun där vill Leit vergiessen, dass se effektiv just ee Joer nodeem mat Friends Schluss war, debutéiert huet. Verglach mat Friends war HIMYM déi méi kéng Serie, wat dat Erzielerescht betrëfft. Et war erfrëschend ze gesinn wéi vill Méi an de gréisstendeels kloer duerchplangten Opbau vun Hannergrondgeschichten, Charaktären, Sidegags, an virun allem roude Fiedem gestach gouf. Am Grupp vu fënnef, hat all Personnage seng Roll ze spillen, an dës Rollen si komplementéiert ginn duerch méi oder manner realistesch Elementer wéi dem giele Prabbeli, der Slap Bet, dem Robin Sparkles fir der Serie weider Contouren ze ginn. An an den éischte véier Joer war HIMYM eng vun den innovatiivsten a beschte Comedy-Serien, déi et net nëmmen zu där Zäit, mä vläicht iwwerhaapt gouf.

An dunn hunn d’Saachen ugefaang schif ze lafen. Als Spectateur huet ee relativ fréi d’Gefill kritt, dass dës Geschicht vläicht e bëssen ze laang géif daueren. No an no huet d’Serie un Imaginatioun verluer, ass ëmmer méi klasseschen Trope verfall, an wat am Fong dat Schlëmmst ass, huet se hir Personnagen ëmmer weider pervertéiert. Natierlech kann ee lo soen, dass Mënschen sech och am wierkleche Liewen änneren, an dass Tëleesserien dat sollen erëmginn. Mä wat bei HIMYM esou donieft gaang ass, war, dass den Ted, Marshall, Barney, d’Lily an d’Robin eigentlech vun Ufank un kloer definéiert an awer facetteräich waren. Et gouf genuch Spillraum fir mat hinne Geschichten ze zielen ouni déi ufänglech Parameter ze verloossen – an dat hunn d’Kreateuren Thomas a Bays iergendwann net méi hikritt.

Et ass schwiereg e geneeën Zäitpunkt festzestellen, wéini alles d’Baach erof gaang ass. Bei 208 Episoden iwwer 9 Joer ass et quasi onméiglech. Et gëtt awer genuch Zeechen tëschenduerch, dass gewëss Saachen net méi funktionéiert hunn. Um Ufank vun der fënnefte Staffel sinn zum Beispill d’Robin an de Barney eng Koppel – eng Decisioun, déi eventuell fir e puer Episoden hätt kënnen interessant sinn, mä déi op laang Siicht net hätt kënne klappen opgrond vun deem wat déi zwee Personnagen duerstellen. Nodeem dës Bezéiung zerbrach ass, ginn d’Personnagen iwwert déi nächst puer Staffelen awer esou zu Recht gebéit, dass et am Endeffekt schonn nees virstellbar ass, wéi déi zwee beienee kënne passen: si sinn um Schluss vun der Serie esou schrecklech, onwierklech Mënschen, dass si keen aneren wéi sech géigesäiteg verdéngt hunn. De Barney, deem d’Gang um Ufank mat dem néidegen Ofstand entgéint getrueden ass, gëtt op eemol vun hinnen zelebréiert, wéi wa säi Behuelen op iergendeng Aart a Weis kéint als akzeptabel ugesi ginn. D’Robin an d’Lily verkommen ëmmer méi zu insulare, schrillen Fraebiller, wéi een se aus manner usprochsvolle Sitcoms gewinnt ass. A virun allem den Ted gëtt ëmmer manner interessant als Haaptpersonnage, a verléiert säin urspréngleche Charme komplett, wéi en orientéierungslos vu Bettgeschicht zu Bettgeschicht tingelt, wahnsinneg pretentiéis gëtt, an eng schlecht Saach no der anere mécht.

An all dës falsch Entwécklungen kulminéieren an dëser leschter Staffel, déi op der dëmmsten Iddi opgebaut ass, déi een sech an enger Sitcom jee virstelle konnt: all 24 Episoden spillen um Hochzäitsweekend vum Robin a Barney. Esou ass déi lescht Staffel repetitiv, quasi witzlos an konzentréiert ronderëm de Gedanken, dass dës Hochzäit eppes ass mat där mir als Spectateuren missten zefridde sinn. Quasi all zweet Episod beschäftegt sech domat, dass déi zwee zesummen eigentlech eng schrecklech Iddi sinn, a probéiert d’Decisioun firwat si awer keng schlecht Koppel sinn ze rechtfäerdegen, ouni dass et jee geléngt. Thomas a Bays schénge verstan ze hunn, dass se sech an en Eck geschriwwen hunn, an amplaz aus dem Eck eraus ze fannen, widderhuelen se léiwer permanent, wéi schéin et dach an deem Eck ass.

