Tëlee am Joer 2015

Archer. Better Call Saul. Black-ish. Bob’s Burgers. Broadchurch. Brooklyn Nine-Nine. Chef’s Table. The Daily Show with Jon Stewart. Daredevil. Game of Thrones. Girls. The Great British Bake-Off. Hannibal. Inside Amy Schumer. Jessica Jones. Key and Peele. Les Revenants. Louie. Masters of Sex. Mr Robot. New Girl. Sense8. Show Me a Hero. Silicon Valley. Supergirl. Survivors Remorse. The Good Wife. The Grinder. The Last Kingdom. The Last Man on Earth. Last Week Tonight.  Transparent. Unbreakable Kimmy Schmidt. Veep… iergendwann gëtt et engem awer alles ze vill.

2015 war d’Joer an deem op eemol kee méi – dir vläicht, ech net – den Iwwerbléck iwwert dat gehalen huet, wat alles op der Tëlee ze gesi war. A souguer wann ech et wousst, hätt ech mech Orphan Black-style klone missen fir all dës Serien ze kucken. Vläicht wier souguer een dobäi gewiescht, deem True Detective gefall hätt. Op alle Fall gouf et eelef Serien, déi fir mech iwwert allem anere stoungen.

11. You’re the Worst

Huet mech déi éischt Staffel vu You’re the Worst komplett iwwerrascht, sou ass déi zweet eng aner Geschicht, well d’Erwaardungen déi Kéier natierlech anerer waren: existenter. An no engem luese Start, deen gewierkt huet, wéi wann d’Serie sech op dat konzentréiere wéilt, wat dat éischt Joer sou erfollegräich gemaach huet, ass déi zweet Hallschent vun der Staffel eng vun den interessantesten, déi ech jee am Comedy-Genre gesinn hunn. Weiderhin extrem witzeg, huet You’re the Worst sech mat dem Thema Depressioun engem besonnesch komplizéierte Sujet ausgesat.

10. Parks and Recreation

Parks and Recreation hat iwwert déi lescht puer Joer nawell u Schwong verluer, an ass awer ëmmer eng vun de witzegste Shows op der Tëlee bliwwen. A sengem leschte Joer huet e cleveren Zäitsprong no vir an d’Joer 2017 nei Reizer gesat, an deenen d’Leslie sech mam Ron zerstridden a verséint huet, den Andy nei Weeër gaang ass an de Jean-Ralphio säi leschte groussen (idiotesche) Coup geland huet. Déi lescht Staffel vu Parks and Rec war exzellent, an déi lescht Episod ee vun de beschten Äddien, déi ee sech wënsche kéint.

9. Halt and Catch Fire

Déi éischte Staffel vun Halt and Catch Fire, enger Serie iwwer Computerentwéckler an den 80er, war relativ ustrengend. D’Personnagen hunn ufanks net funktionéiert, d’Story war ze speziell an d’Erzielweis ze opreiwend fir eng Narrativ, déi eng méi subtil Approche gebraucht hätt. Mä am Laf vum éischte Joer hunn d’Leit hannert der Serie no an no de richtegen Toun fonnt, deen dunn am zweete Joer richteg Friichte gedroen huet. Duerch e méi grousse Fokus op déi weiblech Personnagen ass Halt and Catch Fire e wesentleche qualitative Sprong gelongen, deen och de männleche Protagonisten weidergehollef huet. Alles ass ewell méi entspaant an doduerch méi glafwierdeg. Kee Wonner, dass ech no méintelaangem Waarden haart gejubelt hunn, wéi awer eng drëtt Staffel annoncéiert gouf.

