Perséinleches routwaeissgro-premiere-diffusion

Publizéiert den 4.9.2015 | vum Chris Pesch

1

Auswäertsmatch

Lo läit de gudde Blog zënter Méint brooch, an ech benotzen en och lo just fir dorop opmierksam ze maachen, dass ech en Artikel fir de Magazin forum geschriwwen hunn. Den Artikel ass eng Kritik vun der RTL-Serie routwäissgro a wéi ech fannen –ouni natierlech iergendwéi virageholl ze sinn – relativ liesenswäert.

Hei den éischten Abschnitt aus dem gudde Stéck mam Titel “Luxemburg ‘ohne Filter’”:

Den grauen Alltag grauer Mäuse, nichts anderes erwartet man sich beim ersten Blick auf den Titel routwäissgro. Das hoffnungsvolle Blau der Luxemburger Fahne wird ersetzt durch einen Farbton, der etliche Nuancen bietet, und sich darüber definiert, weder (schwarz) noch (weiß) zu sein. Besonders subtil ist die Namensgebung nicht, doch passt sie zeitlich wunderbar zur Identitätssuche auf der sich Luxemburg im Jahr 2015 befindet. Ob der Lëtzebuerger Film Fong und RTL bereits ahnten, welche Debatte im Marienland toben würde als sie der Produktion von routwäissgro grünes Licht gaben?

Fir de Rescht ze liesen, musst der awer schonn déi 6 € riwwer réckelen fir de forum ze kafen.

A fir déi Leit, déi de forum gelies hunn an dowéinst hei geland sinn: wëllkomm a fillt Iech wéi doheem, et gëtt zwar net vill Neits, mä awer dofir Artikel, déi bis an d’Joer 2006 zeréck reechen. Also tobt Iech aus.

Foto source: filmfund.lu

Tags: ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



Eng Reaktioun op Auswäertsmatch

  1. Joël seet:

    Ech hu mech zimmlech gefreet, wéi ech gesinn hunn, datt s du eppes fir de forum geschriwwen haas an kann nëmmen all Mensch recommandéieren, déi Zäitschrëft ze abonéieren oder rauszefannen wou een se klaue kann. Keep up the good work.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