Den eenzege Liichtbléck an dëser leschte Staffel ass d’Introduktioun vum Cristin Milioti, wat d’Mamm spillt. D’Milioti ass eng exzellent Schauspillerin, déi och eng wonnerbar Chemie mam Josh Radnor huet. Si spillt d’Mamm mat esou engem Selbstverständnis, dass een novollzéie kann, firwat dëse Mënsch esou speziell ass. Firwat, dass den Ted esou laang gebraucht huet fir ze erklären wat alles huet missen a sengem Liewen donieft goen, bis dass en endlech dës super Partnerin fonnt huet. All Moment vun der Staffel an deem d’Milioti net ze gesinn ass, wënscht een sech et wier nees an der nächste Zeen. Esou weess een, trotz allem, dass wann dës lescht Staffel och insgesamt Mëscht ass, een d’Serie vläicht awer ka mat engem gudde Gefill verloossen.

An du koum d’Episod 19 vun der leschte Staffel, “Vesuvius” um Schluss vun där kloer war wou et hi géif goen an der leschter Episod. Jo, no 9 Joer waarden, nodeem mer all déi Joeren gesot kruten mir géifen en immense Mënsch kenne léieren, fir deen sech dat ganzt Geschwafels gelount huet. Nodeem mer nogekuckt hunn, wéi Personnagen, déi mer emol immens fonnt hunn, zu lächerleche, cartoonistesche Karikature vu sech selwer verkomm sinn. No all deem, gi mer um Schluss gewuer, dass dëse Mënsch dout ass. Dass déi ganz Geschicht net dorëm s gaang ass, dass den Ted zeréck bléckt op Feeler déi e begaang huet, an och op gutt Zäiten, déi en hat, bevir en d’Mamm vu senge Kanner getraff huet. Nee, et ass all déi Joere just dorëm s gaang, dass hie seng Kanner wollt ëm Erlaabnis froen seng beschte Frëndin ze péilen.

Déi lescht Episod ass eng Katastroph egal wéi een et kuckt. Se ass schlecht konstruéiert an a vir sech selwer. Se stellt de ganze Kontext vun der leschte Staffel op d’Kopp a renverséiert all déi domm Iddien, déi d’Spectateuren iwwer déi lescht zwee bis dräi Joer erdroe misste, bannent den éischten zwanzeg Minutten. Si mécht aus de weibleche Personnagen net méi wéi Accessoire vun hire Männer, an erkläert d’Zerbriechen vum Barney a Robin hirem Marriage net mat där logeschen Erklärung: de Barney ass e léienden Drecksak, deen nimools kéint trei bleiwen, a kee Gewëssen huet. Nee, si zerbrécht, well d’Robin ze gutt a sengem Beruff ass, an de Barney net domat eens gëtt. A se ass schlecht mat engem Bléck zeréck op déi ganz Serie, well et duerno net méi méiglech si wäert déi kleng, romantesch an imaginativ Detailer ze genéissen, déi d’Serie um Ufank zu sou eppes Spannendem an Interessante gemaach huet.

Genee wéi den Ted un d’Schicksal gegleeft huet, huet och d’Serie u Schicksal gegleeft. Bis dass se decidéiert huet, dass et e méi interessante Schluss wier dëst einfach ze ignoréieren fir de Spectateuren e Schluss ze zerwéieren, deen se sech 2005 gewënscht hunn, mä mëttlerweil net méi fir usazweis wënschenswäert hale géifen. Den Ted an d’Robin waren 2005 eng gutt Iddi – 2014 net méi, well d’Personnagen iwwer d’Längt vun der Serie sech esou verännert hunn, dass si zesummen ze gesinn, mech um Schluss just nach degoûtéiert huet. An dat trauregst ass, dass ech ni méi déi wonnerbar éischt Episod mam bloen Horn kucke kann ouni un déi parallel Konstruktioun an der leschten Zeen ze denken, an där en noutgäile Mann ufanks 50 probéiert d’Ex-Fra vun engem vu senge beschte Frënn rëm ze kréien, well seng Kanner hien dozou opgefuerdert hunn.