8. Rectify

Et soll jo Leit ginn, déi Rectify primär kucken, well se wësse wëllen ob den Daniel Holden schëlleg ass oder net. Ech denken, déi Leit hunn de Sënn vun der Serie komplett verfeelt. Rectify geet a senger drëtte Staffel, wouran den Daniel nach ee Mount huet, bevir en d’Stad an där e grouss ginn ass, verloosse muss, zwar endlech konkret der Fro no ob den Daniel seng Frëndin ëmbruecht huet oder net, mä et bleift weiderhin vill méi interessant ze gesinn, wéi dës Evenementer déi involvéiert Personnagen beaflossen, mathuelen a veränneren. Vum Amantha, dat endlech realiséiert, dass et vill Joer vu sengem Liewen an e Kampf investéiert huet, deen et net gewanne konnt, bis natierlech zum Daniel, dee weiderhin domat struewelt mam Liewen a Fräiheet eens ze ginn, gëtt de Bléck mat esou vill Suerg op d’Protagoniste vun der Serie an hiert Séileliewe geluecht, dass d’Fro vu Schold oder net eigentlech niewesächlech bleift. Et gouf dëst Joer zwar just 6 Episoden, mä dat geet duer fir sech wochelaang Gedanken ze maachen.

7. Master of None

Ech sinn dem Aziz Ansari opgrond vu senger Aarbecht an Parks and Recreation a sengen exzellente Stand-up specials jo souwisou scho méi wéi positiv gestëmmt. Mee seng Serie Master of None, déi, wéi keng aner Show – ausser vläicht Broad City? – mam Mysterium Millennials opraumt a gläichzäiteg Theme wéi Rassismus, Bezéiungen tëscht de Geschlechter a verschiddene Generatiounen usprécht, ass einfach trotzdem nach eng Kéier besser wéi ech mer vun him erwaart hätt. Master of None ass wéi Louie eng Comedy, déi sech net mat där Kategoriséierung zefridde gëtt, respektiv där Kategorie neit Liewen anhaucht.

6. The Leftovers

2% vun der Mënschheet si vun engem Moment op den aneren einfach fort, an déi, déi iwwreg bleiwen, musse kucken, dass se eens ginn. Kléngt no enger typescher Mystery-Serie, ass awer vill méi eng héich philosophesch a spirituell Affär. Wéi gi Mënsche mat Verloscht ëm, wéi traitéiere mir déi Saachen am Liewen, déi mir eis net erkläre kënnen? The Leftovers kuckt a senger zweeter Staffel nach emol méi staark wéi am éischte Joer fir sech mat dëse Froen auseneen ze setzen, a wie mengt vun der Serie kloer Äntwerten kréien ze mussen, gëtt enttäuscht. The Leftovers regt, wéi bal keng aner Serie zum Nodenken un, an mécht sech eng Freed doraus Rätsel opzewerfen, deenen hir Äntwerten dacks méi einfach sinn, wéi een ufanks erwaart. Dem Justin Theroux a Carrie Coon hir Performancen an dëser zweete Staffel ware subtil an awer ëmmer zougänglech, och wann hir Personnage selwer net verstanen hunn, wat mat hinne geschitt. E staarkt Joer fir eng Serie wéi et keng aner gëtt.

5. BoJack Horseman

BoJack Horseman huet e Joer gebraucht fir rauszefannen, wat genee, dass d’Serie ass. An wéi sou dacks an dësem Artikel, ass et rëm déi zweete Staffel, déi eng Schëpp drop geluecht huet. Obwuel de BoJack neie Succès fonnt huet, an endlech sengem Kandheetsdram de Secretariat ze spillen, méi no kënnt, bleift hien onzefridden. A spéitstens hei misst jidderengem kloer ginn, dass dëst keng topesch Hollywoo(d)-Satir ass, mä vill méi eng Comedy, déi sech traut en Thema wéi Depressioun eeschthaft unzespriechen. BoJack Horseman ass thematesch méi no un Mad Men drun, wéi u Quatsch à laEntourage. An natierlech kritt d’Serie Bonuspunkten fir d’Bottle-Episod, an där den J.D. Salinger als Showrunner vun enger absolut onsënneger Gameshow optrëtt.

4. Fargo

Schonn an der éischte Staffel vu Fargo gouf déi zweet ugedeit, mat net extrem subtile Referenzen op e Massaker, dat am Joer 1979 zu Sioux Falls ugeriicht gouf. Dës zweet Staffel an der Anthologie mécht d’Rees zeréck an der Zäit, gëtt dem Patrick Wilson d’Haaptroll, besetzt de Rescht vum Cast mat de wonnerbaren Jean Smart, Ted Danson, Kirsten Dunst, Jesse Plemons, Bookeem Woodbine, Cristin Milioti an Nick Offerman fir nëmmen e puer ze nennen, a fiert am Fong do virun, wou déi éischt opgehal huet. E verréckten Alien-Subplot gesellt sech zu engem Drama ëm en eskaléierende Bandenkrich, an dee rëm eng Kéier ganz normal Bierger mat eragezu ginn. E Mix aus No Country for Old MenBlood Simple an The Man Who Wasn’t There gesellt sech zu Motiver aus dem originale FargoFilm, Referenzen zu The Big Lebowski an Miller’s Crossing. Mä wéi scho bei der éischte Staffel ass dëst net just en Hommage un d’Coens, mä seng eege Geschicht, mat eegene Wäertvirstellungen.

