TV yo1jwut9zsxixcfq4oi3

Publizéiert den 27.2.2015 | vum Chris Pesch

1

Bye bye, Parks and Recreation

Ech war néiergeschloen, wéi eng vu menge Lieblingsserien Parks and Recreation dës Woch op en Enn komm ass, well et ëmmer traureg ass, wann ee sech vun eppes muss trennen, wat engem jorelaang Freed bruecht huet. Ech weess, Tëlee kucken ass elo net onbedéngt eppes wat fir d’Welt bedeitend ass. Et gëtt wesentlech Schlëmmeres ze beriichten, wéi de Schluss vun enger Show, déi ni vill Succès bei den Zuschauer hat, an all Dag geschitt esou vill Ellenes op eisem Planéit, dass et frech ass, esou eppes banales esou vill Zeilen ze widmen. Mä ech denken net, dass ech ze wäit ginn, wann ech behaapten, dass mir mat Parks and Recreation eng vun de wichtegsten Ënnerhalungen vum leschte Joerzéngt verléieren – well et eng Serie war, déi ëmmer doru gegleeft huet, dass Mënsche kënnen hiert Gléck fannen, dass Guttsinn sech bezuelt mécht, an déi Humor kreéiert huet, ouni béishaft ze sinn (ofgesi vun der Behandlung vum Garry/Jerry/Larry/Terry (Jim O’Heir), deen awer trotzdem ni onglécklech war).

Parks and Recreation war als Sitcom de Simpsons ëmmer méi no wéi anere live action Serien. Do wou sech eng üblech Sitcom fir en zentrale Cast vu Personnage interesséiert, ass Parks and Rec ëmmer der Iddi nogaang fir dëse Cast an enger liewege Stad vun dacks iwwerdriwwe gezeechente, mä dofir ëmsou méi ënnerhalsame Figuren, anzebetten. Dass dëst sou si misst, ass nëmme logesch, well hei ass et dorëm s gaang eng Geschicht ze erzielen, an där e Grupp vu Mënschen ëm d’vum Amy Poehler gespillte Leslie Knope probéiert d’Liewe vun de Leit an enger Klengstad an Indiana ze verbesseren, an ëmmer rëm mam Mangel u Versteesdemech vun de Bierger an dëser Stad konfrontéiert goufen – sief et de Räichen, wéi der Newport Famill, oder de konservative Langmans, oder och dem ganz einfache Plebs. Wéi kéint een dat besser maachen, wéi an deem een der Stad eng scheinbar onendlech Panoplie u skurrile Charakteren gëtt, déi mol méi, mol manner hëllefräich si wann et ëm d’Verbesserung vun hirem eegene Liewe geet.

Gestruewelt hu se vill – virun allem d’Leslie Knope, e Personnage, deen a sech all d’Verspriechen an d’Enttäuschungen vun engem post-Obama Amerika vereenegt. Ausgestatt mat engem Aarbechtsäifer ouni Grenzen, an der permanenter Iwwerzeegung, dass all klenge Geste eng grouss Wierkung hu kann, ass et ëmmer nees bäigelaf. An awer huet et ni opginn an domat esouguer seng gréissten Zweifler op seng Säit gezunn. Wien an der siwente Staffel d’Bezéiung vum Leslie zum wuel beléifteste Personnage vun der Serie, dem Ron Swanson (Nick Offerman), gesäit an den déiwe Lien tëscht hinne bewonnert, sollt net vergiessen, dass si ufanks alles anescht wéi Frënn waren. Parks and Rec huet dës Relatioun no an no opgebaut, an och hei nees gewisen,  dass seng Weltsiicht net vill Negatives zouléisst.

A spéidere Staffelen war Parks and Rec net nëmmen eng vun de witzegste, mä och eng vun den emotional zefriddestellendste Sendungen. Well all Moment vu Freed, deen et bei Hochzäiten, neie Beruffschancen oder ähnlechem gouf, huet sech d’Serie duerch eng gekonnte Charakterentwécklung verdéngt. Virun engem Joer hunn ech HIMYM kritiséiert, well et mat der Zäit seng Personnage pervertéiert huet, an hinnen hir ursprénglech Essenz ewech geholl huet. Bei Parks and Rec ass dat ni geschitt. En April (Aubrey Plaza) oder Tom (Aziz Ansari) hu sech weiderentwéckelt, mä ni den Ursprong verluer. Heiansdo waren d’triumphal Momenter vläicht ze vill des Gudden, mä et däerf och nach op der Tëlee Programmer ginn, déi engem net mat purem Zynismus dat Ellent am Mënsch weisen (och wann dat och immens si kann), mä sech dofir asetzen, dass een och alt emol eng Tréin vu Freed verdréckt.

Ob een elo awer dës emotional Momenter gutt geheescht huet oder net, et kann ee kaum bestreiden, dass all Episod enorm vill Humor a sech stiechen hat. D’fantastesch Idiotie vun engem Andy Dwyer (Chris Pratt), dem Chris Traeger (Rob Lowe) säin Enthusiasmus oder och déi ni net witzeg Nervositéit vum Ben Wyatt (Adam Scott) suerge fir Zeenen, déi een ëmmer an ëmmer rëm mat Genoss kucke kann. Vun der sechsten Episod an der éischte Staffel bis zur véierte Staffel huet Parks and Rec am Fong alles richteg gemaach, an domat eng Rei vun Episode gebueden, déi absolut Klassiker sinn, sief et elo “Pawnee Zoo”, “The Flu”, déi puer Variante vu “Ron and Tammy”, “Fancy Party” oder och “Smallest Park” oder “The Comeback Kid”.

Déi fënneft a sechst Staffel hunn Unzeeche vun der fir quasi all Serie normal e Middegkeet gewisen, wa bis de gréissten Deel vun de méiglechen Handlungen erzielt gouf. Schlecht gouf Parks and Rec dowéinst am Géigendeel zu sengem mentale Virbild (The Office) awer ni. Déi lescht a siwent Staffel huet dunn awer nach emol all dat op den Dësch bruecht wat d’Serie zu engem vu mengen absolute Favorite gemaach huet. Onerwaarte Witzer. Kleng Konflikter, déi opgebauscht ginn, an duerno mat ëmsou méi Brio geléist ginn. A virun allem de fir Sitcoms absolut ontypesche Respekt fir seng weiblech Personnagen.

Parks and Recreation war eng vun de beschte Serien, déi et an de leschten zéng Joer gouf – et war eng absolut Freed se live mat ze erliewen, an et wäert och ëmmer e Genoss bleiwen sech eenzel Folgen nach emol unzekucken.

Tags: , , , , , , ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



Eng Reaktioun op Bye bye, Parks and Recreation

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