Ech wäert How I Met Your Mother net vermëssen. Ech hunn et déi lescht puer Joer scho gemaach.

Tëlee am Joer 2013
Egal wou der dëser Deeg kuckt, iwwerall gëtt et déi üblech Joeresréckblécker, an deenen e leschte Bléck zeréck op e Joer vu vermeintleche Superlative geworf gëtt. Wat sech duerch d’Majoritéit vu Réckblécker op den 2013er Output un Tëleesserien zitt, ass dobäi d’Ausso, dass 2013 en exzeptionellt Joer fir d’Tëlee war, an dat kann een net bestreiden. Wéi ech ugefaang hunn un dësem Blog ze schaffen, war et am Fong verpöhnt zouzeginn, dass ee vill Tëlee kuckt. An dëse Blog huet sech och konsequent net domat beschäftegt, mä de Fokus op Filmer a Musek geluecht, wat seng Artikel iwwer Popkultur ugaang ass. Den éischte Bäitrag iwwert eng Tëleesserie war vum 3. Februar 2009, an ass iwwer How I Met Your Mother gewiescht. Dat war zwee an en halleft Joer, nodeem et mat Pianocktail lass gaang ass.

Et weist, dass sech d’Tëleelandschaft interessant entwéckelt huet, wa viru bal fënnef Joer How I Met Your Mother qualitativ mat eng vun de beschte Serie war, an esou vill méi interessant gewiescht si muss, wéi Saachen, déi virdru koumen, dass sech de Fokus op dësem Blog ab deem Moment rekalibréiert huet. Elo si mer 2013, an wann ee vu gudde Serie schwätzt, kënnt engem sécher net HIMYM an de Kapp. Vill méi ginn déi jett Dramaserien iwwer Antihelden ernimmt, déi mëttlerweil aus dem Buedem schéisse wéi Bambus (och wa se gréisstendeels awer net esou zolitt sinn).

An dësem Bäitrag woen ech mäin eegene klenge Réckbléck op d’Joer 2013, an deem s ech déi 10 Episoden eraussträichen, déi mech am meeschte bewegt hunn. A fir dat kloer ze stellen: ech soen net, dass dëst déi 10 bescht (hallef bis ganz) Stonnen Tëlee vum Joer sinn. Ech soen och net, dass déi ernimmte Serien déi beschte Serie sinn, déi am Moment op der Tëlee lafen. Et geet just ëm eng perséinlech Appréciatioun vun 10 Episoden vun 10 verschiddene Serien, déi mech perséinlech am meeschten berouert, ameséiert, schockéiert a bewegt hunn.

Ech wëll awer och nach déi wonnerbar Serien erwienen, déi net an deem Top 10 ernimmt ginn. Do wier fir d’éischt emol dat wonnerbaart Orange Is the New Black, wat dëst Joer déi wuel interessantesten Antiheldin iwwerhaapt hat – männlech oder weiblech. Dat wat OITNB esou erstaunlech mécht, ass wéi et bannen 13 Episoden eng Plethora u Personnagen agefouert huet, an jidderengem eng eege perséinlech Nout ginn huet, déi se kloer vum Rescht ënnerscheed. D’Notzung vu Flashbacks war kreativ an opschlossräif an huet de Personnagen eng weider Dimensioun ginn, déi si zu méi wéi just Tropen an engem klasseschen Prisongsdrama gemaach hunn. Esou kann ech et kaum erwaarden fir nächst Joer ze gesinn, wéi et mam Piper Chapman a Konsorte viru geet.

Och nei, a genee sou revolutionär war dem Bryan Fuller säin Hannibal. Et wier onméiglech fir just eng Episod vun dëser Serie erauszesträichen, well se net grad esou gutt op wëchentlecher Basis, mä vill méi als Ganzt funktionnéiert. Lo wou Breaking Bad eriwwer ass, huet sech schon en Doyen erauskristalliséiert, wie säin Doyen u visueller Perfektioun um klengen Ecran si wäert, an dat ass Hannibal, eng Serie déi duerch extrem sophistikéiert Sequenzen den Interieur vu senge Personnagen – a primär vum Hugh Dancy sengem Will Graham – no bausse kéiert. De Mads Mikkelsen glänzt als Hannibal, an de Spectateur gëtt op eng pervers Aart a Weis op seng Säit gezunn, well esou gutt ewéi hei huet Iessen nach ni op der Tëlee ausgesinn.

