Links 5-things-you-might-not-know-about-ridley-scott-alien

Publizéiert den 7.3.2015 | vum Chris Pesch

0

A-link

Aliens

rogerebert.com De Matt Zoller Seitz kuckt mat sengem 11jährege Jong an deem senge Frënn de Film Aliens a schreift iwwert dës Experienz.

The Dissolve A well an de Kommentaren zu dësem Artikel vill Leit hir Suergen doriwwer ausgedréckt hunn, dass hien dëse Film mat Kanner gekuckt huet, gëtt hei erkläert firwat dës Suergen onbegrënnt sinn.

Criticwire Inspiréiert vun dëser Diskussioun erziele bei Criticwire eng Rei Kritiker wat hiren éischte Film war, dee se gesinn hunn, wou Leit vläicht soe géifen, dass si eigentlech ze jonk dofir waren. Erstaunlech fir wéi vill vun hinnen d’Äntwert effektiv och Aliens ass. Ech si mir net sécher, wéiee Film mäi Choix wier, mä ech hu mat 10 Joer dem Harmony Korine säi Kids gesinn a ganz wéineg verstan.

Film

Thought Maybe Den Oscar-Gewënner 2014 fir de beschten Documentaire, Citizen Four, deen den Edward Snowden um Wee zu sengen Enthüllungen begleet, kann ee sech hei fir näischt ukucken.

TV

The Guardian Am Guardian gëtt d’Tatsaach, dass Broadchurch fir eng drëtt Staffel zeréck kënnt kritiséiert. Wéi eng ganz Rei Serie virdrun hätt dës ITV-Show de Moment verpasst fir ofzesprangen. Engersäits huet den Auteur Recht: déi zweet Staffel ass bei wäitem net un déi éischt eru komm, mä ech hunn awer definitiv kee Problem domat dem Olivia Colman an David Tennant nach e puer Stonnen nozekucke, wéi se sech géigesäiteg uschnauzen.

Wort.lu Eng Kritik vu mir zu Better Call Saul, dem Nofolger vu Breaking Bad. Nach gëschter hat ech e lëschtege Moment, wéi e Schüler gemengt huet mir soen ze missen, ech misst onbedéngt eng Kéier déi Show Breaking Bad kucken – wéi schéin, dass et nach Jonker gëtt, déi hir Proffen net googlen.

Musek

B4-XVI En Tumbler Blog, dee weist, dass HipHop sech all ze dacks bei mëttelalterlecher a Renaissance Konscht ze inspiréiere schéngt.

 

 

Tags: , , ,


Iwwert den Auteur

De Chris huet Pianocktail 2006 gegrënnt an ass säit 2011 am Enseignement täteg. Him gefällt alles. Soulaang et gutt ass.



Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Zeréck zum Ufank ↑