3. Review

Sou ganz ouni Wäertvirstellungen kënnt déi zweet Staffel vu Review aus, an där dem Forrest MacNeil säi Liewen nach e Krack méi verduewe gëtt, wéi et an den éischten néng Episoden de Fall war. Review ass “cringe comedy”, an geet an dësem Joer haart un d’Grenze vun deem wat nach ze erdroen ass. Mä am Endeffekt ass et ganz einfach faszinéierend dësem Personnage säin Asaz fir seng komplett sënnlos TV-Show mat ze erliewen, an där en an dësem Joer esou schéin Experiencen duerchliewen – an natierlech bewäerten – dierf wéi e Kult ze grënnen, mat engem Boot eraus op d’Mier ze fueren, an – wéi sollt et anescht sinn? – Mord. Review ass sécher näischt fir all Mënsch, mä déi Leit, déi The Officeoder Stromberg gutt fannen, sollten sech hei ganz doheem fannen.

2. Mad Men

Oh Mad Men, du wonnerbar Serie. No aacht Joer an deene Mad Men konkurrenzlos un der Spëtzt vu menger Gonscht stoung, huet et 2015 geheescht Äddi soen zu der beschte Serie, déi ech materliewen duerft während se effektiv gelaf ass. Nei Problemer sinn opkomm, puer Problemer si geléist ginn, SC&P ass alt nees eng Kéier geplënnert, den Don huet sech op de Wee gemaach fir sech rëm emol selwer ze fannen, d’Joan an d’Peggy hunn de Männer weiderhin gewisen, dass et Zäit gëtt si eescht ze huelen, d’Betty krut endlech e Moment zougestan, duerch deen et fir all Mënsch zu deem geniale Personnage ginn ass, deen et fir mech nach ëmmer war, an de Glenn ass och alt rëm eng Kéier laanscht komm, fir bescheed ze soen, dass en an de Vietnamkrich zitt. War de Schluss esou gutt wéi déi éischt fënnef Staffelen? Wahrscheinlech net, mä alleng déi lescht Episod an där dem Don seng Geschicht, genee sou wéi déi vun allen aneren op en zefriddestellende Schluss koum, ass Grond genuch fir Mad Men weiderhin trei bliwwen ze sinn.

1. The Americans

Ech ginn zou, dass ech nach ëmmer net all Kéier verstinn, wat genee de Philip an d’Elizabeth maache sollen a firwat, dass dës Aktiounen fir d’Sowjets wichteg sinn. Mä an dëser drëtte Staffel vun The Americans huet d’Serie, déi och virdru schonn exzellent war nach emol e Sprong no vir gemaach. Hir Missioune gi méi spannend, hir Zweifel gi méi grouss a virun allem ass hiert Liewen doheem ewell esou komplizéiert, dass dat alleng géif duergoen fir eng genial Serie ze produzéieren. Setzt een dann d’Elementer vum Spionagedrama dobäi, déi Onmassen u moralesche Froen, déi sech doduerch stellen, an och nach déi genial Intimitéit, déi iwwer dräi Joer tëscht de Personnagen gewuess ass, da kann een net anescht wéi The Americans als déi bescht Dramaserie, déi momentan leeft, ze declaréieren. Episode wéi “Do Mail Robots Dream of Electric Sheep?” zeugen net nëmme vun de Showrunner hirem Sënn fir wonnerbar Episodentitel, mä och vun engem Versteesdemech fir d’Ufuerderungen un e spannend TV-Drama. An am Joer 2015 gouf et näischt méi spannendes, näischt besseres wéi The Americans.

Posted in: TV

Leave a Reply