Wäit manner dramatesch, an dofir awer extrem witzeg, ass Brooklyn Nine-Nine. Dës Serie ass offensichtlech nach amgaang sech ze fannen, mä bis elo huet se et gepackt mech all Woch zum Laachen ze bréngen duerch seng kloer definéiert Personnagen, déi aus Klischeen aus Policeserien voll ofgeronnte Persoune gemaach huet, déi sech eendeiteg vun deem ofsetzen wat een sech als Spectateur erwaarde géif. Den André Braugher an Terry Crews sinn d’Highlights an engem wonnerbaren Ensemble, an deem d’Melissa Fumero eng wierklech Revelatioun ass.

Aner Serien, déi ech interessant fannen, mä fir déi ech net genuch Zäit hat, sinn zum Beispill dat wonnerbar onerdréilecht Veep, oder och déi immens onkonfortabel Famill a Bob’s Burgers, während d’Sketcher a Key & Peele mir dacks Tréine vu Laachen an d’Ae gedriwwen hunn. Top of the Lake war am beschten, wann et seng zentral Handlung verlooss huet an sech dofir interesséiert huet, wat an de Personnage selwer virgeet a wat si undreift, an dat nämlecht kann een och iwwer The Americans soen. An The Daily Show with Jon Stewart war wéi ëmmer exzellent, vläicht souguer nach e bësse méi während de Méint wéi den John Oliver d’Rudder iwwerholl huet.

Mä genuch vum Virspill, hei sinn déi zeng a mengen Aen interessantesten Episode vum Joer:

Eng Appréciatioun vu Breaking Bad
Dësen Artikel ass e Réckbléck iwwer Breaking Bad am grousse Ganzen. Wann een déi leschten Episod net gesinn huet, sollt een en net liesen.

Am Joer 2009 sinn ech zu Glasgow mat engem Frënd aus Amerika, dem Gary, zesumme geplënnert. De Gary war e Popkulturexpert wéi en am Billerbuch steet: en huet all d’relevant Musek kannt, Tëleesserien a Filmer gekuckt, a wat zu deem Moment och wichteg war, war en e Fan vun de Scott Pilgrim graphic novels. Hie war fir mech e Frënd an eng Inspiratioun zugläich, well mer eis géigesäiteg mat Saache gefiddert hunn, déi eis géigesäiteg Horizonten erweidert hunn.

An d’Joer 2009 war keng schlecht Zäit zesummen ze plënneren, zemools wat d’Tëleesserien betrëfft, déi mer eis all Dag zesumme ragezunn hunn. Et war nämlech zimlech eng lass doruechter: Pushing Daisies ass zu sengem vill ze fréien Enn komm, de Conan ass kuerz dono aus der Tonight Show rausgeekelt ginn, während House, Dexter an True Blood kuckenswäert Serie waren. An AMC hat kuerz virdrun ugefaang ze probéieren déi Méint ouni Mad Men mat enger zweeter Dramaserie ze fëllen: Breaking Bad. Wann de Gary net gewiescht wier, hätt ech dee Moment vläicht net ugefaang Breaking Bad ze kucken. Ëmmerhin war mer de Bryan Cranston als de Papp aus Malcolm in the Middle bekannt, an ech hat gefaart hien net wierklech eescht huelen ze kënnen.

An dach huet e mech dozou kritt d’Serie ze kucken, an am Pilot gëtt genee dee Problem an Ugrëff geholl, deen ech grad beschriwwen hunn. Den Hal aus Malcolm in the Middle gëtt säzéiert, an aus him gëtt de Walter White, dee genee sou e Loser ass an an tighty whiteys ronderëm leeft. Ech war fir d’éischt emol begeeschtert vun der Show – eng Matière, déi liicht u Weeds erënnert, mä e ganz aneren Toun am Viséier hat, gouf verpak als eng rasant perséinlech Tragedie, an där wierklech eppes um Spill steet. No enger Episod war mäin Häerz verkaf, an ech hunn decidéiert um Ball ze bleiwen.

