Green Book ass kee “feel-good movie”.

De Mahershala Ali wäert nächste Sonndeg säin zweeten Oscar fir de beschten Niewenduersteller gewannen. Ma komescherweis hëlleft grad dëst fir ze illustréieren, firwat dem Peter Farrelly säi Green Bookkee gudde Film ass. Domat wëll ech kee Waasser op d’Mille vun deene schëdden, déi soen en Oscar ze gewannen wier näischt Prestigiéises – nee, et ass de Fakt, dass den Ali den Niewenduersteller an dësem Film ass, dee weist, dass seng narrativ an politesch Absichten komplett verkéiert sinn.