Iwwert déi lescht véier Joer hunn ech ëmmer rëm de Leit Breaking Bad un d’Häerz geluecht, wann et dorëm gaang ass, wéi eng Serie ee kucke kéint. Eng ganz Rëtsch vun deenen hunn sech et dunn och ugekuckt,  a ware begeeschtert. A sou hunn ech mäi klengen Deel zu dem Mythos Breaking Bad bäigedroen, dee Breaking Bad zu der beschte Serie aller Zäite gemaach huet. Well dat huet näischt mat der wierkleche Qualitéit vun der Serie ze dinn, mä vill méi mat dem Wëlle vu senge Fans, et jidderengem ze zielen, deen net bei dräi op dem Bam ass. Ähnlech wéi bei engem ähnleche Phänomen, wat dem Christopher Nolan seng beschtefalls passabel Filmer zu “Actionfilmer fir Intellektueller” gemaach huet, huet sech en Tenor ënnert Interesséierten geformt, deen einfach resuméiert ass, als “boah, Heisenberg, Magnéite, gäil”. Dem Aaron Paul säin Jesse Pinkman bitt souzesoen de Metakommentar fir d’Fans vun der Serie.

A wat méi Leit Breaking Bad gutt fonnt hunn, wat et mir manner gefall huet, béid aus artistescher Iwwerzeegung an aus enger kulturellen Iwwersättegung doduerch, dass scheinbar all Mënsch et gekuckt huet, an der Meenung war, dass et den Nonplusultra wier. A genee wéi beim Christopher Nolan senge Filmer sinn ech dowéinst ugespornt ginn zu enger Schnitzeljuegd fir déi kleng a gréisser Problemer ze fannen, déi Breaking Bad ëmmer rëm hat. Ech hu mech iwwer Klengegkeete geiergert, hei an do iwwer narrativ Onzoulänglechkeete beschwéiert, an ëmmer rëm mer Gedanken doriwwer gemaach, wéi de Rhythmus a Message vun der Serie enorme Schwankungen ënnerleeë sinn, an ob dat eng gutt oder schlecht Saach wier. Amplaz dës wierklech exzellent Serie fir dat ze genéissen, wat se war, hunn ech mech forcéiert gefillt fir mech selwer deem Quatsch vun der beschte Serie aller Zäiten aus de Féiss ze goen, an no deem ze sichen wat deem widdersprëcht. Amplaz mer dat unzekucken, wat d’Serie gutt mécht, hunn ech mech ëmmer méi op dat konzentréiert wat net leeft.

An trotzdem war ech ëmmer der Iwwerzeegung, dass d’Serie eigentlech eng vun de beschten ass, déi et jeemools gouf a wäert ginn. Et ass e Klassiker, deen ëmmer wäert erwient ginn, wann dëst gëllent Zäitalter vun der Tële diskutéiert gëtt. Wann een Tëlesserien mat de grousse Romaner an der Literaturgeschicht vergläicht, dann ass The Wire sécherlech e sozialkritescht Wierk wéi dem Zola seng Rougeon-Macquart Bicher, The Sopranos ass Tolstoy, während Mad Men eng Usammlung vu Kuerzgeschichten oder souguer Gedichter ass, déi sech ëm zentral Themen dréien an awer wäitleefeg interessant sinn. Et wier souzesoen dem Shakespeare seng sonnets, oder dem Yeats seng Gedichter. Mä wat wier dann Breaking Bad? Breaking Bad ass eng linear Erzielung iwwert e Mënsch, dee komplett schlecht gëtt. Mä de Walter White ass net dem Milton säi Satan, an hien ass éiweg wäit weg vum Dosotyevsky sengem Raskolnikov. Vill méi ass et de Pinky aus dem Graham Greene sengem Brighton Rock.

Et ass net pejorativ gemengt, wann ech soen Breaking Bad wier eng pulp novel. Vill Méi hëlt Breaking Bad déi Elementer dorausser, déi se sou onmoosseg liesbar maachen, an dréit bei senger eegene Veraarbechtung vun hinnen de Verstärker op 11. Et ass eng Geschicht, déi ëmmer enorm handlungsgedriwwe war – obwuel de Walter White als zentrale Personnage als Charaktär räift, schéngt dat net wierklech d’Kärstéck vun der Serie ze sinn. Dofir ass seng Entwécklung ze séier ofgeschloss, an ze mann nuancéiert, während den Développement vum Jesse an der 2. an 3. Staffel wesentlech méi prominent ass wéi spéiderhin, an den Hank, genee wéi d’Skyler, iwwerhaapt réischt an der 3. Staffel un Form gewënnt. Mä dat schéngt och net esou wichteg ze sinn, well d’Serie sech éier doduerch definéiert, dass ëmmer rëm clever a schockéieren Storyelementer doraus entstinn, dass dem Walt säi Personnage an engem liichte Wandel ass – engem Wandel, dee manner personeller wéi materieller Natur ass.

An dës opgebaute Spannungsbéi waren zu all Moment ergräifend, an dowéinst ass d’Serie och esou beléift bei ville Leit. D’Erzielung ass immens clever, an et ass extrem schwéier virauszegesinn, wat als nächst geschitt. Heiansdo hunn de Vince Gilligan a co. Geschichten, déi an anere Shows an dräi bis véier Episode gezielt gi wären, an 20 Minutten ofgedoen, an heiansdo hat een d’Gefill, dass eng eenzeg Situatioun bis zur Éiwegkeet hin ausgedehnt gëtt. Dat wat ëmmer de Fall war awer, war, dass d’Spannung erhale bliwwen ass. Episode wéi “The Fly” oder “Box Cutter” ginn dacks als matt déi bescht ugesinn, ebe well se trotz wéineg Handlung konnten eng Ambiance entstoe loossen, an där een als Spectateur emotional gefaange war. A sou war dës handlungsorientéiert Serie ëmmer rëm zu Rhythmuswiessel am Stan, déi gepoert mat der onverkennbaren Optik, een als Zuschauer wëchentlech zur Verzweiwelung gedriwwen hunn.

An awer waren déi Spannungsbéi och ëmmer e bësse gefuddelt. Heiansdo – an d’Finale ass sécherlech e ganz gutt Beispill dofir – huet d’Show sech d’Saachen ze einfach gemaach, an et huet een d’Fiedem déi d’Geschicht zesummen halen, extrem gutt gesinn. Wann dem Walt erëm eng Kéier alles gelongen ass, wat en sech gewënscht huet, dann war d’Geschicht zwar matrappend, mä et huet een och ëmmer den Auteur hannendru gesinn. Zemools wann Klengegkeeten a senge Pläng net funktionéiert hunn, fir op eng méi zefriddestellend Aart a Weis geléist ze ginn – och hei ass d’Finale en exzellent Beispill.

An dach war d’Finale am Endeffekt, dee Schluss, deen d’Serie zu deem Moment wahrscheinlech gebraucht huet. Wéi schonn erwient, war et eng kloer Entwécklung iwwer béid Deeler vun der leschter, fënnefter, Staffel, dass de Fokus ëmmer méi op de Walt alleng geriicht gouf. Wou een an den éischten dräi Staffelen d’Dynamik tëscht dem Jesse an dem Walt als d’Haaptelement gesi konnt, an wierklech d’Verstopspill tëscht him a senger Famill zum Droe komm sinn, war déi fënneft (an deels och déi véiert) Staffel eng eenzeg Egoshow. Aus där Perspektiv eraus, war et logesch, dass déi lescht Episod sech op de Walt konzentréiert huet, an déi aner kaum zum Zuch bruecht huet. A sou war et net der Finale hir Schold, wann Breaking Bad am Endeffekt e manner gudden Androck hannerléisst, wéi et méiglech gewiescht wier.

D’Feeler goufen éischter gemaach: nämlech duerch d’steigend Marginaliséierung vum Jesse, deem säin emotionale Klimax an der Finale zwar wuel verdéngt ass, mä och der Geschichtszielung méi déngt, wéi dass e wierklech zefridde stellt. D’Marie an de Flynn gi kaum méi als Personnage wouer geholl, déi net just als Puzzlestécker am Walter White sengem Konstrukt vu Liewen déngen. An tatsächlech kréien de Badger a Skinny Pete méi ze schwätzen, wéi den Jesse oder d’Marie. Net well dat duerch fënnef Staffelen Breaking Bad hätt misse sou sinn, mä well déi lescht Staffel näischt anescht zougelooss huet.

An dach ass och dat net schlecht per se, wuel verstan. Wéineg Serien bréngen et iwwerhaapt fäerdeg, dass een iwwer fënnef Joer hin sech fir d’Liewen vu senge Personnagen esou intensiv interesséiert, wéi et bei Breaking Bad de Fall war. Dass net jidderengem konnt zu honnert Prozent Rechnung gedroe ginn, ass kloer. Opgrond vun der üblechen Erzielstruktur wier eng Montage wéi um Schluss vun The Wire bizar gewiescht, an en Iwwerbléck wéi bei Friday Night Lights hätt mech de Kapp rësele gedoen, och wann et fir déi Serie genee dat Richtegt war. An anere Wieder war dëst wuel déi beschtméiglech lescht Episod, déi zu dësem Zäitpunkt vu Breaking Bad konnt diffuséiert ginn.

Ass d’Konklusioun vu Breaking Bad also letztendlech zefriddestellend? Storytechnesch absolut. Fir déi Leit, déi “Yeah bitch, magnets” an dem Gustavo Fring säin hallefzerfriessend Gesiicht als Highlights vun der Show gesinn, hätt et sécherlech kee bessere Schluss kënne ginn. All d’lasse Fiedem gi scheinbar zesumme gesponnen, an zu engem fäerdege Produkt gestréckt, an deem zwar villes iwwerdriwwe schéngt, mä näischt der interne Logik vun der Show widdersprécht. Emotional allerdéngs, ass dat eng aner Saach a fir déi Fans, déi sech ëmmer eppes méi erhofft hunn eng kleng Enttäuschung.

An The Usual Suspects gëtt et déi ze dacks zitéiert Zeil, dass “The greatest trick the devil ever pulled, was convincing the world he didn’t exist.” Bei Breaking Bad, huet den Däiwel Walter White zum Schluss hin sech ganz oppe gewisen. De gréissten Trick, deen den Däiwel hei bruecht huet, war éier, dass et him gelongen ass, d’Leit dovun ze iwwerzeegen, dass en awer dach en Engel war. De Walt hëlleft dem Skyler, stellt sécher, dass fir seng Kanner gesuergt ass, gëtt dem Marie den Hank zréck, entsuergt déi béiste Mënschen, déi mer bis elo kannt hunn, a befreit zu gudder lescht nach den Jesse. Hie gewënnt um Schluss, an stierft glécklech, opgrond vun all deem wat e vollbruecht huet. Mä de Spectateur, dee sech mat him freet, huet eppes wesentleches mëssverstan, well dem Flynn, Skyler, Marie an Jesse hir Momenter vu Gléck sinn awer just eidel Victoiren, an den eenzegen deen nees eng Kéier alles krut wat e wëll, ass de Walt selwer.

A wéi den eponymen Antiheld vum Shelley sengem Gedicht, wat der drëttleschter Episod vu Breaking Bad den Numm gëtt, hannerléisst de Walt nëmme verbrannten Äerd, obwuel en denkt grousses erreecht ze hunn. An dat ass zwar poetesch, mä och schued, well fir déi beschten Tëleesserie aller Zäiten war et e bësse wéineg.

Prett fir den zweete Gank?
Ufank des Mounts gouf bei NBC entscheed, wéi eng vun hire Serie géifen erneiert, a wéi eng géifen ofgesat ginn. Vun all eenzelner Serie krute mer d’Decisioun… äusser vun Hannibal. Elo ass et offiziell: et wäert eng zweet Staffel ginn.

Ech gerode liicht an d’Schwäerme wann et ëm déi Serie geet, well se mer vun Episod zu Episod méi un d’Häerz wiisst. Allerdéngs hat ech méng Begeeschterung hei um Blog schonn eng Kéier zum Ausdrock bruecht, dofir loossen ech dat elo sinn. Mä et ass awer eng Geleeënheet fir e bëssi ze feieren, an dem Hannibal Lecter seng Liiblingsmusek ze lauschteren.

An zwar handelt et sech dobäi em deen éischte Saz vum Johann Sebastian Bach senge Goldberg-Variatiounen, d’Aria. Obwuel ursprénglech fir de Clavecin geschriwwen, gëtt se hautdesdaags och heefeg um Piano gespillt, sou wéi an dëser Versioun, gespillt vun engem vun deene bedeitendste Pianisten aus dem 20. Joerhonnert, dem Glenn Gould, deen et sech bei senge villen Opnamen ni konnt huele loosse, matzesummen.

Prost, an op déi zweet Staffel Hannibal!

Foto: Tumblr

The Americans
An dësem gëllenen Zäitalter vun der Tëlee ass et net méi all puer Joeren, mä all puer Wochen esou wäit, dass eng Serie ëm den Eck kënnt, déi jiddereen zum Schwätze bréngt. Während Game of Thrones a Mad Men nach ëmmer aktuell sinn, Homeland op seng drëtt Staffel waart, hu sech House of Cards an The Americans als nei kleng Rollespiller an der Diskussioun wat déi beschte Serien sinn, positionéiert.

Bei The Americans kann dat op den éischte Bléck net verwonneren. Eng Serie iwwer russesch Spiounen, déi e scheinbar normaalt Familljeliewen am Reagan sengem Amerika féieren, ass eng Prämiss, déi ech mer op jidder Fall net entgoe loosse wollt. Lo sinn ech bal mat der éischte Staffel duerch, a meng éischt Begeeschterung, déi ënnerstëtzt gouf duerch den impressionante Plot vum intensiv gedréit a geschniddene Pilot, ass emol ofgekillt.

Fir d’éischt emol läit dat un der Schwächt, déi esou Shows dacks hunn: se fält gewëssermoossen op de Klischee vum “chosen one” zréck, dee scho sou munnech Serie, Film a Buch an d’Laberente bruecht huet. D’Elizabeth Jennings (Keri Russell) a säi Mann Philip (Matthew Rhys) kommen engem all ze dacks vir, wéi wa se déi eenzeg Russen an Amerika wieren. An dofir si si net nëmmen dofir zoustänneg Informatiounen ze sammelen. Nee, si mussen och nach Leit ëm den Eck bréngen, kidnappen, a virun allem an hirer Absurditéit exponentiell steigend Missiounen duerchféieren, déi hinne vu Moskau matgedeelt ginn.

Dobäi halen si sech de gréissten Deel vun der Zäit awer net un dat, wat se gesot kréien a gefährden domat ëmmer méi de KGB am grousse Ganzen. Mä well si jo offensichtlech déi eenzeg Agenten op amerikaneschem Buedem sinn, an de Rescht vum KGB permanent wierken wéi inkompetent Nonfoutisten, mussen si dowéinst keng Konsequenze fäerten. Wéi jidderee weess, hunn d’Sowjets dat mam Gehorsam jo souwisou e bësse méi labber gesinn. Doduerch steet d’Haaptprämiss, déi déi meescht Spectateuren un d’Show op extrem fragile Been an leeft d’Gefor an Zukunft genee sou grotesk aus dem Rudder ze lafen ewéi et mat Homeland an der zweete Staffel geschitt ass.

Den Deel, dee besser funktionéiert bis elo ass den haislechen Drama, dee sech bei den Jennings doheem ofspillt. Eng Koppel, där hir Existenz op enger Ligen opgebaut ass probéiert duerch den Alldag ze kommen a seng Kanner vun hirer Realitéit ofzeschiermen. Och wann een sech heiansdo freet, wéi et méiglech ass, dass déi Kanner net mierken, dass hir Elteren zu de komeschsten Auerzäiten ënnerwee sinn an an der Kichen doriwwer streiden op se e Mënsch ëmbrénge sollen oder net, ass dat awer den interessantesten an am beschten exekutéierten Deel vun der Serie. Dëst kënnt haaptsächlech doduerch, dass en méi lues opgebaut ass, a sech méi Zäit léisst zum Ootmen an zur Entwécklung, während an der Spiounswelt engem permanent nei Saachen erzielt ginn, fir déi wéineg Ankerung existéiert.

D’Stäerkte vun der Serie ginn doduerch ënnerstëtzt, dass d’Niewerollen vu Leit wéi Derek Luke oder Susan Misner esou gutt gedroe ginn, dass een en direkte Wee zu de Personnage fënnt. D’Schauspiller ëm de Matthew Rhys an d’Keri Russell sinn insgesamt esou iwwerzeegend, dass et dacks liicht ass iwwert déi gréisser Schwächten déi d’Scripts zesummen hale sollten ewech ze kucken. Well soubal iergendeen e Monolog huet, fléien d’Fatzen an et ass ee begeeschtert wéi dat geschriwwent Wuert säi Wee op den Ecran fënnt.

The Americans huet en enormt Potential – mä scheitert am Moment drun fir déi richteg Balance tëscht senge Komponenten ze fannen. De Problem ass hausgemaacht, well een eng Geschicht wëll erzielen, déi am Backstage vun der politescher Weltbühn spillt, mä gläichzäiteg just e Mikrokosmus vun enger Famill duerstellt, déi mat sech selwer am Clinch läit. Am Moment gleewen ech drun, dass dat Ganzt ka gutt ausgoen. Allerdéngs sinn ech duerch Homeland virgewarnt. An e gebranntent Kand spillt bekanntlech net mam Feier.